Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Defense-Fong: "Kommissioun ass net transparent"

EU-Budget

EU-Defense-Fong: "Kommissioun ass net transparent"

D'EU wëllt däitlech méi Sue fir d'Defense ausginn. D'Kommissioun proposéiert e Poste vun 20,7 Milliarden Euro fir de Budget tëscht 2021 an 2027. Den Ament lafen 17 Pilotprojeten, an deenen eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht de Memberlänner ausprobéiert gëtt. D'EU ass net transparent an dësem Prozess, soe Kritiker.

auto_stories

4 min

13 Milliarden Euro sollen an den Europäesche Fong fir d'Defense fléissen. Dat sinn 1,8 Milliarde am Joer, an domat däitlech méi wéi d'Kommissioun nach d'lescht Joer proposéiert hat. Am Juni hat si hirne neie Plang fir d'Defense virgestallt.

Deemools hat Bréissel virgeschloen, datt dee Fong sollt aus dem europäesche Budget gespeist ginn. Dat war eng Premiere. Nach ni virdru si Suen aus der EU Keess fir militäresch Depensë geholl ginn.

De But ass et, d'Zesummenaarbecht vun den EU-Memberlänner um militäresche Plang unzekuerbelen. Konkret geet et ëm d'Entwécklung vu Prototypen oder den Akaf vu militäreschem Material. D'Kommissioun proposéiert och, gemeinsam Rechercheprojeten ze kofinanzéieren.

Méi efficace duerch Zesummenaarbecht

Dogéint, datt op europäeschem Plang méi enk zesummegeschafft gëtt ass och fir Kritiker vun engem méi héijen militäresche Budget näischt ze soen.

"Wa mer méi enk zesummeschaffen, kënne mer de Volume reduzéieren. Dofir hu mir eis scho laang agesat", seet d'Bodil Valero vun de schwedesche Gréngen. Op deem Wee kéint och den Export an zweiwelhaft Länner reduzéiert ginn. D'Demande an Europa selwer wier net grouss genuch.

Der EU-Kommissioun werft d'Europadeputéiert awer ee Manktem un Transparenz fir, wann et ëm d'Projete geet, déi den Ament am Kader vum Europäesche Fong fir d'Depense geplangt sinn. "D'Waffenindustrie sollt hei net anescht wéi de Rescht vun den Entreprise behandelt ginn", seet d'Bodil Valero. "Speziell, wëll mir Regelen dofir hunn an der EU. Déi ginn awer an dësem Fall net agehalen".

Déi schwedesch Europadeputéiert verweist op eng Question parlementaire, déi si am Februar agereecht huet. Dora geet et ëm en Experte-Grupp, deen d'Kommissioun soll berode bei Recherche-Projeten, déi an Zesummenhang mat der Defense stinn. Konkret huet d'Bodil Valero gefrot, wéini genee dee Grupp ugefaangen huet mat schaffen a wie Member ass? Op der Websäit vun der Kommissioun géif et heeschen, de Grupp wier aktiv. Et géif awer weder eng Lëscht vun den Nimm nach Protokoller iwwer hir Sitzungen.

Interessenskonflikt an Experte-Grupp

Den Interêt un deene Nimm ass dowéinst esou grouss, well am Groupe, deen d'Kommissioun 2015 genannt hat, néng vu 16 Experte selwer bei Entreprisen, déi mat der Militär-Industrie ze dinn hunn, geschafft hunn. Do géif et ee kloren Interessenskonflikt, sou d'Kritik.

Am Abrëll d'lescht Joer huet d'Kommissioun en Opruff gemaach, fir en neie Grupp op d'Been ze stellen. Bis elo krut d'Bodil Valero awer keng Äntwert op hir Froen: "Esou eng prioritär parlamentaresch Ufro misst eigentlech bannent dräi Wochen beäntwert ginn. Mir sinn elo Mëtt Mee, an et ass nach ëmmer näischt do"

Op eis Nofro hi seet eng Spriecherin vun der Kommissioun, d'Prozedur, fir d'Membere vum Experte-Grupp erauszesichen, géif nach ëmmer lafen. Et hätte nach keng Reuniounen statt fonnt.

Am Grupp sollt dee richtege Mix vun Expertisen an eng breet Diversitéit vertruede sinn - souwuel geographesch gesinn, wéi och wat den Typ vun de Vertrieder ugeet. D'Deadline wier dowéinst verlängert ginn.

Zivilgesellschaft kritt keng Aentwerten

Den Experte-Grupp wier net deen eenzege Fall, an deem Bréissel sech mat Informatiounen zeréckhält, seet de Bram Vranken vun der flammännescher ONG "Vredesactie". Hien ass Auteur vun enger Etude iwwert de Lobbyismus vun der europäescher Waffenindustrie. Seng Konklusioun: Dës Industrie huet e groussen Afloss op d'EU-Politik.

Wat den Europäesche Fong fir d'Defense ugeet, schwätzt hie vun engem Krees: "De Fong ënnerstëtzt d'Recherche an den Developpement am militäresche Beräich. Gläichzäiteg ginn d'Memberlänner, déi de Fong mat finanzéieren, opgefuerdert, och Technologie ze liwweren. Duerno solle si da selwer dat Material akafen. Et gëtt also e Loop tëscht der Recherche, der Offer an der Demande. An dat ass natierlech gutt fir d'Entreprisen. Si wëssen, datt hir Produkter duerno och kaf ginn".

D'Zivilgesellschaft wier par contre un deem Prozess net bedeelegt. "Mir hunn no Informatioune gefrot, mee mir sinn op eng Mauer gestouss. Eis Petitioun mat iwwer 100.000 Ënnerschrëfte géint deen Europäeschen Defense Fong blouf ouni Suitten", sou de Bram Vranken.

D'Friddensaktiviste kritiséiere virun allem, datt elo méi Sue sollen an d'Defense gestach ginn. Suen, déi op anere Plaze feelen, sou d'Argument.

À propos feelen: Et ass bis elo onkloer, wéi ee grousst Lach den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU an d'Defense-Keess räisse wäert. Well et ass net gekläert, a wéi enge Programmer d'Briten nom Brexit bleiwen.

Den 9. Mee huet Groussbritannien säi Plang fir d'Zesummenaarbecht mat der EU nom Brexit a Sécherheetsfroen virgeluecht. Et hätt ee Wëlles, au cas- par cas un Europäesche Verdeedegungs- a Sécherheetsmissiounen ze participéieren, huet et do geheescht.