Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss ee kënnen zouginn, datt ee sech geiert huet"

Relioun a Glaawen

"Et muss ee kënnen zouginn, datt ee sech geiert huet"

De Bob Reuter ass zanter engem knappe Mount den neie President vun AHA, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. De Wiessel hätt awer näischt mat deem ëmstriddene Communiqué ufanks Mäerz ze dinn, seet hien.

auto_stories

2 min

De Bob Reuter ass den neie President vun AHA

An dësem Communiqué hat AHA zéng Recommandatioune gemaach, wéi d'Leit hir Kanner sech viru pedophillen Tendenzen an der Kierch kënne schützen. Domat géif déi ganz Kierch ënner Generalverdacht gestallt ginn, hate Kritiker deemools gemengt.

Dat wier awer net d'Zil vun deem Communiqué gewiescht an no internen Diskussiounen hat AHA dës Recommandatiounen no 14 Deeg zeréckgezunn. "Dat gehéiert dann och zum Humanismus: et muss ee kënnen zouginn, datt ee sech geiert huet a sech eben och entschëllegen oder ëm Entschëllegung bieden", seet de Bob Reuter.

D'Privileegie reduzéieren

Eent vun den Ziler vun AHA wier et, déi finanziell a kulturell Privileegien, déi d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg iwwer Joerzéngten a Joerhonnerte genoss hätt, ze reduzéieren "an op e gerechten Niveau ze bréngen", seet de Bob Reuter. D'AHA begréisst deen éischte Schrëtt, deen am Laf vun der leschter Legislaturperiod an déi Richtung gemaach ginn ass, hofft awer, datt et domat net gedoen ass.

Déi Kierchen, déi weder vum Kierchefong nach vun de Gemengen iwwerholl goufen a fir de Culte reservéiert bleiwen, sollten als architektonesch Kulturgidder erhale ginn a reaffektéiert gi fir aner Zwecker, déi der Allgemengheet zegutt kommen, fënnt de Bob Reuter. Si géifen zum Patrimoine gehéieren. Fir d'AHA wier et kee Problem, wann déi Gebaier mat ëffentleche Suen géifen ënnerhale ginn, "esou laang wéi dann och de Staat oder d'Gemengen d'Méiglechkeet hunn, déi Gebailechkeeten am Sënn vun alle Bierger ze notzen".

"Sech vun där Iddi léisen"

De Bob Reuter huet de viregte President Laurent Schley op der leschter Generalversammlung un der Spëtzt vun der der ronn 800-Member-staarker Associatioun ofgeléist. Hie selwer gouf kathoulesch erzunn, "esou wéi wahrscheinlech vill Leit hei zu Lëtzebuerg", seet hien. Doduerch hätt hie sech fir d'Fro vu Gott an der Welt interesséiert.

"Iergendwann eng Kéier hunn ech fir mech entdeckt, datt ech mech befreie kéint vun där Iddi, datt et e Gott gëtt an datt Relioun eng wichteg Komponent a mengem Liewen ass. [...] Am Nachhinein géif ech scho soen, datt och eng gewëss Moral vun der kathoulescher Kierch, an där ech och als Kand an der Grondschoul opgewuess sinn, mech belaascht huet a mech onfräi gemaach huet."