Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - Wheel Of Fortune

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass net an eisem Interêt ëmmer de Buhmann ze sinn"

EU-Politik

"Et ass net an eisem Interêt ëmmer de Buhmann ze sinn"

Lëtzebuerg bremst ëmmer nach wann et ëm d’Harmoniséierung vun de Steieren an der Europäescher Unioun geet. Dat géif europakritesche Politiker an d’Kaarte spillen, hunn zwee vun den Invitéen an eiser Emissioun Riicht Eraus gemengt.

auto_stories

2 min

Fernand Kartheiser, Diego Velazquez, Robert Goebbels, Jean-Jacques Kasel a Rick Mertens

D’Bankgeheimnis wier schonn an de 90er Joren eng “source d’embêtement” fir eist Land gewiescht, wat sech ëmmer als ganz europäesch duergestallt hätt, sot de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur bei der Europäescher Unioun Jean-Jacques Kasel. Haut géif Lëtzebuerg iwwerdeems “op der Brems” stoen, wann et drëms geet, d’Steierregelen an der EU ze harmoniséieren. Et wier net am Lëtzebuerger Interêt an esou Froen ëmmer “de Buhmann” ze sinn.

Den Europa-Korrespondent vum Lëtzebuerger Wort huet en aktuellt Beispill ginn. Enn Dezember hätten d’Deputéiert an der Chamber bal eestëmmeg géint eng Propos vun der EU-Kommissioun gestëmmt, mat där d’Steierregelen an der EU solle vereenheetlecht ginn. Mat esou Positioune géif Lëtzebuerg de “Souveränitéitsdiskurs” stäerken, esou den Diego Velazquez.

“Et däerf een Europakritiker net verdäiwelen”

Lëtzebuerg als “mikroskopesch klenge Staat” kéint ouni den ekonomeschen a währungspolitesche Kader, deen d’EU setzte net existéieren, seet och de Fernand Kartheiser. Den ADR-Deputéierten ass awer dogéint, der Europäescher Unioun nach méi Pouvoiren ze ginn. Elo scho géifen et wéinst der Währungsunioun “grouss Tensiounen” an Europa ginn, beispillsweis. tëschent Däitschland a Griicheland.

De Fernand Kartheiser warnt dofir virun der "Verdäiwelung” vun europakritesche Parteien. D’Kritiken, déi vu Parteie wei dem Front National formuléiert ginn, wiere vläicht “net ëmmer 100-prozenteg richteg, awer och net 100-prozenteg falsch.” Et wier un “eis alleguer” ze kucken, wei eng Entwécklungen des Parteien “zu Recht” kritiséieren, an dann e Modell ze proposéieren, deen “déi Kritik opfänkt.”

“Vum Front National ass wierklech näischt ze léieren”

De fréieren LSAP-Minister an EU-Deputéierte Robert Goebbels huet dat kategoresch zeréckgewisen. Vum Front National wier “wierklech näischt ze léieren”. D’Marine Le Pen wéilt de franséische Frang nees aféieren, wann se géif Presidentin ginn. An deem Fall géif déi franséisch Währung staark abriechen. Dofir misst een de Fransouse kloer maachen, datt se méi aarm ginn, wann déi rietsnational Partei un de Pouvoir kënnt.

Den Europakorrespondent Diego Velazquez huet dem Fernand Kartheiser op engem Punkt Recht ginn. Et géifen duerchaus gutt Grënn ginn, fir den Euro ze kritiséieren. Et wier awer schued, datt déi europakritesch Parteie keng Alternative proposéieren. Eng Méiglechkeet wier déi, datt d'Chamber sech méi intensiv mat Theme beschäftegt, déi op EU-Niveau geregelt ginn. Zum Beispill kéint ee viru wichtege Ministerrot-Sëtzungen zu Bréissel den zoustännege Minister an d’Chamberkommissioun invitéieren an e froen: “wat gees du op Bréissel vertrieden?”