Transparenzregester "Et ass keen 'Name and shame'

D'Chamber ass sech eens iwwert d'Aféiere vun engem Lobbyregëster. Nodeems d'Reegelen elo nach präziséiert goufen, sinn alleguerten d'Parteie mam proposéierten Text averstanen. D'DP an d'CSV haten déi éischt Versioun vum Text kritiséiert. Der Kritik vu Patronatsvertrieder dréit d'Chamber net Rechnung.

Pia Oppel

Roy Reding
Den ADR-Deputéierte Roy Reding (Archivfoto)

De Bedenke vun der DP an der CSV goufen an der neier Versioun vum Text zum Deel Rechnung gedroen. D'Flicht sech an dat sougenannten "Transparenz-Regëster" anzedroe gëlt fir Leit an Organisatiounen, déi een Afloss op déi legislativ Aarbecht wëllen huelen. Bierger, déi sech mat engem privaten Uleies un ee Politiker adresséieren, wieren deemno net viséiert.

Den Text viséiert och net méi déi "politesch Aarbecht" vun den Deputéierten allgemeng, mee déi legislativ Aarbecht, respektiv och Decisiounsprozesser vun der Chamber.

Manner Ausnamen

De Rapporter vun der Propositioun, den ADR-Deputéierten Roy Reding seet sech zefridde mam Resultat. Den Text wier elo nach méi streng ewéi déi éischt Versioun.

Zum Beispill ginn et manner Ausname vun der Regësterflicht: Och Beruffsorganisatiounen, ewéi d'Gewerkschaften an d'Patronatsverbänn, musse sech androen, éier si eng Reunioun mat engem Deputéierte dierfen hunn. Eng Ausnam gëlt weiderhi just fir d'Beruffschambren, ewéi d'Salariatskammer an d'Chambre de Commerce, déi am Kader vum legislative Prozess hir Avisë mussen ofginn.

Kritik vum Patronat: "Quatsch"

D'Kritik vu Patronatsvertrieder, d'Transparenzregëster wier kontraproduktiv, well ee Generalverdacht géif entstoen, léist d'Chamber deemno net gëllen. De Rapporter vun der Propositioun, den ADR-Deputéierten Roy Reding erkläert firwat:

"Ganz salopp gesot, fannen ech et Quatsch. All Interessevertrieder vertrieden Intérêten, ob dat elo d'Patronat ass, oder d'Salariat, d'Ëmwelt, oder d'Pharmaindustrie, Beienziichter oder d'Lëtzebuerger Scouten. Et ass jo och näischt Béises drun. Ech hunn dat och a Gespréicher mat Patronatsverbänn kloer gemaach. Et ass einfach eng falsch Attitude ze mengen, dat heite wier een 'Name and shame". Neen, et ass eng Transparenz.

Jidderee misst sech an d'Regëster aschreiwen, "d'CGFP sou gutt ewéi den OGBL, oder d'ABBL". Hie géif jo unhuelen, datt déi Interessevertrieder nach ëmmer mat den Deputéierte wéilte schwätzen: "Déi droe sech ganz einfach an a méi ass et net. A mir Deputéiert soen dann, mir d'Fraktioun ADR hate leschte Mount Kontakt mat folgend agedroenen Interessevertrieder. Et geet ëm eng Transparenz vun der parlamentarescher Aarbecht."

Grousse Konsens

Alleguerten d'Parteien an der Chamber sote sech op Nofro hin zefridde mam Text. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet nach ergänzt, datt sech elo an der Praxis misst weisen, ob d'Regele fir d'Regëster gutt funktionéieren. Wann net, misst zäitno nach emol nogebessert ginn.

D'Myriam Cecchetti betount iwwerdeems, datt och fir de Kontakt mat der Regierung an héije Beamten ee Lobbyregëster misst agefouert gëtt. Ëmmerhin géifen déi meescht Gesetztexter a Ministèrë geschriwwe ginn.

An de Sven Clement vun de Piraten mengt zwar, datt ee méi wäit hätt kënne goe mat der Transparenz, "mee dat heiten ass well e grousse Sprong no vir par rapport zum Status Quo".

Méi zum Thema

Michèle Sinner Kommentar
Transparenzregëster

D'Vertrieder vun de Patronsverbänn si géint d'Transparenzregëster, un deem d'Chamber den Ament schafft. Doduerch géif ee Patronsvertrieder ënner Generalverdacht stellen. Dat Argument hält d'Strooss net, fënnt d'Michèle Sinner.

Romain Schmit
Baumaterial

Verschidde Baumaterialie wéi Holz, Baustol oder Isolatiounsmaterial sinn aktuell nëmme schwéier oder fir en héije Präis ze kréien. De Romain Schmit hofft, datt d'Enkpäss sech bis nom Kollektivcongé opgeléist hunn.

Jean-Jacques Rommes Meenung
Fräie Mikro

D'Chamber ass amgaang iwwer en sougenannt Transparenzregister nozedenken. Dat soll der Korruptioun entgéint wierken an d'Demokratie stäerken. Et kéint awer och genau de Géigendeel bewierken, mengt de Jean-Jacques Rommes.

Chamberdebatt
Transparenzregester

D'Chamber soll oppe leeën, wien Afloss op d'Aarbecht vun den Deputéierte wëllt huelen. Déi proposéiert Reegelen, no deenen den neie Regëster soll funktionéieren, suerge fir Meenungsdivergenzen bei de Koalitiounspartner.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen