EU gëtt Lëtzebuerg 84 Milliounen an zwou Etappen zeréck

Am Kader vu neien EU-Budgets-Berechnunge sollt Lëtzebuerg jo 90 Milliounen Euro zeréckbezuelt kréie vun der europäescher Unioun. De lëtzebuerger Finanzminister schwätzt elo vu 84 Milliounen. Ongeféier 60 Millioune kéinten nach 2014 ausbezuelt ginn a 24 Milliounen 2015, esou de Pierre Gramegna op Nofro hin nom Conseil vun den europäesche Finanzministeren zu Bréissel.

Déi Länner déi der EU nach Suen schëlleg sinn  sollen an e puer Etappe kënnen zeréckbezuelen. Esou zum Beispill Groussbritannien. Allerdéngs muss d’Europaparlament nach säin Accord ginn. Wa Lëtzebuerg d'Suen rembourséiert kritt da fléissen se an d’Tresorerie vum Staat a reduzéieren den Defizit.

De Pierre Gramegna um Mikro vum Gil Goebbels:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen