Radioen

On air

Notturno  |  Skibi - Ogar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et geet einfach ëm de Prinzip"

Steewollfabrick

"Et geet einfach ëm de Prinzip"

Der Landwirtschaft wier et schwéier ze vermëttelen, wéinst Knauf zousätzlech Efforte mussen ze maachen, fir manner Ammoniak auszestoussen. Den Agrarsecteur stéisst momentan am meeschten Ammoniak aus.

auto_stories

3 min

Den Ausstouss vun Ammoniak ass e Problem fir d'Ëmwelt a virun allem: E Problem fir d'Landwirtschaft. De Lëtzebuerger Agrarsecteur baséiert haaptsächlech op der Véi- a Mëllechproduktioun, d'Béischte produzéiere Gülle, an d'Gülle produzéiert Ammoniak. D'Landwirtschaft stéisst am meeschten Ammoniak aus.

Wann also, esou wéi déi europäesch NEC-Direktiv dat verlaangt, d'Ammoniak-Emissiounen mussen erofgeschrauft ginn, dann ass d'Landwirtschaft den éischten Uspriechpartner. De Secteur huet och substantiell Efforten zougesot, a sech engagéiert bis 2030 den Ammoniak Ausstouss ëm 22 Prozent par Rapport zu 2005 ze drécken, an engem Moment wou nach keen eppes vu Knauf a senge Pläng op Lëtzebuerg ze kommen wousst.

Responsabilitéit iwwerhuelen

Et kéint net sinn, datt eng Entreprise op Lëtzebuerg kënnt a Ammoniak ausstoussen dierft, wärend de Secteur, deen et schonn ëmmer zu Lëtzebuerg gouf, misst deem säi Part vu Reduktioun mat iwwerhuelen, fënnt de Pierre Treinen, Direkter vum Service d'économie rurale am Landwirtschaftsministère: "Et geet einfach em de Prinzip: deen ee Secteur - dat ass ganz kloer d'Landwirtschaft, deen dee gréissten Emetteur ass - deen huet seng Responsabilitéit ze huelen, an dee wäert dat och maachen."

Den Defi, d'Reduktiounsziler z'erreechen, wär och ouni Knauf scho grouss genuch. Awer net onméiglech. Et géife vill Technike gi fir den Ausstouss vun Ammoniak aus der Landwirtschaft ze reduzéieren, "mee d'Landwirtschaft muss och genuch Zäit an och Chance kréien an och d'Moyene fir déi och ëmzesetzen."

Potential fir ze spueren

Dat gréisst Potential fir Ofgaser anzespueren géif et bei der Lagerung vun der Gülle ginn. Hei géif et schonn hëllefen, en Deckel op d'Behälter ze maachen, wou d'Gülle stockéiert ass. Och beim Erausbrénge vun der Gülle op de Felder wier villes ze maachen, erkläert de Pierre Treinen:

"Dat ass mat Schlepp-Schlaich, do gëtt d'Gülle direkt op de Buedem geluecht, datt se direkt um Buedem ass an net méi duerch d'Loft gesprëtzt gëtt wéi een dat nach esou gesäit. Deen nächste Schrëtt ass, datt een d'Gülle direkt an de Buedem eran drillt. Sou wéi wann ee géif Kären an de Buedem erandrillen. An dat ass dann eppes wou den Ammoniak direkt am Buedem sech fixéiert an domadder net kann an d'Loft auswäichen."

Och ganz einfach Parametere kënnen hëllefen: D'Wieder zum Beispill. Gülle bei Sonn an Hëtzt auszeféieren wär keng gutt Iddi. Ideal wär u sech de Wanter. Mee dat ass dann erëm net gutt fir d'Grondwaasser, well do ze vill Nitrater ausgewäsch ginn. D'Landwirtschaft ass op ville Fronte gefuerdert.


De Maurice Molitor am Panorama, den 20. Abrëll um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow