Radioen

On air

De Moien  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Mindestloun: Eng Light-Versioun ass lancéiert

EUROPÄESCH SOZIALPOLITIK

EU-Mindestloun: Eng Light-Versioun ass lancéiert

EU-Parlament a Memberlänner si sech eens ginn iwwer d'Direktiv vum EU-Kommissär Nicolas Schmit fir eenheetlech Standarde fir Mindestléin an der EU. Déi nei Reegele si wéineg contraignant, kéinten den europäeschen Aarbechtsmaart awer méi sozial maachen, sou d'Iwwerzeegung vu villen.

auto_stories

5 min

Wéi ëmmer no méintelaange Verhandlunge gëtt et um Schluss just Gewënner. Fir den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit, gouf mat der sougenannter "Direktiv fir adequat Mindestléin an der EU", wéi se elo virläit, "een effikasst Instrument geschaaft fir ze garantéieren, datt d'Léin an der EU besser uneneen ugepasst ginn".

Keen eenheetlechen EU-Mindestloun

Kloer ass, datt domat keen eenheetlechen europäesche Mindestloun agefouert gëtt, mee de Kader fir all EU-Land deen nämmlechte soll ginn.

An zwar souwuel fir déi 21 Länner vun der EU, an deenen et schonn esou ee Mindestloun gëtt, ewéi fir déi sechs aner, wou d'Léin iwwer de System vu Kollektivverträg definéiert ginn.

D'Memberlänner hate probéiert ofzeschwächen, d'Parlament huet de Contraire gemaach.

Ëmmerhin: Et gouf ee sech bannent mol net engem hallwe Joer eens. Eraus koum ee Kompromëss, deen ee vun deenen, déi d'Verhandlungen am Numm vum Parlament gefouert hunn, den däitschen CDU-Politiker Dennis Radtke, als "Cola light mit sehr viel Geschmack" bezeechent.

EU-Traitéë loossen net vill Spillraum

De Kompromëss iwwerhëlt d'Haaptpunkten, déi och den Nicolas Schmit a senger Propos festgehalen hat. Dem LSAP-Politiker war bewosst, datt der EU duerch d'Verträg d'Hänn gebonne sinn: Salairë si prinzipiell eng national Kompetenz.

Eng contraignant Limitt, déi d'Länner beim Festleeë vun de Mindestléin misste respektéieren, gouf deemno um Enn net zeréckbehalen.

All Land muss eng Evaluatioun maachen, ob de fixéierten Niveau vum nationale Mindestloun och eng dezent Liewensweis garantéiert. Krittären, wéi deen Niveau festgeluecht muss ginn, kréien d'Länner just mat op de Wee. Rechtlech war net méi dran, hält den Dennis Radtke fest:

"Wir geben eine sehr klare Empfehlung an die Mitgliedstaaten: Nämlich zu sagen, wir kommen zum Ergebnis, dass Mindestlöhne dann gerecht sind, wenn sie 60 Prozent des Medianeinkommens und 50 Prozent des Durchschnittseinkommens abbilden."

D'Direktiv schreift elo vir, datt Länner just all zwee Joer mussen ee Rapport iwwer d'Entwécklung vum Mindestloun maache mussen.

D'Kommissioun hat hei ee Rapport pro Joer virgesinn - een Instrument, dat wichteg wier fir de sozialen Dialog unzekuerbelen, sou virun zwee Joer den Nicolas Schmit.

80 Prozent vu Salariéen am Kollektivvertrag

D'Direktiv leet och fest, wéi vill Léin duerch Kollektivverträg mussen ofgeséchert sinn. Hei wollt d'Parlament méi wäit goen an huet sech och duerchgesat: An alle 27 EU-Memberlänner missten op d'mannst 80 Prozent vun de Salariéen un ee Kollektivvertrag gebonne ginn, sou den Dennis Radtke.

"Für den Fall, dass diese 80 Prozent, wie eben in sehr vielen Mitgliedstaaten, nicht erreicht werden, ist die Rechtsfolge, dass die Mitgliedstaaten einen Aktionsplan vorlegen müssen, in dem sie offenlegen, welche Maßnahmen sie gedenken zu ergreifen, um die Tarifbindung in Richtung 80 Prozent oder höher zu bewegen. Ich glaube, das ist schon sehr verbindlich."

Allerdéngs, dat hat de Nicolas Schmit vun Ufank un zouginn, si keng Sanktioune virgesi fir Länner, déi sech net un déi Consignen halen. Och dat wier juristesch schwéier gewiescht, sou den EU-Kommissär am Oktober 2020 am 100,7-Interview.

Schweden ass dogéint

Trotzdeem dierften e puer Länner vun deenen, déi bis elo kee Mindestloun hunn, bei hirem "Nee" zu dëser Direktiv bleiwen: Schweden huet dat gëscht schonn annoncéiert. D'Land fäert, säi System vun de Kollektivverträg wier a Gefor.

Den Nicolas Schmit hat probéiert ze iwwerzeegen - ouni Succès. D'Zil vun der Direktive wier et, ebe just dee System ze stäerken, sou gëscht den LSAP-Politiker:

"Mir wëllen dee System net ausgerechent do ofschwächen, wou e gutt funktionéiert. Mir géifen eis vill méi freeën, wann aner Länner dee System géife kopéieren."

Zu Lëtzebuerg wier do nach munches ze dinn. Am Grand Duché ass just eppes iwwer d'Hallschent vun de Salariéen iwwer ee Kollektivvertrag ofgedeckt.

Et wäert nach op d'mannst zwee Joer daueren, ier dës Direktiv ëmgesat ass. Grad elo an Zäite vun héijer Inflatioun wier awer een Accord iwwer de Kader vun engem europäesche Mindestloun ee wichtegt politescht Signal, huet gëscht och een um Enn eigentlech zefriddenen EU-Kommissär fir dat Soziaalt festgehalen:

"Dans le contexte actuel, il ne faut pas que les salaires les plus bas soient les victimes de ces tensions. Par cette directive la Commission donne un signal très clair sur le rôle des salaires notamment dans le contexte actuel caractérisé par une forte hausse des prix".

Direktiv muss nach formell ugeholl ginn

D'Aarbechts- a Sozialministeren aus de 27 EU-Länner mussen elo nach "Jo" soen, dat kéinte si schonn op hirer Sitzung e Freideg aacht Deeg zu Lëtzebuerg maachen.

Trotz der Oppositioun vun e puer Länner dierft d'Majoritéit garantéiert sinn. Och am Europaparlament muss dann nach eng Majoritéit fir deen elo ausgehandelten Text stëmmen.

D'Gewerkschaften, déi sech fir eng eenheetlech Limitt vun engem europäesche Mindestloun agesat haten, hu gëscht de Kompromëss begréisst. E kéint souwuel d'Mindestléin méi fair maache wéi och dofir suergen, datt Kollektivverträg als déi bescht Léisung besser protegéiert ginn, schreift den Europäesche Gewerkschaftsbond an engem Communiqué.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.