Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Et ass eist Zil, an d'Regierung ze kommen”

ADR

“Et ass eist Zil, an d'Regierung ze kommen”

D’ADR hätt bei den nächste Chamberwahlen déi bis elo "bescht Méiglechkeet" fir an d'Regierung ze kommen, mengt de Gast Gibéryen. D'CSV wär an deem Fall de "logesche" Koalitiounspartner, esou den ADR-Deputéierten.

auto_stories

2 min

Bis elo wären an der Chamber ëmmer Majoritéiten zustane komm, ouni datt déi aner Parteien d'ADR dofir gebraucht hätten, seet den déngschteelsten ADR-Deputéierten. De Gast Gibéryen ass awer optimistesch, datt dat sech d’nächst Joer ännert: "Mir hunn als ADR vill aus der Oppositioun eraus erreecht, mä et ass trotzdeem d'Zil, fir an eng Regierung ze kommen. A mir sinn der Iwwerzeegung, datt déi nächst Wahlen déi bescht Méiglechkeet sinn, déi mer bis elo haten, fir an eng Koalitioun ze kommen.”

D'CSV wär e "logesche" Koalitiounspartner

Wann et géing geléngen an eng Regierung ze kommen, da wär d'CSV de "logesche" Koalitiounspartner. Eng Koalitioun mat enger vun den aktuelle Regierungsparteie géif d'ADR "net ausschléissen", et wär awer wahrscheinlech "schwiereg" en Accord mat enger vun de "Gambia-Parteien" ze fannen, esou de Gast Gibéryen. Déi aktuell Regierung hätt nämlech vill Decisioune geholl, déi net am Aklang mam Wahlprogramm vun der ADR sinn. Mat der CSV géifen et "méi gemeinsam Punkten ginn", an dofir wär et "vun der Logik hir, méi normal", eng Koalitioun mat der CSV ze maachen.

Op e konkret Wahlzil wëllt den ADR-Deputéierten sech awer net festleeën: "Ech hoffen, datt mir bäigewannen, op dat elo 4, 5 oder 6 oder 7 Sëtz sinn." Et géif hien "optimistesch stëmmen", datt vill Leit an d'Partei antrieden. Sou wären d’lescht Woch nach 35 nei Membere vum Nationalcomité nei opgeholl ginn: "Mir steieren elo op 2100 Memberen zou. Dat ass eng Stabilitéit, déi mir bei eis an der Partei hunn, déi lues wiisst. Mir hu praktesch keng Ofgäng." Mëttlerweil géifen och vill Jonker der Partei bäitrieden.

De Joe Thein ass véier oder fënnefmol verwarnt ginn

Vum Joe Thein huet de Gast Gibéryen sech op en Neits distanzéiert. De Péitenger Gemengeconseiller war am Mäerz aus der ADR ausgeschloss ginn, nodeems hien e Facebook-Kommentar geliked hat, an dem dem Ausseminister Jean Asselborn en ähnlechen Doud gewënscht gouf, wéi dee vum John F. Kennedy, deen 1963 erschoss gouf.

De Joe Thein hätt sech no bausse fir eng Linn agesat, déi "esou vun der Partei net ka vertruede ginn.” Zum Beispill, hätt hien als President vun der ADR-Jugendsektioun e Kongress vun der däitscher AfD besicht, "obschonn d'Partei gesot huet: Et geet keen dohinner." De jonke Politiker wär dofir véier bis fënnefmol verwarnt ginn. De Joe Thein wär also net just wéinst sengem ëmstriddene Facebook-Like ausgeschloss ginn, mä well e "virdru schonn esou vill Verwarnungen kritt hat," esou de Gast Gibéryen.