Radioen

On air

Notturno  |  Fatima Al Qadiri - Mojik (Your Waves)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass gutt, wann dat a getrennten Hänn ass"

10 Joer Piratepartei

"Et ass gutt, wann dat a getrennten Hänn ass"

Bei der Piratepartei kéint am Februar en neie Parteicoordinateur genannt ginn, seet de Sven Clement. Den aktuelle Coordinateur an Deputéierte Marc Goergen hat no parteiinterne Streidereien ugekënnegt, datt hien dee Posten wéilt ofginn. Bis ewell ass dat awer net geschitt.

auto_stories

2 min

De Sven Clement ass ee vun zwee Deputéierte vun der Piratepartei

Dem Sven Clement no géif et awer keng Zeechen dofir ginn, datt säi Co-Deputéierte wéilt "hanner säi Wuert goen":

"Ech kann absolutt novollzéien, datt e sech op seng Tâche als Deputéierte wëllt konzentréieren, an net och nach d'Gestioun vun der Partei wëllt niewebäi maachen. Dat ass och ganz gutt esou, wann dat a getrennten Hänn ass. Well ech hunn och net fir näischt de Poste vum President deemools ofginn, kuerz no de Walen. Dat ass einfach eng zousätzlech Charge."

Eng definitiv Decisioun soll an dräi Méint um Parteikongress falen.

Jiddwereen huet Feeler gemaach

Wat déi intern Streidereien ugeet, hätten och Deputéiert vun de Piraten net alles richteg gemaach, esou de Sven Clement. Jiddwereen - hien inclus - hätt do "heiansdo ze séier" reagéiert an "ze emotional".

De Sven Clement erkläert sech dat doduerch, "datt mir relativ séier hu missten an engem komplett neie Liewen ukommen". Dat géif fir hien, de Marc Georgen, mee och fir d'Mataarbechter an d'Parteimembere gëllen.

De Sven Clement géif sech trotz de Streidereien net wënschen an enger anerer Partei ze sinn. "Ech hu virun zéng Joer eng Partei gegrënnt, well ech mech a kenger anerer erëmfonnt hunn. Firwat sollt sech dat geännert hunn?", freet hien. Esoulaang et d'Piratepartei "an där Form" géif ginn, géif et fir de Sven Clement "net a Fro" kommen, an eng aner Partei ze wiesselen.

Versprieche vu virun de Walen halen

An der Chamber wéilt seng Partei sech dofir asetzen, datt d'Bierger an d'Reform vun der Verfassung agebonne ginn. D'Verspriechen, datt een d'Bierger méi wéilt abannen, misst een och no de Walen halen.

Op wéi enge Punkten een d'Bierger wéilt mat abezéien, doriwwer misst déi ganz Chamberskommissioun diskutéieren. "Ech ginn dovun aus, datt mer do och wäerten uschwätzen, wéi eng vun deene Punkten, déi elo zeréckbehale goufen, dann och dem Bierger nach eng Kéier zum Vott gestallt ginn."

D'Piratepartei huet mëttlerweil liicht iwwer 400 Memberen an d'Parteibasis wier haut méi divers wéi virun 10 Joer, wéi d'Partei mat 14 Membere gegrënnt gouf, esou de Deputéierte Sven Clement.