Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass eng nei Realitéit"

Deconfinement

"Et ass eng nei Realitéit"

Souwuel fir d'Kanner wéi och fir d'Strukture wier et gutt, datt et e Méindeg zur Reouverture vun de Crèche kënnt, mengt den Arthur Carvas, President vum Crècheverband FELSEA. Trotzdeem mussen eng Rei organisatoresch Tâchen nach virun der Reprise gereegelt ginn. De Crècheverband vertrëtt zwee Drëttel vun de privat Crèchen hei am Land an domat 10.000 Kanner. Duerch déi nei Sécherheetsmesurë kënnen nëmme nach 50 Prozent vun de Kanner an hire Strukture betreit ginn.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Rahel Könen lauschterenplay_arrow


D'Kapazitéit vun de Strukture gouf ëm d'Hallschent reduzéiert: fënnef Kanner pro Grupp sinn nach erlaabt. Deemno géif net all Kand méi eng Plaz an de Strukture kréien. Kanner vun Elteren, déi am Gesondheetssecteur schaffen, Monoparentalle sinn oder schaffe mussen, sollten dem Crècheverband no virgezu ginn.

Kloer Krittäre goufen heizou awer net ausgeschafft, an de Choix läit bei de jeeweilege Gestionnaire, mee et misst eng Decisioun geholl ginn, well net jiddwereen ugeholl ka ginn.

Eng Fro vun der Organisatioun

Ronderëm d'Staat Lëtzebuerg wieren Demanden erop gaangen, mee a ländleche Géigende géife méi Elteren op de Congé pour raison familiale zréck gräifen, sou de Arthur Carvas. Bis de 15. Juli goufen déi bestoend Kontrakter tëscht Elteren a Crèchen iwwergangsweis suspendéiert, a nei Kontrakter ginn den Ament ausgeschafft.

Bis zur Reouverture steet deemno nach organisatoresch Aarbecht un, well een déi Reprise misst virbereeden. "Et muss een de Stonneplang vun den Equippen nei adaptéieren, et muss een den Elteren déi eng oder aner Informatioun mat op de Wee ginn iwwer Telefon." Et misst een alles nei denken, wéi ee sech kéint mat dësen neie Contrainten organiséiere kann.

"Et bleift eng Ongewëssheet"

Personalmangel dierft et an der Reegel net ginn, ausser a Betriber, wou vill Mataarbechter op de Congé pour raisons familiale géifen zeréckgräifen, seet den Arthur Carvas. Hien hätt awer de Feedback kritt, datt d'Crèche mat hirem Personal géifen eens ginn.

D'sanitär Recommandatioune vun der Regierung schénge machbar, mee eng gewëssen Ongewëssheet bleift, seet de President vum Crècheverband, dat wier nämlech eng nei Realitéit. An de kommende Deeg a Woche wäert reegelméisseg de Suivi iwwer d'Situatioun an de verschiddene Strukture gemaach ginn.