Radioen

On air

De Moien  |  Jesca Hoop - Hatred Has A Mother

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU fir Sanktiounen, bleift awer gedeelt

EU-RUSSLAND

EU fir Sanktiounen, bleift awer gedeelt

Fir d'éischte Kéier bréngt d'EU Sanktiounen am Kader vum neie Mënscherechtssanktiouns-Regime op de Wee. Verschidde Länner wollte méi wäit goen, anerer pochen op den Dialog.

auto_stories

3 min

An enger éischter Phas solle méiglecherweis manner wéi eng Handvoll Persoune vun deem neie Sanktiounsmechanismus viséiert ginn, dee speziell fir de Fall vun enger Verletzung vu Mënscherechter geduecht ass.

"Ech maachen elo konkret Proposen an ech hoffen, dtat déi bannent enger Woch definitiv ugeholl ginn", sou d'Annonce gëschter vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell.

Viséiert si Persounen, déi responsabel si fir d'Verhaftung an d'Verurteelung vum Alexej Nawalny. Hir Konten an der EU géife gespaart ginn a si dierfen net méi an d'EU areesen. Als méiglech Kandidate fir d'Sanktioune ginn de Procureur Général, de Chef vum Geheimdéngscht an de Chef vun der Nationalgard a Russland genannt.

EU ass sech weider net eens

D'EU deet sech traditionell schwéier domat, eng eenheetlech Positioun par Rapport zu Russland anzehuelen.

Lëtzebuerg gehéiert zu deenen, déi keen haarde Kurs aschloe wëllen. Allerdéngs sinn d'Relatiounen tëscht der EU a Russland um Déifpunkt, huet gëschter och de Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn zouginn.

Och Däitschland gehéiert zu de Länner, déi bei Sanktioune géint Russland éischter bremsen. Hie wier fir Sanktiounen, sot awer gëschter Heiko Maas. Gläichzäiteg pocht den däitschen Ausseminister genee ewéi säi Lëtzebuerger Homolog drop, et misst ee weider op den Dialog setzen.

Nordstream II gëtt net a Fro gestallt

Datt Däitschland sech net weider géint Sanktioune gestäipt huet, huet méiglecherweis och domat ze dinn, datt de Bau vun der russesch-däitscher Gaspipeline Nordstream II net a Fro gestallt gouf. Dee Projet ass ëmstridden, d'Europaparlament huet sech kloer dogéint ausgeschwat, an och ënner de Memberlänner wiisst d'Oppositioun.

De Bau vun der Gasleitung ze stoppe wier eng vun den effikasste Sanktioune géint Russland, hat déi lescht Woch de polnesche Staatssekretär Krzysztof Szczerski gesot. "Et gëtt kee Projet, dee finanziell an ekonomesch méi wichteg fir déi russesch Regierung ass", sot hien.

De Bau vun Nordstream II stoung awer gëscht net zur Debatt.

Russland dreet mat Géigemesuren

De Wonsch vun de méi russlandkriteschen EU-Länner, och Oligarche ronderëm de President Vladimir Putin op d'Lescht vun de sanktionéierte Persounen ze setzen, gouf net vun der Majoritéit ugeholl.

"Mir kënnen net iergendeen sanktionéieren, well deen eis net passt, mir mussen och Beweiser hunn, fir dat, wat se gemaach hunn", sou de Josep Borrell dozou.

Geet et duer, datt elo eventuell just véier Persounen op där Lescht stinn? Den EU-Chefdiplomat wollt gëschter weder confirméieren, datt et dobäi bleift, nach Nimm nennen.

"Laangfristeg gesi mussen d'Memberlänner méi zesummenhalen a besser zesummeschaffen, wann et ëm Russland geet", wënscht sech de rumäneschen Ausseminister Bodgan Aurescu.

De russeschen EU-Ambassadeur Wladimir Tschischow hat sengersäits viru weidere Sanktioune géint säi Land gewarnt, et wier ee preparéiert, dorop ze äntweren, sot hien an engem Zeitungsinterview.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.