Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwert de Wäert vun der "Culture financière"

Wirtschaftschronik

Iwwert de Wäert vun der "Culture financière"

D'Lëtzebuerger Zentralbank huet eng Etude maache gelooss fir ze moossen, wéi gutt d'Leit sech mat Finanz-Instrumenter an Investitiounsméiglechkeeten auskennen. D'Resultat ass op den éischte Bléck gutt.

auto_stories

3 min

De Jean-Paul Hoffmann ass Direkter vum radio 100,7

Zu Lëtzebuerg schéngt déi sougenannte "Culture financière", also d'Wëssen iwwer Finanzprodukter an hir Risiken, éischter gutt ze sinn. Hei d'Schlësselresultater aus der Etude vun der Zentralbank:

  • 85 Prozent vun de befrote Leit hei am Land hunn e korrekt Verständnes vun der Inflatioun
  • 70 Prozent vun de Leit kënne richteg den Ënnerscheed maachen tëscht engem Immobiliekredit mat fixem, an engem mat variabelem Zënssaz
  • 63 Prozent vun de Befrote kennen de Lien tëscht diversifizéiertem Investitiouns-Portefeuille a Risiko: wat méi diversifizéiert, wat manner Risiko
  • 45 Prozent vun de Leit kënne korrekt Risiken identifizéieren, déi mat bestëmmten Investment-Vehikelen zesummen hänken.

Resultater op den éischte Bléck net verwonnerlech

Lëtzebuerg ass mat deene Resultater international am Spëtze-Peloton. Eigentlech sollt dat och net terribel iwwerraschen an engem Land, dat méi Banquieren pro Meter Carré zielt wéi déi meescht aner Länner op dësem Planéit. Ausserdeem ass Lëtzebuerg eent vun de wéinege Länner, wou d'Inflatioun duerch den Index-Mechanismus en direkten Afloss op Léin a Gehälter huet – an et ass natierlech schonn e bësse peinlech, wann een net versteet wat engem säi Revenu dreift.

Lëtzebuerg ass och eent vun deene Länner wou de Prozentsaz vu Proprietairë vun Haiser an Appartementer am héchsten ass. Duerfir stinn och d’Chance gutt, dass ee weess wat déi relativ Avantagen oder Nodeeler vun engem fixen oder variabelen Zënssaz sinn.

Feeler evitéieren duerch een zolidd Wëssen

Mee Spaass op d’Säit. Et ass wichteg, eng gutt an zolidd "Culture Financière" ze hunn. D'Zäite wou den Eenzelen elleng de Choix hat tëscht engem Spuerbuch, Staatsobligatiounen, Aktien oder Gold si laang passé. Den Universum vun den Investitiounsinstrumenter ass haut onwahrscheinlech méi komplex a méi grouss, d'Kreditméiglechkeete si vill méi potent, de Marché ass globaliséiert.

Wien eng gutt an zolidd "Culture Financière" huet, ka Feeler evitéieren, wéi schlecht Investitiounen, Risikoaccumulatioun, an Iwwerverschëldung. Eng Gemeinschaft huet also en direkten Interêt drun, fir d'Entwécklung vun esou Kompetenzen z'ënnerstëtzen.

"Éducation financière" als Schoulfach

Lëtzebuerg huet an deem Beräich awer nach méi Ustrengungen ze maachen, wéi dat vläicht op den éischte Bléck opgrond vu de gudde Resultater an der Ëmfro kéint ausgesinn.

Éischtens, well d’Culture Financière hei am Land net gläich verdeelt ass. Si ass besser bei deene Leit mat méi héijer Ausbildung, méi héijem Salaire, méi groussem Patrimoine, si ass och besser bei de Männer wéi bei de Fraen, an och besser bei deene Leit déi am Ausland gebuer si wéi bei de Stack-Lëtzebuerger. Och hei hu mir also vill importéierte Knowhow.

A wat seet d’Vox Populi? 77 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, dass d'Éducation financière als Fach an d’Schoul gehéiert. Awer nëmmen 21 Prozent soen, dass si effektiv Coursen an dësem Beräich an hirer Schoulzäit haten. Do ass also nach e Chantier.