Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass wéi an engem Hollywood Film"

US-Presidentschaftswalen

"Et ass wéi an engem Hollywood Film"

Wéi am Joer 2000 wäert et och bei dëse Wale Kloe viru Geriicht ginn. Dat seet de Professer Kirk W. Juncker. Den US Amerikaner Kirk W.Juncker leed de Léierstull fir US-Amerikanescht Recht op der Uni zu Köln. Allerdéngs wier d'Iddi vum US-President Trump, fir d'Auszielung vun de Stemme vum ieweschte Geriichtshaff stoppen ze loossen, net haltbar. D'Maxi Pesch huet mam Kirk W Junker geschwat.

auto_stories

4 min

A verschiddenen decisiven US-Bundesstaaten, dorënner Pennsylvania, kënnen d'Bréifwale mat engem Poststempel vum Waldag och nach e puer Deeg méi spéit ausgezielt ginn. Gëschter huet den Donald Trump gedreet dës Auszielung mat enger Klo wéilten ze verhënneren. Dem Kirk W. Junker no wier dat net haltbar.

"Es ist eine Entscheidung von den verschiedenen Ländern, wie sie die Briefwahlabstimmungen zählen. Einige möchten am Wahltag am 3. November anfangen mit zählen, und die haben 90 Millionen davon, und das dauert eben ein bisschen. Einige haben schon vorher angefangen und haben gehofft, dass sie am 3. November fertig seien. Aber es ist eine eigenständige Entscheidung von den 50 Staaten."

Derbäi kéim, datt den US-President net preziséiert hätt wisou a géint wien hie wéilt viru Geriicht zéien. Ouni Beweis géif dat kee Sënn maachen, seet den US-Rechtsexpert:

"Um eine Klage zu machen, muss ein Gesetz gefunden werden, was gebrochen wurde. Und man muss ein Beweismittel haben, und das gibt es hier zu diesem Zeitpunkt nicht. Donald Trump hat vier Jahre lang sein Amt mit solchen Bedrohungen geführt. Es war vorauszusehen, dass er so was sagen würde. Das bedeutet nicht, dass etwas Konkretes dahinter steckt."

Et kéinte Kloe ginn

Den Donald Trump kéint dann och net direkt virun den ieweschte Geriichtshaff zéien. De juristesche System an den USA géif aus dräi verschiddene Schichte bestoen. Enger éischter Instanz, enger zweeter an dann der Supreme Court.

Trotzdeem geet den US-Rechtsexpert dovun aus, datt et, wéi bei de Walen am Joer 2000, Kloe viru Geriicht wäert ginn. Dat well zum Beispill verschidde Staaten kéinte Feeler gemaach hunn.

"Es könnte sein, wenn es irgendwann irgendwie ein Beweismittel gibt, dass ein Land ein Fehler gemacht hat, dann könnte es sein, dass ein Gericht sagt: zählt nochmal. Aber zur Zeit haben wir keinen Beweis von Problemen. Donald Trump hat schon einen Monat vorher diese Warnung gegeben. Er hat gesagt, wenn ich verliere, gehe ich mit meinen Anwälten zu Gericht. Das klingt wie in einem Hollywood Film."

Et goufen änlech Fäll

Wéi d'Riichter dann decidéieren, wier onkloer. Mee schonn an de leschten zwou Woche wieren et zwee Fäll virun der Supreme Court ginn, do hätten d'Riichter éischter Decisioune geholl, déi defavorabel fir den US-President waren.

"Schon letzte Woche versuchte er gegen die Behörden in Pennsylvania eine Klage zu bringen, aber hier hat der oberste Gerichtshof gegen seine Interesse gestimmt. In Pennsylvania dürfen die Leute bis mindestens Freitag die Stimmen, die per Post reinkommen, abzählen."

Fréistens muer rechent de Professer Kirk W. Junker mat engem Endresultat vun der US-Wal. Och fréier wieren d'Resultater dacks eréischt e puer Deeg nom Waldag definitiv gewiescht.

"Geduld ist Tugend"

Mee den Ofstand vun de Kandidate wier meeschtens manner enk gewiescht, esou datt een d'Aschätzung vun de Journalisten als finaalt Resultat acceptéiert hätt. De Rechtsexpert bedauert, datt d'iPhone-Generatioun keng Gedold méi hätt:

"Dieses Jahr ist eigentlich nichts anders als die letzten Jahre. Nur dass wir nicht mehr nur auf die elektronische Wahl und die Einschätzung der Journalisten warten müssen, sondern auch auf die handschriftliche Papierwahl müssen wir warten. 2-3 Tage bis wir eine offizielles Resultat haben ist ganz normal. Geduld ist Tugend."

Dem Kirk W Junker no wieren dann och Reforme vum amerikanesche Walsystem a vum Walrecht néideg.