Radioen

On air

Resonanzen  |  Edvard Grieg - Peer Gynt Suite Nr.1, Op. 46, An der Hal vum Biergkinnek - BBC National Orchestra of Wales, Thomas Søndergård (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-China: Kleng Fortschrëtter

EU-Handelspolitik

EU-China: Kleng Fortschrëtter

Dem Donald Trump seng Stroftariffer op Stol bréngen d'EU a China méi no beieneen. Béid Säite leiden ënner den amerikanesche Mesuren a schécke positiv Messagen iwwer d'Entwécklunge vun hire bilaterale Relatiounen eraus. Nom 20. EU-China-Sommet gouf déi lescht Woch vun engem Duerchbroch geschwat. Europäesch Entreprisë kréien um chinesesche Marché awer éischter méi wéi manner Steng an de Wee geluecht.

auto_stories

5 min

"China an d'EU musse wéi een Anker vu Stabilitéit an enger neier Weltuerdnung funktionéieren". Dat schreift de saarlänneschen Europadeputéierte Jo Leinen virun enger Woch an engem Communiqué, eng Woch virum 20. EU-China Sommet.

D'EU a China hätten eng global Verantwortung, sou de Jo Leinen. Hie fuerdert China op, d'Geleeënheet vun deem Sommet ze notzen, fir elo um wirtschaftleche Plang ze weisen, datt ee wëllt méi no bei d'EU réckelen.

Ënner dem Drock vun de gespaante Relatioune mat den USA wënsche sech dat zwou Säiten. Mee wéi wahrscheinlech ass et, datt dat och geschitt?

WTO reforméieren aplaz Handelskrich

Den EU-Rotspresident Donald Tusk huet zu Peking een allgemengen Appell lancéiert: Et wier net de Moment Handelskrich unzefänken, mee dofir ze suergen, datt d'Regelen, ënner deenen de Weltmaart funktionéiert, reforméiert ginn.

"Mir sinn eis all bewosst, datt d'Architektur vun der Welt sech grad virun eisen Ae verännert, an et ass eis Responsabilitéit dofir ze suergen, datt dee Changement eng Verbesserung gëtt", sou den Donald Tusk.

Den Appell goung un d'USA, Russland a China. D'EU huet mat China duerchaus gespaanten Handelsrelatiounen. Eréischt déi lescht Woch goufen Anti-Dumping-Taxe géint E-Biken aus China verhaangen.

"China an d'EU gi beienee gestouss"

Trotzdeem ännert sech d'Klima tëscht béide Partner den Ament, seet de Fraser Cameron, den Direkter vum EU-Asien-Zentrum zu Bréissel: "Ënner den aktuellen onséchere geopoliteschen Ëmstänn ginn d'EU a China ganz einfach méi no beienee gestouss, wat bestëmmte Sujeten ugeet: Sief dat den Deal mam Iran ze verdeedegen oder am internationalen Handel. Dat konnt nach virun e puer Joer keen esou virausgesinn. An dat huet mam Behuele vun engem Mann ze dinn, dem Donald Trump."

China gëtt schaarf vun der Trump-Administratioun attackéiert an huet grouss Interête positiv Signaler un d'EU ze schécken, esou den Expert. "D'Land wëllt sech elo wierklech net och nach géint d'EU musse verdeedegen. D'EU an d'USA sinn déi zwee gréissten Handelspartner vu China. Wann et mat enger vun den zwou Ekonomië Problemer gëtt, kréien déi chinesesch Entreprisen d'Suitten ze spieren."

Modest Fortschrëtter um EU-China Sommet

Um Sommet déi lescht Woch wier ee sech effektiv méi no komm, allerdéngs schwätzt de Fraser Cameron vu modeste Fortschrëtter.

Virukomm ass een an den Diskussiounen iwwer ee bilateralen Investitouns-Accord, genee wéi wat den Accord iwwer geografesch Appellatiounen ugeet. Positiv ass och, datt soll eng Aarbechtsgrupp iwwer d'Reform vun der Welthandelsorganisatioun, der WTO, op d'Bee gesat ginn.

Bis elo ass dat awer Rhetorik, well China huet reell nach keng Ustalte gemaach, fir sech aktiv fir de multilaterale System anzesetzen.

"Et soll elo keen erwaarden, datt China sech op mécht an iwwer Nuecht eng Zort liberal Maartwirtschaft gëtt, wéi mir se an Europa kënnen. Dat wäert net geschéien, sou de Fraser Cameron.

Ënnerscheeder bleiwe bestoen

Och de Sozialist Jo Leinen relativéiert am Interview seng Erwaardungen u China. D'EU bräicht China virun allem, wann et ëm multilateral Accorde wéi de Klimaaccord, oder dee mam Iran geet. Hie gesäit awer kloer Limitten. Et sollt een net naiv sinn, China wier kee fräie Maart an a punkto Mënscherechter "si mir ganz verschidden", seet de Jo Leinen.

D'EU-Handels-Kommissärin Cecilia Malmström huet zu Peking kee Blat virun de Mond geholl. D'Realitéit an den Handelsrelatioune gesäit anescht aus, wéi d'Rieden, déi zu Peking gehale goufen.

"China huet sech dofir ausgeschwat de Marché opzemaachen a géint Protektionismus ze kämpfen. Dat rassuréiert d'EU an hir Entreprisen, allerdéngs géife mir gäre gesinn, datt China dës Engagementer elo an d'Realitéit ëmsetzt.

D'Entwécklung um europäesche Marché ass eng ganz aner, wéi déi a China.

Europäesch Investitiounen a China erofgaangen

Eng Etüd vun der Kommissioun seet, datt 50 Prozent vun den europäeschen Entreprisë sech driwwer bekloen, datt et méi schwéier gouf, Geschäfter a China ze maachen. Als Ursaach gëllen diskrimatoresch Mesurë par rapport zu auslännesche Firmen an ee limitéierten Accès op de chinesesche Maart.

"Während déi chinesesch Investitiounen an Europa e Rekordniveau erreecht hunn, hunn elo ëmgedréint déi europäesch Investitiounen a China ofgeholl. Europäesch Entreprisë begéine grouss Barrièren a China a si géife gären déi nämmlecht Konditiounen hunn, wéi déi chinesesch Firmen hei an der EU", sou d'Cecilia Malmström.

D'Rechtstaatlechkeet an de fräien Zougank zu Informatioune wiere kruzial fir déi wirtschaftlech Entwécklung, betount och d'Cecilia Malmström.

EU gréissten Handelspartner vu China

Déi meescht politesch Deklaratiounen, déi Peking an de leschte Jore gemaach huet, hate keng Suitten an der Praxis, seet och den Europadeputéierten Iuliu Winkler, de Rapporteur fir d'Relatioune mat China vum Europaparlament. Fir hien huet dee leschte Sommet net direkt eppes bruecht.

"Mir hunn nees engagéiert Wierder an optimistesch Deklaratiounen héieren. Dës Kéier gouf et souguer eng schrëftlech Deklaratioun. Mee elo gëtt et Zäit fir ze handelen. Mir si wierklech gespaant, ob d'Engagementer agehale ginn."

A Wierklechkeet wieren awer den europäeschen Entreprisen an de leschte Joren ëmmer méi Steng an de Wee geluecht ginn, stellt de rumäneschen Europadeputéierte fest.

Maartwirtschaftlech gesinn ass den Enjeu elo scho grouss:

Europa ass de gréissten Handelspartner vu China an ëmgedréint ass China deen zweet gréisste Partner fir d'EU - all Dag gi Wueren am Wäert vun iwwer enger Milliard Euro tëschent béide Säite gehandelt.