Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - You Are My Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéivill däerf Europa kaschten?

EU-Budget

Wéivill däerf Europa kaschten?

E Freideg diskutéieren d'Staats- a Regierungscheffen ënnert anerem driwwer, wéi d'EU sech nom Brexit finanzéiere soll. Jidderee muss nom Brexit méi abezuelen, soen déi eng. Aner Länner sinn net d'accord domat, de Budget z'erhéijen. Lëtzebuerg ass net dogéint, méi finanziell Mëttelen an d'EU ze stiechen, seet de Finanzminister Pierre Gramegna.

auto_stories

3 min

Wann d'Staats- a Regierungscheffen aus der EU dëse Freideg zesummekommen, gëtt et méi wéi ee Sträitpunkt.

Fir d'éischt geet et ëm de Volume vum Budget vun der EU. Dee Budget gëtt ëmmer op e puer Joer festgeluecht. E leeft 2020 aus a Groussbritannien geet ee Joer virdrun. Héich Zäit also, sech elo Gedanken driwwer ze maachen, wat da geschitt.

Lach an der Keess nom Brexit

Groussbritannien ass deen drëtt gréisste sougenannten Netto-Bezueler. D'Land huet 2016 ëmmerhi 5,6 Milliarden Euro méi op Bréissel iwwerwisen, wéi et a Form vu Subventiounen zeréck krut.

Et gëtt ee Lach nom Brexit, seet d'Kommissioun. En plus huet d'EU ambitiéis Projeten, dowéinst géife méi Suen an der Keess gebraucht.

Eng Partie EU-Memberlänner gesinn dat anescht. Zum Beispill Schweden. "Et ass dat natierlechst vun der Welt ze soen, datt wann ee Land geet, de Budget erofgeet", seet déi schwedesch Finanzministerin Magdalena Andersson. "Grad wéi mir de Budget eropgesat hunn, wéi Memberlänner derbäi koumen".

Där nämmlechter Meenung sinn Holland, Dänemark an Éisträich. Däitschland war bis elo skeptesch. Viru kuerzem huet d'Land awer annoncéiert, et kéint een zu enger liichter Hausse jo soen.

Lëtzebuerg net dogéint, méi ze bezuelen

Éischter virsiichteg bleift och de Lëtzebuerger Finanzminister. De Pierre Gramegna seet, Lëtzebuerg wier op dofir, méi finanziell Mëttelen an d'EU ze stiechen. Wann eng Verdéiwung vun der Wirtschafts- a Währungsunioun gewënscht wier, a wann d'EU nei Tâchen iwwerhuele sollt, da misst een och méi Moyenen zur Verfügung stellen.

Gestridde wäert op dësem Sommet och driwwer ginn, ob een EU-Fongen u Konditioune knäppen soll. Zum Beispill déi, datt een och muss Flüchtlingen ophuelen oder déi, datt ee kee Problem a sengem Land mam Rechtsstaat huet.

Manner Sue fir Agrar- an Kohäsiounsfongen

Lëtzebuerg huet sech hei nach net festgeluecht, seet de Pierre Gramegna. Europa kéint awer kee Menü à la carte sinn, wou een sech eraushëlt, wat engem gefält an aner Saachen net matmécht.

Ganz dogéint, datt d'Sue vu Bréissel un iergendwellech Konditioune gestréckt ginn, ass Polen. "Wéi soll ee moossen, wéi vill ee sech un de Rechtsstaat hält?", freet de polnesche Minister fir Investitiounen an Entwécklung, Jerzy Kwieciński. Fir hie gëtt et do keng objektiv Critèren.

De Minister rechent domat, datt Polen an Zukunft manner Sue vun der EU kritt. D'Land ass dogéint, datt elo d'Dëppe vun der Agrarpolitik oder dat vun de Kohäsiounsfongen méi eidel gëtt. Ähnlech wéi aner osteuropäesch Länner, awer och zum Beispill Italien.

Dat ass néideg, wann och mat Moossen, sot de Günther Oettinger dës Woch nach eng Kéier. Den EU Kommissär, dee fir de Budget zoustänneg ass, schwätzt vun enger Baisse vu fënnef bis zéng Prozent.

Europaparlament géint Kierzungen

Och d'Europaparlament ass net dofir, hei ze kierzen. An engem éischte Rapport hält d'Parlament fest, datt een op kee Fall sollt ënnert dat goen, wat bis elo fir Kohäsiounspolitik am Budget stoung. Fir d'Joren 2014 bis 2020 waren dat ëmmerhin 370 Milliarden Euro, also ronn een Drëttel vum ganze Budget.

De Jan Olbrycht, ee vun de Rapporteure vum Parlament, seet, et sollt een och mat manner Suen d'Qualitéit net erofsetzen. "Mir sollten déi finanziell Mëttele fannen, fir un dëser Politik festzehalen, an d'Standarden net wéinst dem Brexit erofsetzen", sou den Olbrycht. "Soss si mir jo d'Affer vun deem ganze Prozess".

D'Parlament, dat um Enn de Budget accordéiere muss, wier prett sech ze wieren an um Enn Neen ze soen, seet de polneschen Europadeputéierten.

Allerdéngs muss d'Europaparlament, genee wéi d'Memberlänner, fir d'éischt emol seng eege Positioun méi am Detail klären. Dat muss an den nächste Méint geschéien. Den EU-Sommet mécht den Ufank.