Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art School Girlfriend - Real Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi richteg Äntwert op Terrorismus?

Etat d'Urgence

Déi richteg Äntwert op Terrorismus?

De Staatsrot insistéiert, datt den neie Verfassungsartikel iwwer den Etat d'Urgence net fir de Fall vun Terrorismus soll gëllen. Juristen deelen déi Analys, mee d'Chamber kéint un hirem Projet festhalen.

auto_stories

6 min

Militärpatrouille zu Paräis während der Fussball-EM. A Frankräich gëlt den Etat d'Urgence zënter November 2015. Nom Attentat vum 14. Juli zu Nice gouf en ëm sechs Méint verlängert. (© dpa pi

An der Suite vun den Attentater a Frankräich, huet déi blo-rout-gréng Koalitioun am Januar proposéiert fir den Etat d'Urgence an déi Lëtzebuerger Verfassung anzeschreiwen. Den neien Artikel 32, Paragraph véier - an deem bis ewell just de Fall vun enger internationaler Kris virgesinn ass - soll ergänzt ginn.

Ënnert anerem soll d'Regierung bei enger "graver Atteinte op déi ëffentlech Uerdnung" während engem gewëssen Zäitraum ouni d'Chamber iwwert de Wee vu Reglementer kënne regéieren. Aner Gesetzer kéinte während dem Etat d'Urgence ausser Kraaft gesat ginn.

Fir Naturkatastrophen, net fir Terrorismus

De Staatsrot huet dozou elo ee kriteschen Avis virgeluecht. Den Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg Stefan Braum resuméiert den Avis esou: "Den éischte Message ass, mir brauche keen Etat d'Urgence wann et ëm Terrorismus geet. Den zweete Message ass, sou wéi den Etat d'Urgence virgesinn ass, ass en demokratesch duerch de Legislateur net ze kontrolléieren. An den drëtte Message ass, och déi juristesch Kontroll an Iwwerpréiwbarkeet vu bestëmmte Begrëffer si genau sou technesch onméiglech."

De Staatsrot proposéiert fir den Terme "Etat d'Urgence" duerch "national Kris" z'ersetzen - a fir dësen Terme méi enk ze definéieren: Just wann d'Bevëlkerung a Gefor wier, zum Beispill wéinst enger Naturkatastroph, engem Atomaccident oder engem Krich, kéint d'Regierung op d'Prozedur vum Ausnamezoustand zréck gräifen.

Terrorismus, soulaang e weder grouss Deeler vun der Bevëlkerung a Gefor bréngt an och de Funktionnement vun den Institutiounen net a Fro stellt, wier aus dëser Definitioun ausgeschloss.

LSAP wëll um Etat d'Urgence festhalen

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ass mat der Kritik vum Staatsrot net averstan. Hien hält et fir besser, der Regierung an akute Situatiounen d'Méiglechkeet ze gi Grondrechter anzeschränken. D'Regierung hätt eng Rei Mesuren an d'Gespréich bruecht: Zum Beispill wat d'Perquisitiounsméiglechkeeten ugeet, oder d'Duerchsiche vun Autoen.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry warnt, datt ouni den Etat d'Urgence déi normal Gesetzer kéinte verschäerft ginn.

Esou Bestëmmunge wéilt d'Koalitioun net an d'allgemengt Recht aféieren. Amplaz géif een da just an "urgenten a gravë Krisesituatioun" temporär op esou Moossnamen zréck gräifen. Ouni een Etat d'Urgence géif den Drock klamme fir déi allgemeng Gesetzgebung iwwer d'Terrorbekämpfung ze verschäerfen, an dat misst een evitéieren, esou den Alex Bodry.

Als Äntwert op d'Kritik vum Staatsrot proposéiert den LSAP-Fraktiounschef, fir an deem neie Verfassungsartikel kloer festzehalen, dass d'Noutstandsmesurë missten "néideg, adequat a proportionell" sinn. De Conseil de l'Europe a Verfassungsgeriicht hätten dat esou och festgehal, sou den Alex Bodry. Andeems een dës Grondprinzipien an den "32.4" aschreift, wiere se "fest a Beton gegoss".

CSV ass sech nach net sécher

Fir eng Verfassungsännerung ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber néideg: Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass deemno op d'Stëmme vun der CSV ugewisen. De Fraktiounschef Claude Wiseler ass sech nach net sécher, wéi eng Conclusioune seng Partei aus dem Avis vum Staatsrot soll zéien. Déi gréissten Oppositiounspartei géif déi vill Kritikpunkten elo nach genau ënnert d'Lupp huelen. Mee et wéilt een déi Analys eréischt maachen, wann och de Staatsrot och säin Avis ginn huet iwwer déi nei Anti-Terror-Gesetzer, déi de Justizminister deposéiert huet. Déi zwou Saache géifen "extrem enk" zesummen hänken, sou de Claude Wiseler.

D'CSV selwer huet d'Aféiere vum Etat d'Urgence gefuerdert, mee verbonne mat engem präzise Mesurëkatalog, op deen d'Regierung während dem Ausnamezoustand dierft zréck gräifen. Well d'Regierung elo parallel eng Verschäerfung vun den Anti-Terror-Bestëmmungen op den Instanzewee geschéckt huet, stellt sech d'Fro, wéi sech dat mam Ausnamezoustand géif ergänzen.

Den CSV-Fraktiounschef wëll sech zum Etat d'Urgence réischt festleeën, wann de Staatsrot och déi nei Anti-Terror-Bestëmmungen kommentéiert huet.

D'Iddi vum Etat d'Urgence wier jo grad, dass d'Police eng Rei Méiglechkeeten net permanent géif kréien, betount de Claude Wiseler. Wann een der Police elo awer permanent méi Moyene wéilt ginn, well den Terrorismus eng konstant Menace ass, kéint de Claude Wiseler déi Iwwerleeung verstoen. Mee d'CSV wéilt a Saache Rechtsstaat a Grondfräiheete genau oppassen, dowéinst hätt een eng aner Demarche proposéiert.

Am Prinzip steet de Claude Wiseler awer weider hannert der Iddi vun engem Etat d'Urgence, och wann dee eréischt an der Suite vun Terroruschléi gräift. Mee heiansdo misst een dann déi Schëlleg sou séier wéi méiglech festhalen, fir weider Akten ze verhënneren. An och d'Reseauen, déi hannert engem Attentat stiechen, misst een opdecken. Do an der Urgence kënnen ze handelen, wier eng Noutwendegkeet, esou de Claude Wiseler.

Etat d'Urgence: "Ee symbolesche Placebo-Effekt"

Mee wéi kënnt een dann nee aus dem Etat d'Urgence eraus, wann e bis eemol an der Suite vun engem Attentat deklaréiert gouf? De Risiko vu weideren Attentater kéint jo weider bestoen. De Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg warnt: "Sou staark een d'Strofrecht an déi sozial Kontroll verschäerft, doduerch kritt een de Problem net an de Grëff."

Den Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg Stefan Braum hält den Etat d'Urgence fir ee renge Placebo.

D'Diskussioun iwwer den Etat d'Urgence hätt ee symbolesche Placebo-Effekt, deen déi eigentlech Problemer hannert dem Terrorismus, déi "sozialer a makro-politescher Natur" sinn, géif verdecken.

Frankräich am Däiwelskrees

Frankräich wier dat eenzegt Land dat den Etat d'Urgence als Haaptäntwert op den Terrorismus promouvéiert, betount sengersäits de Michel Erpelding. De Jurist vum Max-Planck-Institut fir internationaalt Recht hat zesumme mat anere Juristen een oppene Bréif un de Premier geschriwwen, fir op d'Risike vum Etat d'Urgence hinzweisen. An déi aktuell Situatioun am Nopeschland géif weisen, dass d'Politik an engem Däiwelskrees gefaangen ass: No all Attack géifen nach méi repressiv Mesurë gefuerdert ginn, ouni dass een doduerch weider Attentater kéint verhënneren.

Mëttlerweil wier ee bei Fuerderunge vun der Oppositioun , datt déi sougenannt "détention administrative" agefouert gëtt. Dat géif bedeiten, dass ee Leit kéint an de Prisong setzen ouni Uerteel vun engem Riichter, sou de Michel Erpelding. D'Marine Le Pen vum Front National géif schonn zënter méi Laangen d'Nees-Aféiere vun der Doudesstrof fuerderen. Geschwënn kéint dann och vu méi "muskléierten Interrogatiouns-Techniken", dat heescht Folter, Rieds goen.

Frankräich ass wéinst dem Etat d'Urgence an engem Däiwelskrees vun enger ëmmer méi repressiver Politik gefaang, mengt de Michel Erpelding vum Max-Planck-Institut.

D'Logik vum Terrorismus

De Jurist begréisst den Avis vum Staatsrot a gesäit doranner ee klore Message un d'Politik, dass een op Ausnameregelungen am Kontext vum Terrorismus soll verzichten. Mee trotz senge ville kritesche Remarquë formuléiert de Staatsrot um Enn keng formell Oppositioun.

De Michel Erpelding mengt, datt et ee Malaise an der Gesellschaft gëtt. Jidderee wéisst, datt et ee Risiko vun Attentater gëtt. An kee wéilt sech dono reprochéiere loossen, en hätt keng méi repressiv Mesurë wëllen zouloossen. Mesurë vun deenen dann no engem Attentat gesot kéint ginn, si hätte vläicht eppes kënne verhënneren.