Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Keen Ass am Kommunizéieren

Auslandschronik

EU-Kommissioun: Keen Ass am Kommunizéieren

Dës Europäesch Kommissioun, ënner dem Jean-Claude Juncker, seet vu sech selwer, si wier eng "politesch" Kommissioun. Eng, déi net vun Technokraten gefouert gëtt, mee vu Kommissären, déi an éischter Linne Politiker sinn. Géif een dat seriö huelen, géif dozou eng aner Kommunikatiounspolitik gehéieren. Eng, déi ee klore politesche Profil weist. Dat, wat awer do zu Bréissel praktizéiert gëtt, zeechent alles anescht ewéi eng kloer, couragéiert Linne op.

auto_stories

4 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel.

"Dir sidd net de Porte-parole vun der däitscher Regierung!", huet Mëtt Juni ee Journalist dem Chefspriecher vun der Europäescher Kommissioun entgéint gebläert.

Hie war rosen, well hien, och no X-mol nofroen, keng Äntwert op seng Fro krut. Déi war am Fong net komplizéiert: Däerf een EU-Memberland Refugiéen direkt op der Grenz zeréck weisen, wa si schonn an engem aneren EU-Land eng Demande d'asyle gemaach hunn? D'Fro louch op der Hand, ëmmerhi wollt den däitschen Inneminister genee dat maachen.

Wee soss, wann net d'Kommissioun, als Gardien vun den Traitéen, sollt een esou eppes froen?

Vun eng "politescher", decidéiert pro-europäescher Kommissioun sollt ee kënnen erwaarden, datt een hei als Journalist eng Äntwert kritt. Déi awer gouf et net. Mam Virwand, sech net wëllen an eng däitsch Diskussioun amëschen ze wëllen.

Et gëtt aner Beispiller fir déi net ganz reusséiert Kommunikatiounspolitik vun dëser Kommissioun.

Am Fall Martin Selmayr goufe Journalisten deels fir domm verkaf

Als "evasiv", "defensiv" oder esou kombattif huet d'Ombudsmann vun der Europäescher Union d'Verhale vum Spriecherdëngscht am Fall vun der Promotioun vum Jean-Claude Juncker sengem fréiere Kabinettschef Martin Selmayr zum Generalsekretär bezeechent.

Hei war de President selwer virun d'Press getrueden, fir d'Nouvelle z'annoncéieren. De Jean-Claude Juncker hat dobäi pikant Detailer ewechgelooss, déi d'Journalisten de Porte-parollen dono hu missen no an no aus der Nues zéien. Dobäi goufe si méi ewéi eng Kéier fir domm verkaf.

Just ee Beispill: Dono gefrot, wéi vill Leit sech op de Poste vum Secrétaire général adjoint gemellt haten, sot ee vun de Spriecher d'éischt et wieren der "e puer", dono sot en, et wieren der "manner ewéi véier" an nach dono huet et geheescht, et wier "méi ewéi een" gewiescht, fir finalement domat erauszeréckelen, datt et der ganz einfach zwee waren.

Wat soll dat? Kann ee sech froen.

De Schoss goung no hanne lass. Des deels arrogant Aart a Weis, mat der Press ëmzegoen, war nämlech eng vun den Ursaachen, firwat dee Fall esou dacks an de Medien opgegraff gouf. An dat war sécher net am Sënn vun der Kommissioun.

Iwwerstierzte positive Message vu Bréissel

Ee liichten däitschen Touch hat d'Kommunikatioun vun der Kommissioun an engem aneren Dossier: D'Annonce, datt d'Kommissioun wëlles huet, d'Zäitëmstellung ofzeschafen, huet de Jean-Claude Juncker och selwer an net zoufälleg am Zweeten Däitsche Fernseh gemaach.

De Message war kloer: D'EU steet am Déngscht vum Bierger. Dee Bierger hat virdrun an enger Consultatioun am Internet ofgestëmmt a kloer gesot, datt d'Auer net méi sollt gedréint ginn. Dräi vun de 4,6 Milliounen, déi den online Questionnaire ausgefëllt hunn, waren Däitscher. Dat awer wollt d'Kommissioun net esou an d'Fënster stellen an huet op een zimlech bëllegen Zuelentrick zeréckgegraff. An hirem Communiqué stoung net, wéi vill Leit aus all Land matgemaach hunn, d'Participatioun war vill méi am Prozentsaz vun der Bevëlkerung ausgedréckt. Dat géif schonn anescht ausgesinn, sot - dat ass kee Witz - de Spriecher vun der Kommissioun, wéi hien no der Representativitéit vun där Ëmfro gefrot gouf. Och do koum ee sech liicht veräppelt fir.

De Jean-Claude Juncker hat och ganz kéng annoncéiert, an Zukunft géif d'Summerzäit gëllen. Datt dat guer net an der Kompetenz vun der Kommissioun läit mee an där vun de Memberlänner sot hien esou net. Déi awer si sech anscheinend nach guer net eens. Et kann ee just driwwer spekuléieren, firwat de Kommissiounspresident esou presséiert war, dës Annonce ze maachen. Vläicht wëll hie per force als dee Kommissiounspresident an d'Geschicht agoen, deen dofir gesuergt huet, datt d'Auer net méi gedréint gëtt?

Allerdéngs kéint och dee Schoss no hanne lass goen. Well wann et no där Annonce nach laang dauert, ier wierklech eppes geschitt, ass déi ganz positiv Energie, déi do aus Bréissel koum, séier verflunn.

Nach esou ee Beispill, wou ee sech vun enger politescher Kommissioun eng méi professionell Mise en scène erwaart hätt.