Radioen

On air

Tockcity  |  Arab Strap - Bliss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gi keng Zuelen"

Gesondheet

"Et gi keng Zuelen"

Et feele präzis Statistiken iwwer d'Hausdokteren hei am Land, seet den Dokter Nico Haas. Am Dezember soll eng entspriechend Etude vun engem Medezin-Student publizéiert ginn. De Plang vun der Regierung, fir déi éischt dräi Joer vum Medezinstudium hei am Land unzebidden, hält de Coordinateur fir d'Generalisten-Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg fir ee grousse Schrëtt no vir.

auto_stories

3 min

Offiziell ginn et zu Lëtzebuerg eng 500 Hausdokteren, déi praktizéieren. Mee dovunner géif net jidderee reegelméisseg Akte maachen, esou den Nico Haas. Iwwer d'Halschent vun den Hausdoktere wier iwwer 50 Joer al. Dat wier ee Problem, wann net genuch jonk Medeziner noréckelen.

"Erstaunlech Resultater"

Op der Uni ass ee Student am Gaangen eng Ofschlossaarbecht zum Thema ze schreiwen. Hei gëtt d'Thees opgestallt, datt een Dokter op d'mannst 1.600 Akten d'Joer misst maachen, fir als Hausdokter ze gëllen. Dat géif bedeiten, datt en all Dag aacht Patiente gesäit.

D'Etude bréngt dem Nico Haas no "erstaunlech Resultater" a weist "wou de Wee geet". D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an d'Gesondheetskeess wieren "déck interesséiert un dem Resultat". Datt d'Regierung keng Etude iwwert déi zukünfteg Besoinen un Hausdoktere gemaach hätt, wéilt hien awer net kritiséieren.

Wéi eng Roll fir d'primär Soinen?

Den Nico Haas plädéiert derfir, datt den Hausdokter sou wéi an de skandinavesche Länner eng zentral Roll am Gesondheetssystem anhëlt. Dat wier manner deier a géif den eigentleche Besoine vun de Leit entspriechen.

Etuden hätte gewisen, datt vun 1000 Patienten, déi ee gesondheetleche Problem hunn, just 15 herno an eng Klinik oder bei ee Spezialist musse goen. 750 géifen eens ginn, andeems se sech selwer verfleegen. Déi aner 235 Leit géife vum Hausdokter adequat en charge geholl ginn.

Zu Lëtzebuerg géif een awer genau ëmgedréit un d'Situatioun eru goen: D'Leit géifen dacks direkt bei e Spezialist goen a si géifen "an d'Urgencen drainéiert ginn".

Referenz-Dokter: Een Echec?

Fir datt nees méi Patiente sech als éischt un den Hausdokter riichten, ass dem Nico Haas no awer keng politesch Interventioun néideg. Et dierft een d'Leit net dozou zwéngen, sou wéi dat zum Beispill an Norwegen de Fall wier. Amplaz missten d'Patienten am Alldag erliewen, datt et Sënn mécht als éischt bei den Hausdokter ze goen.

D'Aféiere vum sougenannte "Referenz-Dokter" géif dat Zil awer net erfëllen. De System wier "administrativ komplizéiert" a géif "vill Schikane" mat sech bréngen, sou datt déi meescht Leit net dorobber zréck gräifen.

Medezin-Bachelor: "Grousse Schrëtt"

De Plang vun der Regierung, fir déi éischt dräi Joer vum Medezinstudium hei am Land unzebidden, hält den Nico Haas fir ee grousse Schrëtt no vir. Bis ewell kann ee just dat éischt Joer vum Grondstudium hei am Land maachen. Et wier schwéier ee komplette Medezin-Studium vun haut op muer opzebauen.

Et misst ee kucken, ob ee mëttelfristeg och déi ganz Master-Ausbildung kann ubidden. Am anere Fall missten et Accorde mat Unien am Ausland ginn, fir datt d'Studenten nom drëtte Joer eng garantéiert Studieplaz hunn.

Als Coordinateur vun der Generalisten-Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg huet den Nico Haas derfir plädéiert, an Zukunft nach méi Mëttel fir dës Formatioun zur Verfügung ze stellen. Dat fir d'Formatioun weider ze professionaliséieren. Hie geet dervun aus, datt dës Spezialisatioun an Zukunft op véier, amplaz elo dräi Joer, verlängert gëtt.