Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU lancéiert Offensiv géint Plastikoffall

Europäesch Unioun

EU lancéiert Offensiv géint Plastikoffall

Plastiks-Forschetten, Telleren oder Schallimoen, déi just eng Kéier gebraucht ginn an dann am Drecksback landen sollen aus de Regaler vun eise Supermarchéen verschwannen. D'Europäesch Kommissioun huet eng Direktiv ausgeschafft, déi dofir suerge soll, datt manner Plastik um Tipp lant. Déi nei Direktive gëtt vu ville Säite begréisst. Souguer d'Industrie stellt sech net queesch.

auto_stories

4 min

Dëse Schratt war iwwerfälleg soen déi, déi sech scho méi laang dofir asetzen, datt manner Plastik ewechgeheit gëtt.

D'Kommissioun viséiert konkret zéng Produiten, dorënner Plastiksmesseren a Forschetten, Schallimoen, Ouerestäbercher oder d'Stiller vu Loftballonen.

De Sozialdemokrat Jo Leinen, haut Europadeputéiert a Member vun der Ëmwelt-Kommissioun seet, datt des Lëscht vun de Produite Sënn mécht. Et sollt ee sech keng Illusioune maachen, och aus der EU géife pro Joer ronn 500 Milliounen Tonne Plastik an d'Mierer gelaangen. Zéng Produite maache 86 Prozent vun deem Plastikknascht aus, deen analyséiert gouf. Déi geplangten Aschränkungen a Verbueter sinn dofir, senger Meenung no, gerechtfäerdegt.

Beispill Ouerestäbecher

Verbuet ass eppes, wat den Europadeputéierte Karl-Heinz Florenz vun der CDU prinzipiell net gären héiert. Allerdéngs ass och hien éischter iwwerzeegt vun der Demarche vun der EU-Kommissioun. D'Kommissioun hätt déi richteg Produiten erausgepickt, och wann een do vläicht op den éischte Bléck de Kapp rësele géif.

De Plastikstill vun engem Ouerestäbchen zum Beispill huet eng laang Liewensdauer: am Mier, an de Fëscher oder an de Vill. Dat kéint een änneren, andeems ee se aus Pabeier hierstellt. Ouerestäbercher waren déi Kategorie, déi an de Mierer ronderëm Europa am drëtt-heefegste fonnt gi sinn. Datt d'EU-Kommissiounn elo ee motivéierend Element entwéckelt fir d'Plastikstäbecher duerch Alternativen aus Zellulos z'ersetzen, fënnt hien eng gutt an innovativ Léisung.

Chance fir Innovatioun

Anerer, wéi säi Fraktiounskolleg Markus Ferber hate mat éischter populisteschen Téin géint d'Initiativ vun der Kommissioun geschoss. D'Mesurë vun der Kommissioun wieren onverhältnesméisseg. Andeems ee Loftballone viséiert, géif een aus engem Kannergebuertsdag eng Recyclingparty maachen, sou de bayreschen CSUler.

Domat ass de Karl-Heinz Florenz guer net d'accord. Dem Markus Ferber seng Beispiller wiere falsch an hien hätt sech net mat der Propose vun der EU-Kommissioun ausernee gesat. Et géif net dorëms Ballonen ze verbidden, mee dorëms dofir ze suergen, datt och do d'Stiller net méi aus Plastik sinn.

Fir d'Entreprisë kéint dat Ganzt och eng Chance sinn, seet de Karl-Heinz Florenz. Et kéint een dat Ganzt och ëmgedréint gesinn. D'Propos vun der Kommissioun géif innovativen Entreprisen zegutt kommen an Jobs schafen.

Däitschland wier natierlech net de gréisste Verschmotzer, et misst een awer zur Kenntnis huelen, datt och Däitschland d'Ëmwelt verknaschte géif. Däitsch Entreprisen hätten dann nees d'Méiglechkeet, fir innovativ Technologie z'entwéckelen, déi vun anere Länner kéint ofkaaft ginn. Dat begréisst de Karl-Heinz Florenz.

Plastik laangfristeg komplett verbidden?

Déi Gréng wollte méi wäit goen an zum Beispill eng kloer Deadline festleeën, bis wéini ee ganz op Plastik verzichte géif, dee just eng Kéier gebraucht gëtt, seet de Philippe Lamberts, Chef vun der Grénger Fraktioun am Europaparlament.

Hie wier sech bewosst, datt een d'Welt net vun haut op muer verännere kéint. Trotzdeem misst ee sech d'Fro stellen, ob ee prett wier, fir verschidden Zorte Plastik laangfristeg komplett ze verbidden.

Ëmweltschützer: Text deelweis onkonkret

D'Initiativ ass een éischte Schratt, soen d'Ëmweltschützer. Et geet awer nach net duer. Zum Beispill géife konkret Chiffere feelen, wann et ëm d'Reduktioun vum Plastiksverbrauch geet, erkläert d'Adriadna Rodriges vun der ONG "Zero Plastics".

"A verschiddene Passage vum Text gëtt vu signifikante Reduktioune geschwat - mee wat heescht dat? Sinn dat 20,30, 50 oder 80 Prozent manner", freet d'Adriana Rodriges.

Produzent responsabiliséieren

D'Parlament ass och nach do, seet dozou de Jo Leinen. Hei misst nogebessert ginn. Et géif net nëmmen ëm d'Asammele vu Plastik goen, mee ëm d'Vermeidung. Dem EU-Parlament no misst de Produzent d'Responsabilitéit iwwerhuelen oder Alternativproduite bereedstellen. Et misst een och dofir suergen, datt an all den EU-Mmeberstaate Sammelsystemer opgebaut géife ginn, an datt héich Sammelquoten erreecht ginn, sou de Jo Leinen.

Begréisst gëtt och, datt d'Entreprisë solle verflicht ginn, sech drun ze bedeelegen, den Dreck vun de Plagen ewechzemaachen.

Et ass domat ze rechnen, datt sech dat am Präis vun de Plastiksproduiten nidderschléit. Mee dat kéint och ee positiven Effekt hunn, an dofir suergen, datt een éischter op Alternativen zeréckgräift. Déi sinn, sou de Jo Leinen méi deier ewéi Plastik. Se bidden awer de Virdeel, datt de Plastik esou net iwwer d'Iesse vu Fësch, nees an de mënschleche Kierper ka kommen.

Industriedachverband Plastics Europe: Plastik komplett verbidde keng Léisung

D'Industrie selwer hält sech nach zeréck mat Commentairen. Et wier een nach em gaangen d'Direktiv ze analyséieren, heescht et. De Karl-Heinz Foerster vum Daachverband "Plastics Europe" fënnt awer, datt ee Verbuet keng Léisung ass.

E Verbuet wier déi drasteschste Mesure, virun allem well d'Alternativen nach net genuch ënnersicht gi wieren. "De Plastik selwer ass net de Problem, mee datt es net genuch recycléier gëtt", sou de Karl-Heinz Foerster.

Deen Taux muss eropgoen, bis 2030 sollen 100 Prozent vum Plastik recyclabel sinn. De Kampf géint de Plastik-Offall geet weider.