Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juncker: "Et geet net duer déck Baken ze maachen"

Corona-Kris

Juncker: "Et geet net duer déck Baken ze maachen"

"Zoue Grenze sinn ee Skandal, d'EU-Kommissioun brauch méi Handlungsspillraum a méi een héije Budget", seet de fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Seng Virgänger an Nofollger géif hien net kritiséieren. An awer fënnt de fréiere Chef vun der EU-Kommissioun däitlech Wierder.

auto_stories

4 min

Et wier net un him fir Zensuren ze verginn, sou de Jean-Claude Juncker. Mee d'Lëtzebuerger Regierung géif hir Aarbecht an der Corona-Kris gutt maachen, fënnt de fréiere Lëtzebuerger Premier an EU-Kommissiounspresident.

An esou Krisenzäite misst d'Oppositioun solidaresch sinn, ausser d'Regierung géif grav Feeler maachen, dat hätt si bis elo "an deem vollen Empfang net gemaach".

Zoue Grenzen: Kritik mat méi Volume wënschenswäert

Hie géif och konstatéierten, datt d'Zuel vun deenen, déi sech averstanen erkläre mat der Regierung, ofhëlt. "Et bröckelt", fënnt den CSV-Politiker, dat wier awer normal.

"Mir sinn ee Vollek vu 600.000 Virologen, 600.000 Epidemiologen. Ech vertrauen op d'Fachleit, d'Wëssenschaftler, d'Dokteren an op d'Regierung."

Hien hätt zwee Prinzippien, ni seng Virgänger an och net seng Nofollger ze kritiséieren, preziséiert de fréiere Lëtzebuerger Premier. An awer ass Kritik erauszehéieren.

D'Decisioun vun der däitscher Regierung d'Grenzen zouzemaachen, wier ee Skandal a lächerlech. Hei wier méi eng staark Kritik ubruecht gewiescht.

"Kritik ass noutwendeg. Wann eng Nopesch-Regierung eppes mécht, wat moralesch a gesondheetspolitesch net ubruecht ass, da muss een deem Protest ee gewëssene Volume ginn, hei wier méi Volume wënschenswäert gewiescht, obschonn ech mat der Aktioun, déi den Här Ausseminister Asselborn ënnerholl huet, ganz averstane sinn."

De Premier Xavier Bettel hätt no engem Gespréich mat Vertrieder aus Däitschland gesot, et kéime keng Grenzkontrollen. Mee zwee Deeg drop wiere se do gewiescht. Esou kéint een de Regierungschef vun engem Land net behandelen, fënnt de Jean-Claude Juncker.

EU-Kommissioun: Moraleschen Drock op d'Regierungen ausüben

Och par Rapport zum Behuele vun der Europäesch Kommissioun an der Corona-Kris fënnt de fréiere Chef vun där Institutioun däitlech Wierder.

Der Kommissioun hiren Handlungsspillraum wier limitéiert, well d'Memberstaaten et verhënnert hunn der EU an der Gesondheetspolitik méi Kompetenzen ze iwwerdroen. D'Reegele vum Schenge-Raum géifen et iwwerdeems erlaben, datt d'Bannegrenze kënnen zougemaach ginn, wann déi ëffentlech Uerdnung an engem Staat bedrot ass.

De Jean-Claude Juncker am Gespréich mam Danièle Weber. Foto: Archiv

Allerdéngs géif et net duergoen, "déck Baken ze maachen, et muss een agéieren", sou de fréiere Chef vun der Europäescher Kommissioun. "Et muss een e moraleschen Drock op d'Regierungen ausüben. Ech wosst, wéi een dat géif maachen."

An der Griichenland-Kris hätt de Jean-Claude Juncker et fäerdeg bruecht d'Heft an d'Hand ze huelen, obschonn d'Regierungen der Meenung waren, datt et net un der Kommissioun war, datt ze maachen.

"Et dierf ee sech an der Kommissioun net allze vill beandrocke loossen, ech soen net, dat d'Madamm von der Leyen dat mécht, duerch een Handelen ouni Kapp vun de Regierungen. Wann ee mierkt, datt d'Saachen auseneelafen, da muss ee fir Uerdnung suergen a sech Kompetenzen eigentlech uneegnen, déi laut Vertrag keng spezifesch Kompetenze vun der Kommissioun sinn."

Hien hätt sech do op deen Artikel am europäesche Vertrag bezunn, dee seet, datt d'Kommissioun en charge de l'intérêt général de l'union européenne ass.

Corona-Kris: EU-Reaktioun huet den Urgencen entsprach

An der europäescher Reaktioun op d'Kris misst den europäesche Budget "méi Muskele kréien". Déi, déi dat verhënnert hunn, stéingen op der falscher Säit vun der Geschicht. D'Decisioun vun der EU iwwer den Hëllefspak hätt "deene kuerzfristegen Urgencen entsprach", seet de fréieren EU-Kommissiounspresident. Ëmmerhi géifen an deem Pak alles an allem eng Billioun Euro zesummekommen. Dat wier kee "Kinkerlitzchen".

Wat hie gestéiert hätt, wieren iwwerflësseg Commentairen, déi a Richtung Italie geschéckt goufen. Et misst een oppassen, wéi ee sech ausdréckt fir anerer, déi am Misär sëtzen, net ze beleidegen.

Karlsruher Urteel: Dem EU-Recht de Fouss gestallt

D'Urteel vum däitsche Bundesverfassungsgeriicht iwwer d'Opkeef vun Obligatioune vun der Europäescher Zentralbank wier ee gravéierende Feeler. D'Bundesverfassungsgeriicht hat sech domat iwwer een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff ewech gesat.

Et wier fir d'alleréischt an der Geschicht vun der Europäescher Unioun, datt eng national Geriichtsbarkeet oppe géint eng europäesch Geriichtsbarkeet virgeet, esou de Jean-Claude Juncker.

Bis elo hätt de Prinzip gegollt: Europäescht Recht geet virun nationalem Recht an d'Decisioune vum Europäesche Geriichtshaff wiere contraignant fir all Jurisdiktiounen an der EU gewiescht. "Dëse Prinzip ass zerstéiert ginn."

Als Konsequenz kéinten elo "den Här Orbán a Polen soen, wann déi Däitsch sech net brauchen un den Europäesche Geriichtshaff ze halen, da brauche mir dat och net ze maachen". Dat wier u sech, "dem Respekt vun der europäescher Rechtsreegel de Fouss gestalt".

"Et kann een déi Decisioun vum Verfassungsgeriicht nëmme bedaueren, a mir wäerten an deenen nächste Jore mierken, wat fir ee gravéierende Feeler datt dat war, à moins, datt en erëm korrigéiert géif ginn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.