Radioen

On air

Notturno  |  Kate NV - Plans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass schonn eng grouss Pressioun"

Drock op de Gesondheetssystem

"Et ass schonn eng grouss Pressioun"

Fir besser Prognosen ze maache sinn nei Tester néideg. Dat seet de Pneumolog Dr. Marc Schlesser am 100,7 Interview. Hien hofft, datt dës Tester, déi d'Antikierper vum Virus am Blutt noweisen, spéitstens d'nächst Woch do sinn.

auto_stories

5 min

D'Dokteren hei am Land wieren amgaang mat Wëssenschaftler zesummen Traitementer ze affinéieren erkläert de Marc Schlesser. Et géife verschidden Optioune ginn fir d'Covid-19 Krankheet ze behandelen.

"Et gëtt eng Etüd iwwer verschidden Antivirus Traitementer, wou Lëtzebuerg och ka Partner sinn. Ech si mat lokale Partner amgaang ze kucken, wéi mir Covid Longenentzündung besser kënne behandelen. Fir genee ze kucken, wat do an de Longe virgeet, a wéi mir dat an de Greff kréien. Dat ass eis Aufgab momentan. Dat ass eis d'Zil."

Bei Persounen iwwer 60 Joer géif de Risiko fir eng méi schwéier Erkrankung an d'Luucht goen. Mee och Jonker, ouni Virbelaaschtung bleiwen net alleguer verschount, bedauert den Dokter. Et wéisst een nach net genee, wat d'Risikofacteure sinn. De Risiko fir u Covid-19 ze erkranke géif vu 55 Joer u progressiv an d'Luucht goen, nach méi vu 70 Joer un.

"Och de Risiko ass méi grouss bei verschiddene Krankheeten, déi ee schonn huet. Wéi zum Beispill Diabetis, kardiovaskulär Krankheeten, oder Medikamenter muss huelen, déi d'Immunitéit erofsetzen. Déi Jonk si manner am Fokus, mee se kennen et och kréien. D'Kanner schéngen den Ament am beschte protegéiert."

De Pneumolog, deen am Spidol um Kierchbierg schafft, erënnert awer drun, datt d'Krankheet bei deene meeschte Leit (ronn 80 Prozent) en harmlose Verlaf huet. Déi Betraffen hätte wéi bei enger Gripp Féiwer, Houscht an d'Glidder wéi. Bei deenen aneren 20 Prozent wier de Verlaf allerdéngs méi schlëmm. Een typescht Symptom wier Otemnout, déi sech bei engem schwéiere Verlaf zu enger Longenentzündung kéint entwéckelen. Bei der Hallschent vun de Betraffene géif d'Krankheet positiv verlafen, déi anerer Hallschent hätt e schwéiere Verlaf a misst dann an d'Soins intesifs.

Limitéiert Kapazitéiten u Beootmungsapparater

A wann och hei kee Medikament méi hëlleft, da mussen d'Patiente kënschtlech beotemt ginn. D'Dokteren hätten hei extra Guidelines ausgeschafft.

"Do si mi all ganz aktiv fir u Guidelines ze schaffen. Déi zéng Dokteren aus dem Robert Schuman hunn de Méindeg nach dru geschafft fir ze kucken, wéi eng Guidelines mir do huelen. Mee ech mengen wann een Otemnout huet, wann et mat Sauerstoff net méi geet, mat deenen normale Medikamenter net méi geet, dann ass déi lescht Etapp d'Beootmungsapparater. Mee dat ass Gott säi Dank just an enger Minoritéit vun de Fäll. Mee d'Kapazitéiten fir sou Leit ofzehuele si limitéiert. Do musse mir kucke fir dat ganz gutt geréiert ze kréien."

Op eng Zuel wollt de Marc Schlesser sech net festleeën. D'Kapazitéite wieren allefalls an d'Luucht gesat ginn. Zousätzlech Beootmungsapparater wiere bestallt an d'Spideeler géifen och nach ëmmer Offere kréien. Dat ass sou wuel um nationalen Niveau, wéi an all Spidol selwer. Mee all déi Zuele soll ee sech net ze vill un d'Häerz huelen. Wat zielt, ass wou ass d'Tendenz? Geet se an d'Luucht, bleift se stabel? Et ass kloer, datt méi Leit wéi 800 hei am Land infizéiert sinn. Mee déi wëssen et vläicht mol guer net.

Wichteg fir sou séier wéi méiglech nei Zorte vun Tester ze kréien

Fir korrekt Prognosen ze maachen brauch een Tester. Mee d'Tester, déi den Ament hei am Land gemaach ginn, wieren net illimitéiert, an och d'Leit, déi si géife maachen, kéinten net illimitéiert schaffen. Dobäi kéim, datt déi aktuell Tester net zu 100 Prozent fiabel wieren, esou de Marc Schlesser

"Déi Tester sinn a verschiddene Phasen a Formen vun der Krankheet net ëmmer positiv. Dat heescht, déi Tester soen net ëmmer déi absolut Wourecht. Wann Dir Zeeche vun der Krankheet hutt, kann et awer nach ëmmer sinn, datt ären Test negativ ass. Déi Tester schloen dacks eréischt de véierten Dag, nodeems déi éischt Symptomer do waren, un."

Dem Pneumolog no wier et deemno wichteg sou séier wéi méiglech nei Tester ze kréien, déi d'Antikierper, déi de Mënsch géint de Virus developpéiert huet, am Blutt vun den Infizéierten noweisen. Esou kéint ee rausfannen, ob eng Persoun mam Virus infizéiert war, och wann de Virus selwer net méi am Blutt vun der Persoun present wier. "Zum Beispill kéint een en Echantillon vun 1.000 Leit huelen. An da wéist ee prezis Zuelen, wie schonn alles infizéiert war."

Virleefegen Héichpunkt

Deemno kéint ee méi prezis Prognose maachen. Fir esou d'Tester ze kréie géif Lëtzebuerg mat internationale Partner zesummeschaffen. Elo awer hätt ee scho genuch Donnéeë fir ongeféier virauszesoen, wéini den Héichpunkt vun der Corona-Kris hei am Land wäert sinn. De Marc Schlesser rechent, datt dat an zéng bis 14 Deeg kéint sinn (also bis den 10. Abrëll). Den Drock am Spidol wier elo schonn ze spieren.

"Et ass schonn eng grouss Pressioun. Schonn eleng wéinst all deene Mesures de protection, déi mir geholl hunn an déi Virbereedungsaarbechten, déi mir geholl hunn. Mir hu versicht d'Spidol eidel ze maachen, all d'Operatiounen, déi ugesot waren, fir déi ze retardéieren. Mir gesinn och, datt vill Oteminfektiounen erakommen. Net alleguer si Covid. Mee déi kommen awer och lues a lues. Op dat sech elo acceleréiert oder net, dat ass eng Fro iwwer déi nächst zéng Deeg. Mee et ass warscheinlech, an et mierkt een elo schonn, datt eng Pressioun do ass."

Patiente mat chronesche Krankheeten, déi näischt mam Coronavirus ze dinn hunn, dierften net vergiess ginn, esou de Marc Schlesser. Deemno géif sech ee Longendokter an der Zitha Klinik spezifesch ëm sou Patienten këmmeren. Do dierft ee "kee Covid hikréien". Et géif een och Télé-Consultatioune maachen.

De Marc Schlesser erënnert nach eng Kéier drun, wéi wichteg de Confinement ass, an datt een net soll a Panik verfalen.

"Ech wier och immens frou, wann d'Leit net ze vill egoistesch ginn, an datt mir déi Moyenen an dat Material wat mir hunn, rational mat Logik a mat System asetzen, fir datt mir déi Kris do zesumme gutt iwwerstinn. Vläicht kënne mir jo och och do e puer Lektiounen mat an eist neit Liewen no der Corona-Kris huelen."