Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Bréissel aus gesinn

Europawahlen 2019

Vu Bréissel aus gesinn

Den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber gëtt net EU-Kommissiounspresident. D'Konzept vun den europäesche Spëtzekandidaten ass dout. D'Parteie vum méi oder manner extrem rietse Bord kréie keng gemeinsam Fraktioun am nächsten Europaparlament hin. Op deenen dräi Punkte sinn d'Cécile Ducourtieux (Le Monde), de Quentin Dickinson (Radio France), den Oliver Grimm (Die Presse) an d'Camille-Cerise Gessant (Agence Europe) sech Eens. Just a Saache Brexit wollt kee vun de véier Bréisseler EU-Korrespondenten (méi) e Pronostic maachen.

auto_stories

4 min

Kee wierklech europäesche Wahlkampf

Zu Bréissel wär am Moment net vill lass: Déi legislativ Aarbecht géif rouen, a vun der Campagne fir d'Europawahlen géif een hei net vill spieren. Déi leeft - wann iwwerhaapt - an den 28 Memberstaaten a wär meeschtens méi national wéi europäesch gefierft.

"Et gëtt bei de Leit ebe keen europäescht Bewosstsinn", seet den Oliver Grimm, EU-Korrespondent vun der éisträichescher Dageszeitung Die Presse. Dofir wär d'Indifferenz par Rapport zu de Wahlen esou grouss. Dréit d'Press dorun eng Mat-Schold? Méiglecherweis. D'Haaptresponsabilitéit léich awer bei de wichtege politeschen Acteuren an Europa. Amplaz elo ze bedaueren, datt d'Leit net méi begeeschtert bei der Saach sinn, "sollte si sech léiwer froen, wat si déi lescht fënnef Joer gemaach hunn".

Transnational Kandidatelëschte kéinten hëllefe méi eng grouss "Conscience européenne" ze schafen. De Quentin Dickinson, Haaptmann vu Radio France zu Bréissel, erënnert drun, datt d'Iddi vun esou Lëschte schonn zanter ville Joren a munche Käpp geeschtert. Hie gleeft awer net drun, datt se realisabel ass: "D'Machbarkeet läit no bei null."

Spëtzekandidaten: "Demokratesche Vernis"

Null Zukunftschancen huet, an den Ae vun den invitéierten EU-Korrespondenten, och d'Konzept vun de "Spitzenkandidaten" (den däitsche Begrëff gëtt am EU-Jargon an alle Sprooche gebraucht). 2014 waren déi europäesch Formatiounen eng éischte Kéier mat engem europäesche Spëtzekandidat an d'Wahle gaangen - verbonne mam Verspriechen, datt de Spëtzemann vun der stäerkster Parteiefamill duerno EU-Kommissiounspresident géif ginn.

Dat wär schonn deemools just "demokratesche Vernis" gewiescht, eng "Ruse" vun der EVP, där traditionell stäerkster Partei, fir hirem Usproch, de Kommissiounspresident ze stellen, eng demokratesch Legitimatioun ze ginn.

Manfred Weber for President?

An der Persoun vum Jean-Claude Juncker hat 2014 och effektiv de Kandidat vun der stäerkster Partei deen europäesche Spëtzeposten iwwerholl. Datt d'EVP och 2019 nees stäerkst Kraaft gëtt, schéngt wahrscheinlech. Datt den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber Kommissiounspresident gëtt, awer vill manner.

"Hien ass net am Club", seet de Quentin Dickinson a spillt un op d'Tatsaach, datt de Manfred Weber bis elo nach keng Regierungsfunktioun hat. Emol net a senger bayrescher Heemecht. An och inhaltlech géif hien net iwwerzeegen.

Dem Cécile Ducourtieux vun der franséischer Dageszeitung Le Monde ass dat Uerteel ze streng. Et sollt een d'Kandidatur vum Manfred Weber net "mepriséieren", seet si. Et géifen nämlech an Europa - a virun allem zu Berlin - vill Leit ginn, déi aus der Kommissioun nees dat wéilte maachen, wat se eemol war: Keng politesch Institutioun, mee en technokratescht Organ. An dofir wär den CSU-Politiker, President vun der EVP-Fraktioun am Europaparlament, déi ideal Besetzung.

Allerdéngs hält d'Monde-Korrespondentin et och net fir ausgeschloss, datt den nächste Kommissiounspresident Michel Barnier heescht: De Brexit-Chefnegociateur vun der EU géif sech an der lescht diskret a Positioun bréngen.

Keng Eenheet um rietse Bord

Kaum en Zweiwel hunn d'Europakorrespondenten dorun, datt d'Sondagë richteg leien, wa se de riets-populisteschen, nationalisteschen an euroskeptesche Parteien um rietse Bord e massiven Zoulaf a Form vun 23 Prozent vun de Stëmme prognostizéieren.

Datt dës Parteien et awer hikréien, eng eenzeg Fraktioun am Europaparlament op d'Been ze stellen, déi och déi ganz Legislaturperiod iwwer stabil zesummebleift, ka kee vun hinne sech virstellen.

Brexit: Keen Duerchbléck méiglech

Sou wéi och keen et (méi) wot, nach iergend e Pronostic ze maachen, wat de Brexit ubelaangt. "Kee versteet méi eppes, och net mir Journalisten", seet d'Camille-Cerise Gessand vun der spezialiséierter Agence Europe.

Et sollt een net mengen, datt an Europa alles besser gëtt, wann d'Brite bis eraus sinn, warnt den Oliver Grimm ("Die Presse"): "D'Briten hunn den Euro net verhënnert, si hu sech och net géint d'Migratiounspolitik gestäipt: Si hunn einfach net matgemaach!" Dofir wär et en Iertum ze mengen, ouni si géifen elo all déi grouss Problemer an Europa spilles kënne geléist ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.