Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass e raut Geschäft"

Zensur a Meenungsfräiheet

"Et ass e raut Geschäft"

Den tierkesche Journalist an Auteur Can Dündar ass op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an der Abtei Neimënster fir e Gespréich iwwer Zensur a Meenungsfräiheet. Mir konnten eis am Virfeld mam Can Dündar ënnerhalen an hunn iwwer déi besonnesch Ëmstänn vun dëser Visite mam Henning Marmulla vum Institut Pierre Werner geschwat.

auto_stories

4 min

Ären Numm steet fir de Kampf fir Meenungsfräiheet a géint Zensur. Gouf et an Ärem Liewen en Ustouss fir dëse Kampf? Oder ass et ganz einfach eng Liewensastellung, déi Dir hutt? Respektiv, déi Dir vu kleng op vermëttelt kritt hutt?

Wann s de e Journalist an der Tierkei bass, dann ass d'Roll vum Fräiheetskämpfer Deel vum Geschäft. Du kanns deem net entkommen. Journalismus ass wierklech e riskant Geschäft. Dofir muss de couragéiert sinn a bereet fir all Zorte vu Festnam. Am Prisong sëtzen oder souguer attackéiert oder ëmbruecht ginn. Ech hunn eng ganz Rëtsch Kollegen, déi an dësem Kampf ëm d'Liewe komm sinn. Iwwer déi lescht Joren ass et ëmmer méi zur Hell op Äerde ginn.

Hutt Dir Iech viru Jore scho kënne virstellen, datt Dir emol an dëser Situatioun wäert sinn, wéi elo?

Et ass schwéier fir mech als Journalist. An der Schoul hu mir geléiert, datt mir net Deel vun esou Ausenanersetzunge solle sinn. An, datt mir objektiv solle sinn an ethesch fräi vun all politeschem Kampf. Mä mir hunn dat alleguer als Witz opgeholl, well mir eis Fräiheet, eise Beruff, eist Land eis selwer an eis Famill protegéieren. Ech sollt als Journalist Leit interviewen an net Iech een Interview ginn, mä dat war mäi Choix. Ech gouf forcéiert et esou ze maachen. Onglécklecherweis, wéi ech wollt ee gudde Schrëftsteller ginn, sinn ech ee Fräiheetskämpfer ginn.

Är Roll huet sech sécher am Laf vun der Zäit geännert. Zwee vun Äre Bicher an deenen Dir rezent Erliefnisser verschafft, goufen op Däitsch iwwersat, an zwar "Lebenslang für die Wahrheit: Aufzeichnungen aus dem Gefängnis" an "Verräter: Von Istanbul nach Berlin". Dir hutt eng gutt Zuel Bicher méi op Tierkesch publizéiert an eng Rei Documentairë gemaacht, a wéi Dir gesot hutt, als Journalist sidd Dir bestänneg op der Sich no der Wourecht. Mä wat heescht Wourecht fir Iech?

Et ass schwéier, fir d'Wourecht an dësen Ëmstänn erauszefannen. D'Noriichte si verbueden an du kanns déi aner Säiten net erreechen. Du kanns net all Chaîne kucken. Stellt Iech vir, Dir sidd an engem Land, wou de Premierminister Iech leschte Mount ugeruff huet fir ze soen, Dir sollt Iech an de Krichsaffäre wéi en Nationalist an net wéi ee Journalist verhalen. Et sollt ee ganz virsiichteg iwwert de Krich informéieren a keng Informatioune vun der anerer Säit ginn. Et sollt ee ganz virsiichteg sinn, wat de Verloscht vun der tierkescher Arméi ugeet an et sollt ee keng Informatioun vun der auslännescher Press iwwerhuelen. Wann s de dem Public d'Wourecht géifs soen, kéims de an de Prisong. Et ass eng schwiereg Entscheedung fir tierkesch Journalisten hautdesdaags. An dofir soen ech Iech, et ass ee raut Geschäft.

Can Dündar, Dir hutt Äert Zil, nämlech eng méi westlech orientéiert Tierkei trotz Prisong, probéiertem Attentat, weider ugekënnegte Prisongsstrofen, an alldeegleche Menacen net opginn, och elo am Exil net. Wat sinn alldeeglech Schwieregkeeten, deenen Dir begéint, Är offiziell Websäit ass zum Beispill zougemaacht ginn. Dir schreift awer op der däitsch-tierkescher Websäit özgürüz.org, op wat musst Dir an Ärer Aarbecht oppassen?

Ech fille mech ëmmer méi zu eisem Kampf verflicht, well alles wat si gemaach hunn, ass fir eis dovunner ofzehalen, d'Wourecht ze zielen. Duerfir sollte mir eis fir eis Cause asetzen. Meng Frënn sinn am Prisong, meng Famill dierf d'Land net verloossen, an ech sinn am Exil, wäit ewech vun der Tierkei a menger Famill. Ech fille mech der Fräiheet vu mengem Land verflicht, an duerfir huet alles, wat si gemaacht hunn, mech méi couragéiert gemaacht. Et huet mech bestätegt an deem, wat ech maachen, an datt mir net sollen opginn, well mir soss verluer hunn. Net nëmme mir hätten da verluer, mä déi ganz Tierkei hätt verluer an och Europa, déi dann enger islamistescher Regierung géigeniwwer stéing, amplaz vun enger sekulärer Tierkei. Et ass e wichtege Kampf fir eis Zukunft, fir eis Kanner a fir d'Zukunft vun der Regioun.