Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et steet schlecht ëm déi däitsch Politik

Däitschland

Et steet schlecht ëm déi däitsch Politik

Wat ass lass mat der däitscher Politik? An all de Landtagswahlen dëst Joer gouf et dat selwecht Muster: Déi etabléiert Parteie verléiere Wieler, d’Rietspopuliste vun der AfD sammele Stëmmen. Am Hibléck op d’Bundestagswahl d’nächst Joer stellt sech d'Fro, wei schlëmm et ëm déi Däitsch Politik steet.

auto_stories

3 min

Et muss séier eppes geschéien, fënnt de Matthias Kirsch

Am Joer 1986 sot den deemolege bayresche Ministerpresident Franz-Josef Strauß, et dierft keng demokratesch legitiméiert Partei riets vun der CSU ginn. 30 Joer méi spéit gëtt déi ganz däitsch Politik vu riets iwwerholl. D’Alternative für Deutschland, kuerz AfD, huet ee Wahlsuccès nom aneren. Vu Lénks an aus der Mëtt kënnt wéineg.

Déi Grouss Regierungskoalitioun huet an Däitschland scho laang kee Réckhalt méi. An den éischten dräi Joer vun der Legislaturperiod huet sech zwar vill gedoen, mee op all positiv Initiativ, wei dem Mindestloun, kënnt een Eclat, wéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung. Déi grouss Koalitioun gëtt dominéiert vum interne Sträit. A Sträit féiert seelen zu effektiver Politik. Mee d’Regierungsparteien hunn och eleng scho genuch Problemer. D’CSU, d’Schwësterpartei vun der Angela Merkel hirer CDU, regéiert a Bayern ouni Konkurrenz a steet scho laang net méi hannert dem grousse Brudder - virun allem an der Flüchtlingspolitik.

Wéineg Géigewand

Déi grouss, al Dame vun der däitscher Politik gëtt vu riets iwwerholl. Dat gouf et nach ni an der däitscher Nokrichsgeschicht. Uewergrenze fir Flüchtlingen, dat ass an der AfD bal harmlos Rhetorik. Ma esou erfollegräich, wei d’AfD riets iwwerhëlt, dat jäizt no enger Reaktioun vu Lénks. Mee et héiert ee weder déi Gréng, nach déi Lénk, nach d'Sozialisten. Déi däitsch Oppositioun opposéiert net méi, d’Rietspopulisten diktéieren den Discours an d’Richtung vun der Politik.

Mee och vun de Sozialiste kënnt net wierklech vill – obwuel d’SPD an de Sigmar Gabriel scho Wahlkampf maachen. An hiert Ziel ass kloer: Endlech erëm stäerkste Kraaft an enger Regierung ginn. Mee wei? Déi eenzeg Alternativ wier rout-rout-gréng op nationalem Niveau, eng Koalitioun mat de Lénken an de Gréngen also. Um Pabeier kléngt dat gutt. Mee et muss een net wäit kucken, fir ze gesinn, datt d’Sozialisten esou wäit vum Vollek ewech sinn, wéi scho laang net méi. D'leschte Weekend hunn d’SPD-Memberen sech fir CETA ausgeschwat - d’Fräihandelsofkommes mat Kanada, dat als Generalprouf fir TTIP gëllt. Datt de selwechte Weekend an Däitschland knapp 300 Dausend Léit géint TTIP a CETA op d’Strooss gaange sinn, schéngt bei der SPD keen z'interesséieren.

Wettrüsten no Riets

Wourop muss een sech also d'nächst Joer astellen? Wann een d’Aussoe vun CSU an AfD héiert, da kënnegt sech e Wettrüsten un. An zwar no Riets. Dat ass eng Entwécklung, déi een an Däitschland ni méi fir méiglech gehalen hätt. An déi vill Leit bei deene Lénken, deene Gréngen a bei de Volleksparteien nach ëmmer net realiséiere wëllen.

Mee et ass d’Realitéit, an et muss séier eppes geschéien. Ee Joer ass séier laanscht. A wann d’AfD an den dräi Landtagswahlen tëscht haut an de nationale Wahlen am engem Joer weider sou staark ofschneit, dann ass et laang ze spéit.

Déi Gréng a di Lénk mussen endlech un engem Strang zéien a kloer Positioune bezeien. A wat d’SPD ugeet: Vläicht muss de Sigmar Gabriel realiséieren, datt d’Aarbechterklass sech einfach net méi mat senger Politik identifizéiert. Wie kann et de Léit verdenken, wann d’Partei méi hannert de groussen Entreprisë wei hiren Aarbechter steet. Eng eventuell rout-rout-gréng Regierung hänkt virun allem dovun of, datt eng staark SPD der Konkurrenz vu riets géinteniwwer steet. All dat sinn awer just eidel Wieder, wann de Sigmar Gabriel weider alles drusetzt, fir den S aus dem Numm vu senger Partei ze sträichen.