Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss ee seng eege Limite kënnen aschätzen"

Benevolat fir Asyldemandeuren

"Et muss ee seng eege Limite kënnen aschätzen"

An engem Flüchtlingsheem zu Miersch versicht d'Asti eraus ze fannen, wéi Benevolen am Beschte kënnen agebonne ginn a wéi een eng lokal Integratioun an de Gemengen ka förderen. Enn 2016 soll ee Modell prett sinn, deen och vun anere Foyeren a Gemengen kann iwwerholl ginn.

Carole Schimmer, po

auto_stories

2 min

Am Foyer fir Asyldemandeuren zu Miersch. D'Asti betreit eng éischte Kéier ee Flüchtlingsheem - ee Projet, dee Modellcharakter soll hunn.

D'Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés ass fir d'éischte Kéier responsabel fir d'Betreie vun engem Flüchtlingsheem. Mat ronn 30 Leit ass et am Verglach zu aneren ee klenge Foyer. D'Halschent vun den Asyldemandeuren, déi hei ënnerbruecht goufen, sinn den Ament Flüchtlingen aus Syrien an Irak an déi aner Halschent kënnt aus Balkanlänner.

Et ass ee Pilotprojet: Bis Enn 2016 gëtt ënnert anerem ee Konzept entwéckelt, wéi ee Benevolen am Beschte kann abannen. Dobäi geet et och drëms kloer ze definéieren, wéi eng Aufgabe vun engem professionellen Assistant social mussen iwwerholl ginn.

Wat d'Benevolë kënne maachen, ass zum Beispill bei den Hausaufgaben hëllefen, Alphabetiséierungscourë ginn, spontan Aktivitéiten organiséieren, mee och eng méi ëmfaassend Begleedung vu Famillen, zum Beispill bei administrativen Demarchen.

Charta fir de Benevolat

D'Asti schafft un enger Charta, fir d'Responsabilitéite vun de Benevolë genau ze klären. Iwwerdeems gëtt och eng Formatioun fir Benevoler entwéckelt, déi Asyldemandë wëlle begleeden. "Et muss een eng gewëss Feinfühlegkeet hunn," sou de Marc Piron vun der Asti.

Wichteg wier et och d'Gesetzgebung ze kennen an z'akzeptéieren, dass een als Benevole net alles ka maachen. Da misst een och mat kulturellen Ënnerscheeder kënnen ëmgoen. An et dierft ee keng ze vill staark emotional Relatioun opbauen. Ëmmerhinn gëtt et de Risiko, dass Asyldemanden net ugeholl ginn.

Lokal Partner abannen

Anert Zil vum Pilotprojet ass et ze weisen, wéi ee lokal Integratioun a Kooperatioun ka förderen. "Mir hoffen natierlech, dass eise Modell aner Foyeren a Gemengen inspiréiert", erkläert de Marc Piron. De Foyer zu Miersch schafft ënnert anerem mam Lycée Ermesinde a mam Lycée Technique fir Gesondheetsberuffer (LTPS) zesummen.

Zum Beispill gëtt een Asyldemandeur aus dem Foyer, deen Informatik-Kenntnisser huet, vun den Informatiker am Lycée Ermesinde encadréiert. Dat fir ze kucken, wéi eng Formatiounen hien nach misst maachen. "Dat erlaabt eise Leit och ze kucken, wou se dru si par rapport zum Lëtzebuerger Aarbechtsmarché".

Den Interview vum Carole Schimmer mam Marc Piron: