Radioen

On air

De Weekend  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass zwou Minutte virun 12"

Friddens- a Solidaritéitsbeweegung

"Et ass zwou Minutte virun 12"

"Et ass zwou Minutte virun 12", seet de Raymond Becker vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform. Dat seet virun allem déi sougenannt Doomsday Clock, en Indicateur vun amerikaneschen Atomwëssenschaftler, deen de Risiko vun enger globaler Katastroph evaluéiert, op der Basis vun der atomarer Gefor, mee och vu Risiken duerch d'Klima.

auto_stories

3 min

De Raymond Becker ass ee vun de 70 Signatairë vun engem Appell, mat deem viru 15 Méint d’Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform lancéiert gouf

Dofir wier et wichteg, datt d'Friddensbeweegung nees Opdriff kritt, seet de Raymond Becker.

"Am Moment sti mir do zwou Minutte virun 12. Sou no ware mir scho laang net méi. Sou no ware mir deemools beim Koreakrich, wou d'USA a Russland mat Waasserstoffbommen hantéiert hunn. Sou no ware mir bei der Kubakris."

Duerno wier een erofgaangen: d'Auer hätt scho 17 Minutte vir oder 20 Minutte vir ugewisen. Mee "an deene leschte Jore klëmmt se erëm eng Kéier, a mir stinn elo op zwou Minutte virun 12."

Geforen hänken zesummen

D'Doomsday Clock analyséiert haaptsächlech d'atomar Gefor, mee zanter e puer Joer ass och d'Klima e Krittär. "Dat heescht, si gesinn do effektiv schonn en Zesummenhang vu Geforen, déi op d'Mënschheet duerkommen.", seet de Raymond Becker.

Fir hien ass et dofir un der Zäit, "datt erëm eng Friddens- a Solidaritéitsbeweegung sech breet mécht an der ziviller Populatioun, an d'Leit versicht ze sensibiliséieren".

Eng Gefor fir d'Mënschheet

Asaz fir de Fridden, Asaz fir d'Klima: gëtt et do eng Konkurrenz? Fir de Raymond Becker schléisse sech béid net aus:

"Nee, et gëtt absolut keng Konkurrenz, well et zwou Gefore [...] fir d'Mënschheet sinn. A wann ee sech fir de Fridden asetzt, da schwätzt ee jo iwwer d'Militär. An d'Militär ass och haut een onwahrscheinlechen CO2-Emittent. Eleng d'amerikanesch Arméi kënnt op Emissiounen, déi gläich leie mat Schweden, Norwegen an anere Länner. Dat heescht, och do ginn et Lienen, déi ee muss gesinn. An déi Emissioune ginn éischter an d'Luucht wéi erof."

Killerroboter: keng Zukunftsmusek méi

Zu Genève bei der UNO ware rezent Versammlunge vu Regierungsexperten iwwer autonom Waffen. Kritiker nenne se Killerroboter: Waffen, déi net méi vu Mënsche bedéngt ginn. Si sinn extrem ëmstridden, speziell aus ethesche Grënn, wéi de Raymond Becker erkläert:

"Wou si mir mat eiser Moral a mat eiser Ethik drun, wa mir higinn an Algorithmen d'Decisioun iwwerloossen, wien erschéissen ech, a wien erschéissen ech elo net? Wéi wäit si mir dann als Mënschheet komm? Wéi wäit si mir komm, wa mir eis net méi géigesäiteg an d'Ae kënne kucken a soen: Sou, wat maache mir elo? Wëlle mir schéissen oder wëlle mi§r Fridden hunn?"

Fir de Raymond Becker ass et kloer, datt ee vehement géint dës Killerrobotere muss virgoen. "Dat ass en Horror, deen op eis zoukënnt!", warnt hien. Beim Film "Terminator" hätt een deemools nach gegrinst, mee de Raymond Becker fäert, datt dat ëmmer méi zur Realitéit gëtt, wann een d'Leit weider géif gewäerde loossen.

De Raymond Becker ass ee vun de 70 Signatairë vun engem Appell, mat deem viru 15 Méint d'Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform lancéiert gouf.