Radioen

On air

Notturno  |  Olivia Kaplan - In Pieces

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et soll een näischt iwwer de Knéi briechen"

Debatt iwwer d'Legaliséierung vu Cannabis

"Et soll een näischt iwwer de Knéi briechen"

"Et soll een näischt iwwer de Knéi briechen". Mat dem Saz verschafen d'Parteie sech Zäit an der Diskussioun ronderëm eng eventuell Legaliséierung vu Cannabis. Gëschter gouf déi deementspriechend Petitioun, déi vu ronn 7.500 Persounen ënnerschriwwe gouf, ëffentlech debattéiert. Eens war ee sech, datt eng breet Debatt misst gefouert ginn. Eng ganz Rei Froe stinn awer weider nach op.

auto_stories

3 min

Virop déi vum Model, dee fir Lëtzebuerg a Fro kéim. D'Petitionäre plädéiere fir de kanadesche Modell vun 2018. Konkret heescht dat, datt de Verkaf vu Cannabis op fënnef Gramm pro Persoun limitéiert soll ginn a kee méi wéi 500 Gramm Cannabis dierf besëtzen an, datt am Ëmkrees vu 500 Meter vun enger Schoul, keng Coffeeshoppen dierfen opmaachen. De Model wier exzeptionell, seet de Guy Munhoven deem de Buttek mat Cannabis Accessoiren, Placebo gehéiert an deen d'Roll vum Petitionär während der Debatt iwwerholl huet.

Guy Munhowen: "Kanadesche Modell geet super an den Detail"

De kanadesche Modell wier eng Synthees vun all de Feeler, déi bis ewell beim Thema Cannabis gemaach gi wieren, sou de Petitionär. "E geet super an den Detail. Déi hu sech den Aarsch opgerappt, fir de Projet auszeschaffen", sou de Guy Munhowen.

Verschidde politesch Parteie fuerdere scho méi laang d'Fräigi vum Cannabis, ënner verschiddene Formen. déi gréng, d'Partei fir integral Demokratie zesumme mat de Piraten, d'LSAP, déi Lénk an d'DP hunn dat an hirem Wahlprogramm stoe fir d'Chamberwahlen dëst Joer. Trotzdeem wëllen och déi Parteien elo näischt iwwer de Knéi briechen.

Alex Bodry: "Dem kanadesche Modell eng Chance ginn, mee keen Hauruckverfahren"

"Et schéngt mir wichteg ze sinn, datt mir dem kanadesche Modell eng Chance ginn", seet den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. Et misst ee fir d'éischt ee bis zwee Joer ofwaarden, wéi dëse Modell sech um Terrain bewäert. "Et soll een elo net am Hauruckverfahre virgoen. Den Terrain muss gutt preparéiert ginn."

CSV als eenzeg Partei komplett géint Legaliséierung

D'CSV ass als eenzeg Partei komplett géint eng Legaliséierung vum Cannabis. Virun allem de Schutz vu Mannerjärege mécht der gréisster Oppositiounspartei Suergen.

Wéi déi aner Parteien ass d'CSV awer och oppe fir eng méi breet Diskussioun. Virun allem iwwer Aspekter wéi d'Preventiounsmesuren an den Drogentourismus.

ADR plädéiert fir "Léisung op europäeschem Niveau"

Genee do gesäit d'ADR dee gréisste Problem. Uerdentlech Kontrolle wieren, an engem Land wéi Lëtzebuerg schwéier, seet de Gast Gibéryen. D'ADR plädéiert fir eng Léisung op europäeschem Niveau.

"Et kann een alles kontrolléieren", do gëtt de Gast Gybérien dem Guy Munhowen Recht, fir e klengt Land wier dat awer méi schwéier. Zemools wann et de Cannabis aus dem Ausland géif bezéien. Doriwwer eraus misst een och den Opwand am A behalen. Lëtzebuerg sollt, der ADR no, keen Alleingang ënnerhuelen.

Guy Munhowen: Staat huet Méiglechkeeten alles ze kontrolléieren

De Guy Munhoven gesäit dat alles manner problematesch. De Staat hätt haut d'Méiglechkeet fir alles vun A bis Z ze kontrolléieren. Wat déi Mannerjäreg ugeet wier am kanadesche Modell alles virgesinn. Virun allem misst een oppe kënnen iwwer Problemer diskutéieren.

"Dei Hypokrisie muss eng Kéier ophalen", seet de Petitionär. Eng gelonge Preventioun géif viraussetzen, datt een iwwer Droge schätze kann. "Et wier och schéin, wann e Jugendleche géif zu senger Joffer soen, datt hien e Problem mat Cannabis hätt", sou de Guy Munhowen.

48 Joer déi falsch Drogepolitik

Schlussendlech ware sech d'Parteien eens, datt et zu Lëtzebuerg keng Kontroll am Drogeberäich géif ginn, an datt zu Lëtzebuerg déi lescht 48 Joer déi falsch Drogepolitik gemaach gi wier.

De Justizminister huet unerkannt, datt den Drogekonsum zu Lëtzebuerg an an all de Länner ronderëm eropgaangen ass. Et kéint ee soen, datt dat net effikass gewiescht wier, "mee Drogepolitik ass jo net Repressioun." Zu enger Drogepolitik géifen nach vill weider Aspekter gehéieren, "mee d'Repressioun huet och net wierklech gewierkt", seet de Félix Braz.

Zum Schluss gouf festgehalen, datt dës Chamber am September nach eemol soll zesummekomme fir méi breet iwwer d'Drogepolitik, Preventiounsmesuren an d'Legaliséierung vu Cannabis ze diskutéieren.