Radioen

On air

Notturno  |  Mega Bog - Love Is Feat. Westerman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass net flott fir eis, et ass net flott fir d'Clienten"

Coronavirus

"Et ass net flott fir eis, et ass net flott fir d'Clienten"

Vill Fluggesellschafte kënne wéinst dem Coronavirus manner fléien. Wat bedeit déi aktuell Situatioun fir déi verschidden Aktivitéite vum Grupp Luxair? De Serge Kesseler huet beim Joe Schroeder vum Grupp Luxair nogefrot.

auto_stories

4 min

Serge Kesseler: Flitt d'Luxair haut an Italien?

Joe Schroeder: D'Luxair flitt an Italien, dat ass richteg, d'Luxair probéiert seng Connectiounen esou gutt wéi méiglech bäizebehalen, och mat Italien, och wann Italien de Moment en Challenge ass.

Wéi gesäit do d'Situatioun aus, wéi eng Destinatioune si gestrach, wéi eng kann d'Luxair nach ufléien?

Mir hunn decidéiert fir d'Destinatioun Venedeg komplett ze sträiche bis den 2. Abrëll. Mir kucken dagdeeglech, wéi d'Situatioun sech entwéckelt, mee se ass terribel volatil, se ännert permanent.

Mir hunn decidéiert, fir d'Frequenze vun de Flich op Mailand erofzesetzen, mee mir probéieren, fir nach ee Fluch den Dag hinzekréien. Mir ruffen am Virfeld bei de Leit u fir hir Intentiounen erauszefannen, ob et iwwerhaapt Sënn mécht oder net. Wann et Sënn mécht, da wäerte mer déi Rotatioun fléien.

Wéi eng aner Luxair-Flich musse wéinst dem Coronavirus annuléiert ginn?

Mir hunn zum Beispill decidéiert d'Flich op Roum all Méindeg, Mëttwoch a Freideg aus dem Programm ze huelen, alles natierlech temporär wärend dëser Kris. Florenz musse mer kucken, déi Destinatioun sollt vum 30. Mäerz un ugebuede ginn, do musse mer da kucken, wéi d'Situatioun dee Moment ass.

Aus wéi enge Grënn flitt Dir manner op Genf oder London?

Aus dem einfache Grond well de Seatload-Facteur vun de Volle vill ze vill déif ass, et si verschidde Flich, do bréngt et einfach näischt dohin ze fléien. Et muss ëmmer nach ekonomesch an ekologesch Sënn maachen.

Wéi eng Reegele gëllen de Moment bei der Luxair fir Flich ëmzebuchen?

Mir hu speziell Konditiounen applizéiert fir Flich op Mailand, Roum a Florenz: do kënnen d'Leit annuléieren.

Wéi staark ass d'Zuel vun de Buchungen an de leschten Deeg zeréckgaangen?

Ech kann dat am Moment net chiffréieren, mee et ass drastesch, wéi d'Buchungen agebrach sinn. Dat ass bei der Luxair esou, dat ass bei all aner Airline esou, si mussen alleguer ëmstrukturéieren.

Mat wéi engem Zenario rechent Dir an den nächsten Deeg a Wochen, wat Är Linneflich ugeet?

Et ass ganz imprevisibel de Moment. Mir mussen dat Dag fir Dag kucken. Ech kann de Moment keng prezis Äusserung maachen. Mir hoffen, datt d'Situatioun sech lues a lues stabiliséiert, well et fänkt u wierklech komplizéiert ze gi fir eng Airline, fir en Tour-Operateur, fir den Tourismus, fir de sämtleche Business an der Regioun. Et ass net flott fir eis, et ass net flott fir d'Clienten, et ass wierklech ee Problem.

Wat bedeit déi aktuell Situatioun vum neiaartege Coronavirus fir Äert Reesgeschäft, also fir d'Aktivitéite vu LuxairTours?

LuxairTours do ass et d'selwecht wéi bei der Airline, e bësse manner drastesch, mee LuxairTours leit definitiv och. D'Buchunge ginn och do erof. Et gëtt awer weider gebucht an déi Leit, déi gebucht hunn, hunn éischter d'Tendenz ze fléien. Bei der Airline zum Beispill ginn et ganz vill Leit, déi flexibel Ticketen hunn, déi Leit hunn dann éischter d'Tendenz ofzewaarden an da méi spéit ze fléien, wann d'Situatioun méi kloer ass.

Eng weider Aktivitéit vum Grupp Luxair ass déi vum Cargo-Handling um Cargozenter um Findel. Wéi staark ass dës Aktivitéit vun der momentaner Kris betraff?

Et war virun allem eis éischt Aktivitéit, déi getraff gouf. Wéi a China de Virus ausgebrach ass, do hu mer et am Cargozenter relativ séier gemierkt. Aus deem einfache Grond, well d'Produktioun an d'Aktivitéit a China ass komplett erofgefuer ginn, den Export ass erofgaangen.

D'Airlinë si manner an de Cargozenter komm, dat heescht de Volume ass drastesch erofgaangen, mir hate Woche mat minus 20 Prozent.

Wat mir am Moment gesinn, ass datt d'Situatioun sech lues a lues verbessert a stabiliséiert. Et ass nach ëmmer net glorräich, mee et ass op d'mannst eng liicht Verbesserung a Siicht, mee et bleift nach ëmmer imprevisibel. Et ass warscheinlech nach net iwwerstanen.


Um Site vun der Luxair steet (Stand 11. Mäerz, 11 Auer) dës Messagen:

Coronavirus Covid-19

Wir gestatten unseren Gästen, die bis zum 03.04.20 eine Reise nach Mailand, Venedig, Rom oder Florenz geplant hatten, diese vor Abreise kostenfrei zu stornieren. Bitte kontaktieren Sie uns via www.luxair.lu. Unsere Flugfrequenzen zu bestimmten Zielen können eventuell verringert werden, bitte erkundigen Sie sich dementsprechend nach dem Status Ihres Fluges sowie nach den aktuellen Reise-und Einreisebeschränkungen Ihres End-oder Transitziels.

Mit Vertrauen buchen! Für alle neuen Pauschalreise-Buchungen bis zum 15. April 2020 mit Abreise bis einschließlich 30. April 2020, können Ihren Urlaub bis 14 Tage vor Abreise kostenlos umbuchen (außer Vereinigte Arabischen Emirate). Die Änderung kann das Reiseziel und/oder das Reisedatum (spätestens zum 31. Oktober 2020) betreffen. Bitte kontaktieren Sie unser Service Center, falls Sie dies nutzen möchten.