Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi oder manner Sue fir d'EU?

EU-Budget

Méi oder manner Sue fir d'EU?

Op d'EU kënnt an den nächsten Méint ee vun de gréissten Debaten zou. Et geet dorëms, wéi vill Suen der EU vun 2020 zur Verfügung stoe sollen. Déi eng wëlle méi ee grousse Budget, déi aner de Contraire. Kloer ass, datt den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU d'Saach net méi einfach mécht. Datt d'Positioune wäit ausernee leien, huet dës Woch eng Konferenz op héchstem Niveau zu Bréissel gewisen.

auto_stories

3 min

Op der Konferenz ware grouss Perséinlechkeete present. Nieft dem EU-Kommissiounspresident eng Partie Commissairen, och Ministeren aus villen EU-Memberlänner a renomméiert Experten. D'EU huet grouss Projeten, an déi mussen och an Zukunft finanzéiert ginn, wann den aktuelle pluriannuelle Budget 2020 ausleeft.

Virdru geet Groussbritannien aus der EU eraus an dat hannerléisst ee Lach an der Keess. Wéi grouss, weess och nach keen esou richteg. Dee fir de Budget zoustännegen EU Kommissär Günther Oettinger schwätzt vun zéng bis 13 Milliarden Euro.

Lach an der Keess nom Brexit

Et wier schwéier dee Montant ze chiffréieren, wëll nach net kloer ass, wéi eng Taxe Groussbritannien an Zukunft ze bezuelen huet, seet dozou de Fabian Zuleeg vum European Policy Center. Hien hält dee vum Kommissär genannte Chiffer awer fir realistesch.

Dat Lach soll zur Halschent duerch Spueren an zur Halschent duerch frësch Suen, wéi de Günther Oettinger et nennt, gestoppt ginn. Am Kloertext heescht dat, datt d'Memberlänner méi mussen an d'Keess abezuelen.

De Kommissiounspresident huet virop den Appell lancéiert, ier deen éiwege Sträit iwwert de Volume vum zukünftege Budget lass geet, sollt een emol fir d'éischt iwwert de Contenu schwätzen.

Een zweete Wonsch vun him, betrëfft d'Spueren: net an der Agrarpolitik an och net bei de Strukturfongen, sou de Jean-Claude Juncker.

De Günther Oettinger awer huet vu "Kierzungen a Moossen" an deene Beräicher geschwat. D'Fuerschung sollt awer net vu Spuermesurë betraff sinn.

Kommissioun proposéiert liicht Hausse

De Budgetskommissär huet och iwwert de Volume vum Budget geschwat. Hie sot zwar, datt hien net wéisst, wéi héich dee Budget dono wier an ass dunn awer zimlech konkret ginn. "Mir brauche keng zwee Prozent vum PIB, mä 1,1x Prozent", sou den däitschen EU-Kommissär.

Dat géif fir ee Land wéi Däitschland ronn zéng Milliarden Euro méi pro Joer bedeiten. Dat wier awer dran, sot den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel, dee sech driwwer beklot huet, datt a sengem Land vu verschiddene Säiten ëmmer nees d'Lige vun den Netto-Bezueler erzielt gëtt. Dat sinn déi Länner an der EU, déi méi an d'Keess abezuelen, wéi si dono vu Bréissel zréckkréien. Theoretesch trëfft dat zwar op Däitschland zou - praktesch gëtt et awer och eng aner Säit, sou de Sigmar Gabriel. Däitschland wier a Wierklechkeet een Nettogewënner, wëll d'Land haaptsächlech an EU-Länner exportéiert.

Och de Günther Oettinger lancéiert en Appell, d'Diskussioun net op deem Niveau ze féieren. Pro Kapp gesi wier net Däitschland dee gréissten Netto-Abezueler, mä Lëtzebuerg, sou och nach de Günther Oettinger.

Ambitionéierten Zäitplang

An der Diskussioun wäert et awer trotz deenen Appeller virun allem iwwert d'Zomme goen, déi all Land muss opbréngen an doriwwer, wou dann elo gespuert soll ginn.

"Mir sinn net prett, méi ze bezuelen", sot op alle Fall schonn emol den éisträicheschen Europaminister Gernot Blümel. Seng Kollegen aus Ungarn a Polen sote sech d'accord mat enger Hausse am Budget, hunn awer gläichzäiteg de Message erausgeschéckt, datt ee net bei den Agrarsubventiounen oder de Strukturfonge kierze sollt.

Esou Aussoe weisen, datt op de Günther Oettinger schwéier Diskussiounen zoukommen, ier een Accord en vue ass. Hien huet d'Länner opgeruff "locker" ze bleiwen a kompromëssbereet.

Am Mee wëll d'Kommissioun eng Propos fir de Budget op den Dësch leeën - de Günther Oettinger wënscht sech, datt ee Joer dono een Accord fonnt ass - dat wier séier - déi leschte Kéier hunn d'Diskussiounen iwwert de Budget zwee Joer gedauert.