EU-Kommissärin Reicherts: "Ech verdénge keng 500.000 Euro a 4 Méint"
D’Martine Reicherts dementéiert, datt si an hire véier Méint als EU-Interimskommissärin 500.000 Euro verdéngt. No enger Meldung vum däitsche Magazin “Der Spiegel” virun enger Woch, wier dat an der Ëffentlechkeet falsch duergestallt ginn. Déi Lëtzebuerger EU-Beamtin ass zënter Juli an nach bis Enn Oktober fir de Justizressort an der Bréisseler Exekutiv zoustänneg. Am 100,7-Interview erklärt sie, datt dee gréissten Deel vun där Zomm just fir d’Post-Mandatszäit geduecht ass: Ee fréiere Kommissiounsmember, dee keen neie Job untrëtt, kritt nach während bis zu dräi Joer eng Indemnitéit.
Vu datt si wëlles hätt dono entweder hire Posten als Chefin vum Europäesche Publikatiounsbüro nees unzetrieden oder anescht berufflech aktiv ze sinn, géif si des Indemnitéit net an Usproch huelen, sou d’Martine Reicherts. EU-Kommissäre verdéngen am Mount ronn 20.000 Euro.
D'Reaktioun vun der Martine Reichters op d'Meldung am "Spiegel":
Nach virun hirem Amtsuntrëtt hat d’Martine Reicherts dat neit europäescht Dateschutzreglement als ee vun hire wichtegsten Dossier bezeechent. Si geet dervun aus, datt d’Verhandlungen iwwert déi méi streng Dateschutzreegele réischt 2015 kënnen ofgeschloss ginn. Méi spéit also, wéi hier Virgängerin Viviane Reding an Aussiicht gestallt hat.
D’Interimskommissärin wënscht sech och eng Diskussioun iwwert dat sougenannt “Recht am Internet vergiess ze ginn”: et kéint sinn, datt een nom Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff méi kloer Reegelen brauch fir ze klären wéini Recherche-Maschinnen wéi Google ee Lien op eng Säit musse läschen oder net.
Am Interview vum Pia Oppel mat der Martine Reicherts geet et och ëm de Lobbydrock an Dateschutzdossieren, an ëm déi monetär Valeur vun eise perséinlechen Donnéeën: