Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Becca Mancari - Over And Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Mindestloun ass eng Etapp weider

EU-SOZIALPOLITIK

EU-Mindestloun ass eng Etapp weider

Déi 27 EU-Memberlänner si sech eens ginn, iwwert hir Positioun iwwert d'Direktiv fir een europäesche Mindestloun. Den EU-Kommissär Nicolas Schmit freet sech a mécht sech prett fir déi nächst Verhandlungen.

auto_stories

3 min

Et war een zefriddenen EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dee virun d'Press getrueden ass. D'Memberlänner hunn zwar seng Propos an e puer Punkten ofgeschwächt, ma si sinn sech ëmmerhin eens ginn, a verwerfe se net.

Den Nicolas Schmit hat virun engem Joer eng Propose fir eng entspriechend Direktive op den Dësch geluecht. Hien hätt deemools dru gezweiwelt, datt een iwwerhaapt esou wäit géif kommen, sot de Nicolas Schmit e Méindeg zu Bréissel.

Grouss Majoritéit vun den EU-Länner fir d'Direktiv

D'Direktiv ass tëscht de Memberlänner nämlech net onëmstridden. "Verschidde Länner hätten am léifste guer keng Reegelung gehat", sou d'Inneministerin Taina Boffering, déi Lëtzebuerg an deem Dossier op der Reunioun vun den zoustännegen Ministeren vertrueden huet. Si wier "ganz frou driwwer", datt hire Parteikolleeg Nicolas Schmit elo gewisen hätt, "wéi haartnäckeg hie ka sinn".

Den EU-Kommissär hat effektiv Géigewand ze spiere kritt, an domat ass et och nach net eriwwer. Oppositioun koum bis um Schluss vun de skandinavesche Länner, déi kee Mindestloun hunn, ma wou d'Salariéen iwwert Kollektivvteräg ofgeséchert sinn. Si fäerten, dee System géif duerch déi nei EU-Direktive a Fro gestallt.

Datt Schweden um Schluss awer Jo gesot, ass fir de Nicolas Schmit ee Succès. Dogéint waren um Schluss just nach Dänemark an Ungarn.

Lëtzebuerg wär prett, méi wäit ze goen

Lëtzebuerg wier gäre méi wäit gaangen, seet d'Taina Bofferding. En vue vun de Verhandlungen mam Europaparlament, déi nächst Etapp um institutionelle Wee vun der Direktive, gesäit si "keng Marge méi fir een Ajustement no ënnen".

D'Direktiv fixéiert kee Mindestloun u sech, ma setzt de Kader dofir. Si leet Krittäre fest, wéi de Mindestloun soll ausgerechent ginn. Ee reegelrechte Mindestloun z'imposéieren, géif géint d'EU-Traitéë verstoussen, dorun huet de Nicolas Schmit op der Pressekonferenz e Méindeg erënnert.

D'Direktiv leet dowéinst och ee Mindesttaux fest, fir d'Ubannung vu Salariéen u Kollektivverträg. Béides, sou de Nicolas Schmit, gräift d'Autonomie vun de Sozialpartner net un, am Contraire e System vun de Kollektivverträg sollt verstäerkt ginn, sou den EU Kommissär nach emol un d'Adresse vun de méi skeptesche Länner.

D'Europaparlament géing gären esou wuel d'Critère fir de Mindestloun auszerechnen méi wäit faassen, wéi och den Taux fir d'Kollektivverträg méi héich usetzen.

Lëtzebuerg wier prett, mat op dee Wee ze goen, seet d'Taina Bofferdeng, wuel wëssend, datt do am Grand Duché nach Loft no uewen ass. Den Ament sinn mol net 60 Prozent vun de Salariéen iwwer ee Kollektivvertrag ofgedeckt. D'Parlament géif de Minimum-Taux gären op 80 Prozent fixéieren.

Nächst Etapp: Verhandlunge mam Europaparlament

Länner, déi dee Prozentsaz net erreeche missten een Aktiounsplang op d'Been setze, mat Mesuren, wéi dat ka geännert ginn. Am Grand Duché kéint een do, sou d'Taina Bofferding am Horesca-Secteur usetzen.

D'Memberlänner an d'Europaparlament musse sech elo eens ginn, op eng gemeinsam Positioun - ier dann déi Direktive kann an de Memberlänner ëmgesat ginn.

Fir de Nicolas Schmit ass et ee schwierege Prozess, an deen hien elo mat Optimismus géing eragoen, sou den LSAP-Politiker.