Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beach Fossils - Run To The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëllt matschwätzen, weess awer net genee wéi

Ukrain-Konflikt

EU wëllt matschwätzen, weess awer net genee wéi

Wéi fält déi Europäesch Äntwert op e méiglechen Ugrëff vu Russland an der Ukrain aus? D'EU-Ausseminister weise sech no baussen eenheetlech, di sech awer schwéier domat, eng gemeinsam Positioun méi am Detail ze definéieren.

auto_stories

3 min

Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrel bei der Pressekonferenz gëschter Owend. Foto: EU / Mario Salerno

No bausse gëtt Eenheet demonstréiert. An den Aussoe vun de verschiddene Ministeren aus de 27 EU-Memberlänner weist sech awer awer ëmmer nees, datt sech d'EU schwéier domat deet, eng eenheetlech Approche méi am Detail ze definéieren.

Josep Borrel a Jean Asselborn setzen op Dialog

De Risiko vun enger russescher Interventioun gëtt an der EU ganz ënnerschiddlech ageschat. Op d'Fro, ob d'EU genee wéi d'USA a Groussbritannie sech aus der Ukrain zeréck zéie wëllt, huet den EU-Chefdiplomat Josep Borrel d'Gefor éischter erofgespillt:

"Mir sollten dat net dramatiséieren, soulaang d'Verhandlungen nach lafen - an dat ass de Fall - sollte mer d'Ukrain net verloossen."

Fir hie steet den Dialog mat Russland ganz uewen op der Agenda, genee ewéi fir de Jean Asselborn, esou de Lëtzebuerger Ausseminister:

"Ech gesi jo awer och, datt ee Mann wéi de Putin wierklech agesäit, datt zum Beispill déi ganz Geschicht vun Nordstream II absolut net ka funktionéieren, wann et zu enger militärescher Interventioun kënnt. Do gëtt et also och Argumenter, déi op der Logik baséieren, déi mussen a Betruecht geholl ginn."

De Lëtzebuerger Ausseminister wëllt den - wéi hie se nennt - "Suerge vum Wladimir Putin" mat de Waffe vun der Diplomatie begéinen. Dogéint ass keen an der EU.

Däitschland blockéiert Waffeliwwerungen

D'Betounung läit awer net ëmmer dorop. D'Vertrieder aus dem Oste vun Europa stellen an hiren Interventiounen d'Demonstratioun vun europäescher Stäerkt no vir. Dozou gehéiert et och der Ukrain duerch Waffeliwwerungen ze hëllefen.

"Et ass wichteg d'Ukrain a verschidde Beräicher ze ënnerstëtzen, wéi Cybersecurity, Desinformatioun an der Defense", seet déi estesch Ausseministerin Eva-Amria Liimets.

Ween ee Krich verhënnere wëllt, muss och een och prett sinn Waffen an d'Ukrain ze liwweren, betount och de Litaueschen Ausseminister Gabrielis Landsbergis, fir datt d'Ukrain sech selwer verdeedege kéint. Dat géifen déi baltesch Länner och maachen.

D'EU ass sech do awer net eens. D'Ukrain oprëschten notzt näischt, seet de Jean Asselborn, a kënnt der däitscher Regierung zu Hëllef. Däitschland hat eng Waffeliwwerung vun Estland an d'Ukrain blockéiert, wat fir Kritik gesuergt hat.

Ekonomesch Sanktiounen

Berlin géif éischter un ekonomesche Support denken, sot gëscht déi däitsch Ausseministesch Annalena Barbock. An déi Richtung ass och d'Europäesch Kommissioun gaangen, mat der Annonce vun engem zousätzleche Finanzpak vun 2,4 Milliarden Euro, d'Hallschent dovun als Prët, déi aner als Subsiden.

D'EU-Ministeren hu gëscht op en Neits betount, datt Russland mat Sanktioune rechne muss am Fall vun enger Interventioun - ouni awer genee ze präziséieren, wéini genee déi géifen declenchéiert ginn, an aus wat se genee bestinn.

D'Fro, wéi seriö Russland d'EU als Verhandlungspartner iwwerhaapt hëlt, gouf net ëffentlech diskutéiert. De Jean Asselborn äntwert dorop, datt an esou essentielle Froen et drëm géif goen ze gesinn, datt déi 21 EU-Länner, déi an der NATO sinn, och op enger Linn sinn.

"Mir huelen dat eescht, mir wëllen negociéieren, diskutéieren. Mir wëllen natierlech net, datt d'Ukrain iwwerfall gëtt, well d'Ukrain gehéiert zu Europa. Do si mer elo an dofir gi mer mol deem eng Chance."

Der Diplomatie eng Chance ginn ass déi eng Säit - déi aner gëtt och aktiv: Wéi gëscht bekannt gouf, wëllt d'NATO wéinst dem Konflikt hir Presenz an Osteuropa duerch Schëffer a Fligere verstäerken.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.