EU-Kommissioun wëll Luxleaks benotzen
D’EU-Kommissioun wëll d’LuxLeaks-Dokumenter als sougenannt "Maart-Informatioune" benotzen, déi dann eventuell zu neien Enquête géint Lëtzebuerg kënne féieren. Dat sot d’EU-Kommissärin fir Konkurrenz Margrethe Vestager.
Bis d’zweet Trimester d’nächst Joer hofft d'Kommissärin ënnert anerem d’Enquête géint Lëtzebuerg em d’Steier-Arrangementer mat Amazon a Fiat Finance ofgeschloss ze hunn. D’LuxLeaks-Dokumenter eleng géingen net duergoen: Lëtzebuerg misst nach Informatioune liwweren. D’Kommissärin hofft, vun de lëtzebuerger Autoritéiten d’Lëscht vun all deenen Entreprisen ze kréien, déi vun engem Tax Ruling profitéiert hunn. D’Situatioun hätt sech nämlech geännert.
D’Enquête vum Journaliste-Konsortium an de 40 internationale Medie géing si bewonneren, well se fir Transparenz géing suergen an de Steier-Debat an Europa géing veränneren.
De Bäitrag vum Michel Delage: