Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Utopia - Interplanetary Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: Méi Observateur wéi Acteur

EU-AUSSEPOLITIK

EU: Méi Observateur wéi Acteur

D'EU huet vill ze bidden, fir un enger Léisung fir d'Konflikter am Noen Oste matzeschaffen, betoune Vertrieder vun den europäeschen Autoritéiten dacks. Um aussepolitesche Plang spillt d'EU allerdéngs meeschtens keng Haaptroll. Dacks schéngt si éischter nozekucken, wéi wierklech Acteur ze sinn.

auto_stories

5 min

De Jean Asselborn an de Josep Borrel. Foto: European Union

D'Joer 2020 annoncéiert sech net einfach fir de Chefdiplomat vun der EU. "Et huet e bësse komplizéiert ugefaangen", sot de Josep Borrel e Freideg virun der Krisesëtzung vun den EU-Ausseministeren zu Bréissel.

Offiziell dréit hien den Titel vum "Héije Representant vun der Europäescher Unioun fir d'Aussen- a Sécherheetspolitik". Hien ass esou eppes wéi den EU-Ausseminister a misst eigentlech den Haaptacteur vun der Europäescher Unioun op der internationaler Bün sinn.

"Net nokucken, wann anerer fir eis decidéieren"

Do trëtt awer och de Charles Michel op. Hien ass de President vum Europäesche Conseil, an deem d'Memberlänner vertruede sinn. "Ech wëll, datt Europa een Deel vum Spill ass", sot de fréiere belsche Premier déi lescht Woch zu Zagreb.

Seng Aussoen op där Pressekonferenz héiere sech net esou un, wéi wann dat senger Meenung no bis elo de Fall war. "Europa muss op internationalem Niveau méi involvéiert sinn, seng Valeure méi promovéiere a seng Interesse méi verteidegen", fuerdert de Charles Michel. "Well et wichteg ass, datt mir net nëmmen nokucken, wat anerer fir eis decidéieren."

De Charles Michel. Foto: European Union / Dario Pignatelli

Fir de Konflikt am Noen Osten huet de Rotspresident déi konkret Perspektiv, datt "mir an den nächsten Deeg a Woche wäerte staark involvéiert sinn".

Wou genee, seet hien net. Och d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet keng konkret Beispiller parat. "D'Europäesch Unioun huet ee ganz gudde Ruff a kann op eng ganz Partie vu laangfristegen Dialogkanäl zeréckgräifen, déi och an där aktueller Kris genotzt ginn", sou d'Kommissiounscheffin.

Ee staarkt Mandat fir den Noen Osten

E Freideg op der Krisesëtzung vun den EU-Ausseministere gouf den EU-Chefdiplomat nei lancéiert, duerch een, wéi hie seet, staarkt Mandat fir Gespréicher am Noen Osten.

Op d'Fro, duerch wat dat Mandat frësch muskléiert gouf, verweist de Josep Borrel op d'Déifte vun der diplomatescher Sprooch. Fir déi, déi dës Sprooch verstoe géifen, wier et evident, dat hien elo den Optrag krut, mat alle Parteien, den Iran mat ageschloss, schwätze soll. "Dat huet trotzdeem eng gewëss Importenz", sou de Josep Borrel op eis Nofro hin.

Iran-Accord: Op alle Fall dru festhalen

Mee och ee staarkt Mandat kann net verstoppen, datt dat, wat d'EU haaptsächlech a Saachen Iran héich hält, a Wierklechkeet net funktionéiert: den Atomaccord.

Dorun awer wëllt een op alle Fall festgehalen. "Do ass et kloer fir eis, datt dat net kënnt zerschloe ginn", huet e Freideg och den Ausseminister Jean Asselborn op en Neits betount. Genee wéi säin däitschen Homolog, den Heiko Maas, deen der Press zu Bréissel sot: "Ich bin der Auffassung, dass dieses Abkommen Sinn macht, weil es den Iran daran bindet, keine Atomwaffen zu entwickelen".

Den däitschen Ausseminister Heiko Maas. Foto: Chr.Dogas / European Union

Mee genee dat ass ëmmer méi ongewëss, nodeems den Iran nees annoncéiert huet, sech net méi un deen Accord ze halen. D'EU huet net vill an der Hand fir den iranesche Partner ze iwwerzeegen.

D'Géigeleeschtung, nämlech europäesch Geschäfter mam Iran, léisst op sech waarden. Eng Handelsfirma, déi extra gegrënnt gouf, huet bis elo een eenzegen Deal ofgewéckelt. Déi europäesch Entreprisë fäerten negativ Konsequenzen aus den USA, déi sech bekanntlech aus dem Atomofkommes zeréckgezunn hunn.

Libyen: Russland an d'Tierkei iwwerhuelen de Lead

Am aktuell zweete groussen aussepolitesche Konflikt a Libyen ass d'EU bis elo och net grad iwwerzeegend opgetrueden. Do hunn zwee aner Acteuren de Lead iwwerholl, stellt och de Jean Asselborn fest: "Et ass e wéineg cocasse, datt sech d'Tierkei a Russland, déi jo eigentlech net direkt implizéiert sinn, lo op eemol wëllen als Leader opspillen".

Mee net nëmme gëtt een d'Heft aus der Hand, och EU-intern géif een hei net un engem Strang zéien, seet den Europadeputéierte Manfred Weber. A Libye géife Frankräich an Italien ënnerschiddlech Strategië verfollegen, an dat géif d'EU lämen.

Fir den Europadeputéierte Manfred Weber ass kloer: D'EU huet net méi de Lead. Foto: manfredweber.eu

Wat den Iran ugeet, misst d'EU sech am Klore sinn, wie Frënd a wie Feind ass, sou de Weber an der ZDF-Sendung Berlin Direkt. "Im Jemen sind hunderttausend Menschen gestorben, im Iran wurden fast zehntausend Homosexuelle öffentlich ermordet. Es ist ein Terrorregime, mit dem wir es zu tun haben und deswegen müssen auch wir Europäer uns die Frage stellen, welchen Beitrag wir durchaus auch an der Seite von Amerika leisten können, um dieses Terrorregime zu stoppen".

Noutfalls mat Russland

Grad géintiwwer den USA wëllt awer och säin Heemechtsland Däitschland seng eegen Interêten duerchsetzen. Zur Nout deet ee sech do mat engem zesummen, dee politesch méi wäit ewech ass, fir beispillsweis de Projet vun enger Gaspipeline Nordstream 2 op d'Been ze setzen.

Dee Projet misst zu Enn geféiert ginn, sot d'Kanzlerin Angela Merkel dëse Weekend no engem Gespréich mam russesche President Vladimir Putin. Nordstream 2 ass an der EU iwwerdeems ëmstridden. Länner wéi Polen Litauen oder Lettland si kategoresch dogéint.

Dat ass just ee Beispill dofir, dat net jiddwereen déi nämmlecht Interêten huet - um aussepolitesche Plang. An de Beweis dofir, datt de Josep Borrel nach vill ze dinn huet, net nëmmen a senge Gespréicher mat externe Partner.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.