Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun wëll sech net op geneeën Timing festleeën

EU-Finanzhëllef fir d'Ukrain

EU-Kommissioun wëll sech net op geneeën Timing festleeën

​D'EU versprécht, déi weider Finanzhëllef fir d'Ukrain sou séier wéi méiglech ze deblockéieren - d'Europäesch Kommissioun wollt sech de Mëtteg awer net op een ee fixen Delai festleeën. Den ukrainesche President Wolodymir Zelenskyj hat sech an der Nuecht vum Donneschdeg op de Freideg driwwer beklot, datt d'EU Retard huet am Ausbezuele vu Finanzhëllefen a Milliardenhéicht.

auto_stories

2 min

D'Membere vun der EU-Kommissioun (Foto: EC - Audiovisual Service)

Lauschterenplay_arrow

Uganks der Woch sinn an enger éischter Tranche eng Milliard Euro un d'Ukrain iwwerwise ginn, confirméiert haut d'Europäesch Kommissioun an enger Reaktioun op d'Reprochë vun hënt vum ukrainesche President géintiwwer Bréissel. D'EU hat allerdéngs eng Hëllef vu néng Milliarde versprach.

Dem Wolodymir Zelenskyj no wier de Rescht blockéiert, säi Vizechef hat Däitschland fir dee Blockage responsabel gemaach.

Ob a wéi ee Land dohannert stécht, wollte weder den ukrainesche President nach déi Europäesch Kommissioun haut ëffentlech soen.

Et feele Garantië fir de Pak zesummen ze kréien

Fakt ass, datt d'Kommissioun Krämpes huet, déi aacht Milliarden zesummenzekréien. 70 Prozent vun deem Posten ass net am EU-Budget virgesinn, a fir d'Suen op de Finanzmäert léinen ze goen, feelen den Ament Garantien, confirméiert haut ee Spriecher vun der Kommissioun.

Et wier keen einfache Pak. Eng Optioun wier et, datt déi Garante vun de Memberlänner kommen. Et géif een och aner Méiglechkeete préiwen, wéi eng wollt den Eric Mamer net verroden. Doriwwer géif elo net spekuléiert.

Fir d'Ukrain gëtt d'Zäit knapps

D'Ukrain ass mat engem Defizit am Budget a Milliardenhéicht konfrontéiert a brauch dringend Sue fir Paien oder Pensioune vu Beamten ze bezuelen.

Op ee geneeën Timing, bis wéini eng Léisung soll fonnt ginn, wollt d'Kommissioun sech haut och net festleeën.