Gett an Zukunft am Schengener Schlass gekacht? Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit an déi fir den Tourismus zoustänneg Staatssekretärin Francine Closener hunn en deementspriechende Projet presentéiert. D'Konzept gesäit fir, datt hei Chômeuren zu Fachkräften an der Gastronomie ausgebilt ginn. "D'Horesca freet zanter Joren en Hôtel d'application" - seet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp. Senger Meenung no ass déi Iddi, déi bis elo awer wéineg konkret ass, en Chance fir de Site an och fir vill Jonker.
Eng zweet Hotelschoul?
"Dëse Formatiounszenter ass net mat der Dikrecher Hotelsschoul ze vergläichen", seet de François Koepp. D'Ausbildung do dauert bis zu véier Joer an et solle virun allem praktesch Tâchë geléiert ginn. Wann d'Kandidaten de Beruff unhuelen, misste si am Alldag un hire Kompetenze schaffen a sech verbesseren, esou de François Koepp.
1.000 fräi Plazen
Et feele vill Aarbechtskräften am Secteur. "De Problem ass net d'Bezuelung", ënnersträicht de François Koepp. D'Evolutioun vun de Gehälter géif no uewe weisen. Senger Meenung no feelt et un der néideger Koordinatioun an enger klorer Orientatioun. Generell féiert de François Koepp de Manktem un Interessen och op e gesellschaftleche Problem zeréck. Jiddweree wéilt Akademiker ginn, d'Leit wéilten net méi manuell schaffen, well si fäerten domat keng gesellschaftlech Unerkennung ze kréien.
De kompletten Interview vum Sophie Morang mam François Koepp: