Radioen

On air

Espresso Beats  |  Amber Mark - Lose My Cool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass eng Marchéslogik"

Logement

"Et ass eng Marchéslogik"

D'Chambre immobilière - den Interesseverband vun Immobilienagenten, Promoteuren a Syndikater - bedauert, datt net méi staark op de Privatsecteur zeréckgegraff gëtt, fir d'Problemer um Wunnengsmaart ze léisen, seet hire President de Jean-Paul Scheuren.

auto_stories

3 min

De President vun der Chambre immobilière Jean-Paul Scheuren

De Jean-Paul Scheuren versteet zum Beispill net, firwat e Projet, deen d'Chambre immobilère scho viru Joren entwéckelt huet, ni opgegraff gouf. D'Promoteuren hate proposéiert, selwer Wunnengen ze bauen a fir e moderéierte Loyer vun zéng Euro de Meter Carré ze verlounen, ouni staatlech Subventioun, mat just der Garantie, datt se niddereg Zënse garantéiert kréichen.

Dee Modell wier am Logementsministère blockéiert ginn, sou de Jean-Paul Scheuren. Hien hätt der Ministesch Sam Tanson dee Projet Mëtt Mee nach eemol virgestallt: "Si war sech eigentlech net bewosst, datt de Projet bei hir am Haus blockéiert huet. Si huet gemengt, en hätt am Ministère des finances blockéiert. Wat awer net de Fall war, well mir do eigentlech ganz positiv Echoe kritt hunn."

Eng Fro vun Offer an Demande

Et ginn um Lëtzebuerger Wunnengsmaart zwee Problemer, seet de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre immobilière. Engersäits feelt et u Wunnengen, déi Leit mat engem nidderegen Akommes fir en abordabele Präis loune kënnen. An et feelt anerersäits och u Wunnengen, déi Leit aus méi héijen Akommeskategorië fir en akzeptabele Präis kafe kënnen.

Deen zweete Problem ass u sech eng logesch Konsequenz vun de Maartreegelen, sou de President vum Interesse-Verband vun Immobilienagenten, Promoteuren a Syndikater. Um Marché géifen et ëmmer Offer an Demande ginn:

"Dat gesäit een am allerbeschten, wann een emol net den Neibau, mee de Bestand kuckt. Dat sinn all déi Leit dobaussen, déi iergend eng Wunneng ze verkafen hunn: Si gesi jo wéi de Marché op déi Wunneng reagéiert. Et ass jo elo net, wéi wann déi Wunnengen elo ganz bëlleg géife verkaaft ginn, an déi aner méi deier. Et ass eng Marchés-Logik. An da muss ee soen: Wann een eng Demande huet, déi héich bleift, wat mir jo hunn, da muss een d'Offer vergréissere fir bäizekommen, fir datt een dat am Grëff behält. "

Firwat ginn Immobilien net verkaf?

De President vun der Chambre immobilière, mengt net, datt Spekulatioun den Haaptgrond ass, firwat vill Proprietären hir Terrainen net an d'Vente ginn. De Wäert vun de Bauplaze geet all Joer fënnef bis sechs Prozent an d'Luucht, dat wier zwar um Pabeier e gudde Rendement, mee dat wieren trotzdem Suen, déi een net kréich. "Dat ass wéi wann ech op der Bourse kucken an ech hunn eng Aktie kaf, da kucken ech all Dag, wéi se erop- an erofgeet, ech kréien déi Suen awer nëmmen dee Moment, wou ech se verkafen."

De Problem ass fir de Jean-Paul Scheuren, datt een net wéisst, firwat déi Leit net wéilte verkafen. "Oder ob déi Leit am Gaange sinn eng Prozedur ze maachen, ob do Kontrakter ënnerschriwwe gi sinn op deenen Terrainen, mir wëssen et jo am gréissten Deel vun de Fäll net."

Subventiounen hunn e Limitt

Net-kommerziell Acteure wéi de Kierchefong, soss Associatiounen a Fondatioune kënnen de Bau vu Sozialwunnenge jo elo iwwer Konventiounen zu 75 Prozent vum Staat subventionéiert kréien. Ze mengen, dat géif de Problem léisen, wier awer eng Illusioun, wann ee sech d'Envergure vum Problem richteg bewosst mécht. Et géif een da vun Dausende vu Wunnenge schwätzen, an dat kéint ee mat deem Modell vu 75 Prozent Subsiden net léisen. "Dat ass guer net dran, well dofir sinn d'Keese vum Staat net staark genuch."

Him wier - och wann dat gezielt gëtt - kee Projet vun engem private Promoteur bekannt, dee vun deene 75 Prozent profitéiert, sou de Jean-Paul Scheuren. Am Fong kéint dat och guer net sinn: D'Gesetz géif privat Acteuren nämlech explizit ausschléisse vun där Méiglechkeet.