Wéi vill EU-Bierger am Kader vun där Delegatioun nach am Afghanistan sinn, wollt den EU-Chefdiplomat Josep Borrel den Dënschdeg net verroden. D'Zuel vun den afghanesche Mataarbechter an hire Familljen huet de Spuenier op 3 bis 400 geschat. Wann ee wéilt datt si de Fluchhafen erreechen, da misst ee mat den Autoritéite vun den Taliban schwätzen.
Spuenien huet Visaen offréiert, déi fréier Mataarbechter vun der EU-Delegatioun sollen dann dono an d'Memberlänner verdeelt ginn, sou de Josep Borrell. Wéi genee, doriwwer musse sech d'Memberlänner nach eens ginn. Lëtzebuerg ass prett, der 12 opzehuelen - dat sot eis den Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.
D'EU wäert iwwerdeems weider humanitär Hëllef op der Plaz leeschten, fréiert awer d'Payementer vun hirem 1,2 Milliarden Euro Entwécklungs-Programm fir elo an, sou d'Annonce vum Josep Borrel.
Wou bleift déi europäesch Approche an der Afghanistan-Politik huet d'Lailuma Sahid déi eenzeg afghanesch EU-Korrespondentin op der Pressekonferenz no der Reunioun vun den Ausseministere gefrot, emotional getraff huet si besonnesch op d'Situatioun vun de Fraen am Land higewisen.
"Ech bieden iech, den Taliban-Regime net ouni Konditiounen unzeerkennen, mir wëllen net zeréckgoen, mee no vir."
Hien hätt net gesot, datt d'EU den Taliban-Regime unerkenne wäert, sou d'Äntwert vum Chefdiplomat Josep Borrel. D'Decisioun Afghanistan ze verloossen, wier iwwerdeems eng amerikanesch a keng europäesch gewiescht. D'EU eleng hätt net kënnen op der Plaz bleiwen, sou de Spuenier. Ee Saz dee weist, wéi schwéier et wäert ginn, an Zukunft eng europäesch Approche ze definéieren.