Radioen

On air

Kultur um 5  |  Okkervil River - Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "ETCS" oder "Memor II+"

Zuchaccident Diddeleng

"ETCS" oder "Memor II+"

Den aktuelle Sécherheetssystem op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Frankräich huet en automatesche Bremsmechanismus, deen aschalt, wann en Zuch duerch e Stoppsignal fiert, erkläert de Paul Gries, President vun der Gewerkschaft FCTP-Syprolux. De Gewerkschaftler warnt viru Vergläicher tëschent dem Zuchaccident vun Diddeleng mat deem virun 10 Joer zu Zoufftgen.

auto_stories

4 min

De "Memor II+"-Sécherheetssystem, deen op der Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg a Frankräich a Betrib ass, declenchéiert normalerweis eng Vollbremsung, am Fall wou en Zuch duerch e Stoppsignal fiert, seet de Paul Gries, President vun der "Fédératioun chrétienne du personnel des transports". Firwat, datt dee System net gegraff huet, misst d'Enquête erginn. Och ouni deen neien ETCS-Sécherheetssystem (deen nom Accident virun 10 Joer op alle Strecken zu Lëtzebuerg installéiert gouf), gëtt nom Depassement vun engem Signal eng Schnellbremsung ausgeléist, seet de Gewerkschaftler. Dem Paul Gries no dierften déi zwee Accidenter awer net matenee verglach ginn, well dës Kéier d'Stellwierk net implizéiert war.

D'Sécherheet vu Sécherheetssystemer

D'CFL an d'Regierung hätten nom Zuchaccident vu Zoufftgen massiv an de Reseau investéiert, Lëtzebuerg hätt eng Spëtzepositioun duerch den neie Sécherheetsdispositif ETCS "European Train Control System", sou de Paul Gries. E Problem wär, datt dee System nach net a ganz Europa funktionéiere géif. Déi Europäesch Kommissioun misst do méi Drock maachen.

Den ETCS-System hätt den Avantage op de "Memor II+", datt e fréizäiteg d'Vitess vum Gefier kontrolléiert, an dofir suergt, datt wann den Zuch a voller Kontroll vum System fiert, en Depassement vum Signal net méiglech ass, erkläert de Paul Gries. Den Zuch kéim an deem Fall just nach knapp iwwert d’Signal ewech a géif baussent dem Geforepunkt stoe bleiwen. Mee och mam ale "Memor II+" System gëtt et beim Depassement vum Signal dee Schnellbremsungseffekt, seet de Gewerkschaftler. D'Enquête misst erginn, wéi dee System zu Diddeleng gegraff hätt. "Den Depassement hätt missten eng Schnellbremsung ausléisen."

Eng Saach vu Sekonnen

Den Accident wier op enger Kräizung geschitt. Et kéint een net soen, datt béid Zich op deem selwechte Gleis ënnerwee waren. "Et war onglécklech, datt si sech frontal ze pake kruten."

De Lokführer vum franséische Gidderzuch hätt de Lëtzebuerger Persounenzuch gesi kommen, en hätt gebremst a wär no hanne gelaf . "Dat ass eng Saach vu Sekonnen." Och am Stellwierk vu Beetebuerg géif een eréischt am leschte Moment den Depassement vun engem Stoppsignal gesinn. "An dann ass et schonn ze spéit", seet de Paul Gries.

Konsequenzen no Zoufftgen 2006

D'Sécherheetskultur bei der Eisebunn hätt sech verbessert. Et wieren Checklëschten agefouert ginn, fir déi Persoun, déi den Uerder gëtt, datt een Zuch soll fueren. Eréischt wann déi Checklëscht ofgeschafft ass, däerf et eng Autorisatioun ginn, esou de Paul Gries. "Hei huet een et mat engem anere Fall ze dinn, well keng Autorisatioun vu bausse komm ass", seet den Eisebunner.

Zanter dem Accident vun Zoufftgen wier och an der Ausbildung vun de Maschiniste vill geschitt. De Lokführer misst en europäesche Führerschäi maachen. E kritt eng Grondausbildung, duerno gëtt en an der Formation continue gepréift a getest. Dofir hätt sech d'CFL e spezielle Simulator ugeschaaft.

Problemer op der Stréck Richtung Frankräich

Am Editorial vun der Dageszeitung "Le Quotidien" gi "rezent Incidenten op der Stréck Richtung Frankräich" ernimmt. Dem Paul Gries no géif et sech dobäi ëm Problemer mam Stellwierk Beetebuerg handelen, déi näischt mat dësem Accident ze dinn hätten. Zanter der Iwwerschwemmung vum Stellwierk, a well d’Installatiounen al wieren, kéim et regelméisseg zu technesche Problemer. Et ass geplangt, fir dat Stellwierk ze moderniséieren, seet de Paul Gries.

Mediekritik

De Gewerkschaftler kritiséiert, datt verschidde Medien den Numm vum Maschinist vum Lëtzebuerger Zuch genannt hunn, dee beim Accident ëm d'Liewe komm ass. "De Mënsch huet Recht op seng Privatsphär", d'Nimm vu Betraffenen dierften net sou fréizäiteg an d'Press kommen. De Paul Gries kritiséiert och de Verglach tëscht dem Accident vu Diddeleng mat deem vun Zoufftgen 2016. Den Accident um Dënschdeg wier an der Gare Beetebuerg geschitt an hätt näischt mat de Faite virun zéng Joer ze dinn. Et wier net gutt, do e Lien hierzestellen, seet de Paul Gries. Dat géing zu Fehlinformatiounen an zu Vergläicher féieren, déi net dierfte gezu ginn.