Etienne Schneider: Mandatslimitéierung gëllt vun 2013 un

Gutt zwou Woche virum Referendum hëlt d’Regierung nach emol kloer Positioun an der Fro vum Limitéiere vun hire Mandater. "Wann d’Majoritéit de 7. Juni dofir stëmmt datt d’Regierungsmandater op maximal zéng Joer limitéiert solle ginn, da gëllt dat fir déi blo-rout-gréng Koalitioun réckwierkend vum Dezember 2013 un", esou de Vize-Premier Etienne Schneider am 100,7-Interview. Legal gesi géif et keng Obligatioun ginn dat ze maache well d’Mandatslimitéierung réischt dann a Kraaft trëtt wann d’Verfassung an d’Gesetz geännert sinn.

All d’Regierungsmembere géifen sech awer politesch engagéieren hiert aktuellt Mandat vun Ufank u mat anzerechnen. “Dat ass méi wéi fair”, esou den Etienne Schneider. An enger vun den dräi Referendumsfroe vum 7. Juni ginn d’Wieler gefrot, ob si fir oder géint en zäitlecht Limitéiere vun de Ministermandater sinn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen