Eng Rëtsch Distributeuren zu Lëtzebuerg musse Produiten iwwer Grossisten aus dem Ausland, zum Beispill der Belsch, akafen. Duerch dësen Intermediaire sinn d’Verkafspräisser vun auslännesche Produiten an de Supermarchéen hei am Land dacks méi héich wéi an den Nopeschlänner. Dat wier eng "deloyal Konkurrenz", sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Virfeld vun der Benelux-Konferenz iwwer den Eenzelhandel zu Bréissel.
"Grouss Marquen, déi hu Verträg mat Grossisten. An déi Grossistë hätten nieft dem belsche Marché och de Lëtzebuerger Marché mat dobäi, sou dass der als Supermarché zu Lëtzebuerg net derlaanscht kommt. An dat ass eng 'concurrence déloyale', déi a mengen Aen esou net geet. Dat schued eise Clienten, dat schued de Konsumenten an dat schued och der Lëtzebuerger Economie, well awer vill Leit iwwer d'Grenz eraus an d'Supermarchéen akafe ginn. A fir eng ganz Rei Produiten ass et eng richteg Differenz am Präis."
D'Rechter vum EU-Bannemarché
Am europäesche Bannemaart kann all Entreprise Geschäfter mat auslännesche Firme maachen. Well Lëtzebuerger Supermarchéen auslännesch Wueren awer zum Beispill iwwer Grossisten an der Belsch oder an Holland, mussen akafe, wier dëst Recht hei am Land net garantéiert. Dat sot den Administrateur-Directeur vun der Supermarchés-Chaîne Cactus a Vize-President vun der Lëtzebuerger Handelskonfederatioun CLC, Laurent Schonckert, an der Emissioun Riicht Eraus.
Hien huet d’Beispill vun der Mineralwaasser Marke Vittel genannt. Well dës Produiten iwwer eng Filiale vu Vittel zu Breissel missten akaf ginn, wier den Akafspräis méi héich, huet de Laurent Schonckert kritiséiert. Dat hätt een Effekt op de Konsument, "well wa mir net sou bëlleg kënnen akafe wéi anerer, huet dat och eng Inzidenz op de Verkaafspräis".
Enquête vun der CLC
Déi Lëtzebuerger Handelskonfederatioun (CLC) huet am Hierscht zejoert all déi betraffen Entreprisen zu Lëtzebuerg ugeschriwwe, fir Donnéeën zum Thema ze sammelen. Den Etienne Schneider hofft, datt d’Resultater vun dëser Enquête nach dëst Joer der Europäescher Kommissioun kënne presentéiert ginn.
D’Vertrieder aus Politik an Ekonomie aus dem Benelux-Raum diskutéieren donieft iwwer d’Erausfuerderungen an d’Objektiver vum Eenzelhandel an der Wirtschaftsunioun.