Den liberale briteschen Europadeputéierte Claude Moraes gesäit en Zesummenhang tëschent der Hausse vum Populismus a verschiddene Länner an dem Fait, datt Journalisten zu Zilscheiwe fir Gewalt ginn.
De Phenomen wier net nei an der EU. "Wann ee Journalist ëmbruecht gëtt, heescht dat, datt hien eppes erausfonnt hat, wat fir een anere wäertvoll ass." D'Conclusioun wier, datt Journaliste besser geschützt misste ginn. Och wann d'Recht op Meenungs- a Pressefräiheet per Gesetz garantéiert wier, sou wéi dat an der Slowakei de Fall ass.
Bedeelegung vun Europol un Enquête?
De Claude Moraes war am Mäerz mat enger Delegatioun aus dem Europaparlament an d'Slowakei gereest, fir sech op der Plaz ee Bild iwwert d'Situatioun ze maachen. Europol sollt sech un der Enquête bedeelegen. "Mir denken, datt dat hëllefe kann, déi Schëlleg ze fannen, déi de Ján Kuciak a seng Frëndin Martina Kušnírová ëmbruecht hunn." An dat géif och dozou bäidroen, datt d'Enquête méi onofhängeg an objektiv géif ginn.
D'Parlament insistéiert, datt Journaliste, Blogger a Whistleblowere besser protegéiert ginn, op nationalem an op europäeschem Niveau.
D'EU-Kommissioun wëllt e Méindeg eng nei Direktiv iwwer d'Protectioun vu Whistleblowere presentéieren.