EU-Budget: Lëtzebuerg kritt 90,9 Milliounen Euro zréck

De Woche laange Sträit iwwert den EU-Budget fir 2015 huet eng wichteg Hürd geholl. Vertrieder vun den 28 Memberstaten hunn zu Bréissel de provisoreschen Accord guttgeheescht, dee gëschter mam Europaparlament fonnt gouf. D’nächst Woch muss den neien EU-Budget nach zu Stroossbuerg gréng Lut vun den Europadeputéiert kréien.

Mam Accord ginn och Sue fräi gesat, déi beim Budget vun dësem Joer wéinst Contestatioune vun de Memberstate blockéiert waren. Lëtzebuerg profitéiert dovunner : eisen Informatiounen no, ka Lëtzebuerg am Februar 24 Milliounen Euro vu Bréissel zeréckfroen. Weider 66,9 Milliounen Euro si schonn un d’Tresorerie zréck iwwerwise ginn. Domadder kritt Lëtzebuerg wéinst neie Berechnungen am Ganzen, wéi erhofft , 90,9 Milliounen Euro zréck.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen