Wiem seng Iddi war et? Souwuel déi Gréng, wéi och d'Sozialisten an déi Liberal hu fir sech reklaméiert d'Initiativ geholl ze hunn, fir den État d'Urgence a Saache Klima an Ëmwelt auszeruffen.
Ee vun de selwerernannte Pappe vun der Iddi ass de Fransous Pacal Canfin, vu la République en Marche. Europa kéint deen éischte Kontinent sinn, deen de Klima-Noutstand ausrifft an huet hei d'Chance, een anere Message an d'Welt ze sende wéi zum Beispill d'USA, sot hien e Méinden den Owend am Debat zu Stroossbuerg.
Ee symboleschen Akt
Net jiddwereen am Parlament ass awer vun där Noutstand-Idee ugestach. Ganz zeréckhalend hu sech bis elo d'Deputéiert vun deem gréisste Grupp, der Europäescher Vollekspartei gewisen. Den Däitschen CDU-Europadeputéierte Peter Liese fënnt, dat de Begrëff Noutstand net passend ass a just Panik ausléist.
En Donneschdeg soll doriwwer ofgestëmmt ginn an et ass net sécher, wéi dee Vott ausgeet, gëtt de Pascal Canfin zou.
Mat u Bord, fir de Noutstand auszeruffen, sinn déi Lénk am Parlament. Et ass ee symboleschen Akt, deen néideg ass, fir Drock op d'EU-Memberlänner ze maachen, erkläert hire Chef, de Martin Schirdewan. Et géif drëm goen, datt konkret Mesure geholl ginn, an och déi huet d'Parlament an engem Text festgehalen.
Och Mesure sinn ëmstridden
Mee och an der Fro, wat een da konkret maache soll, ass sech d'Parlament nach laang net iwwerall eens. Am Projet vun der Resolutioun, iwwer déi ofgestëmmt gëtt, sinn zwar konkret Ziler opgezielt.
Dozou gehéiert d'Fuerderung, datt d'EU sou séier wéi méiglech an allerspéitstens bis 2050 soll klimaneutral sinn.
Oder déi, datt scho virdrun, nämlech bis 2030 d'Emissiounen ëm 55 Prozent musse reduzéiert ginn. Dat geet méi wäit, wéi d'Europäesch Kommissioun et bis elo proposéiert huet. Dat geet verschiddener net wäit genuch, an ass aneren zevill ambitiéis.
Atomstroum als Klimaschutz
Ënnert deenen, déi de Klima-Noutstand ausruffe wëllen, sinn der och, déi am Atomstroum grousst Potential fir de Klimaschutz gesinn.
Dowéinst gëtt et do am Text bis elo zwou Versiounen, déi genee de Contraire soen. Déi eng setzt sech fir den Ausstig aus der Atomenergie an. Déi aner gouf elo vun de Liberale proposéiert a seet, Atomenergie kéint eng wichteg Roll spillen, fir d'Klima ze retten.
An da koum des Woch och nach eng al Diskussioun nees op: Déi vun de verschiddene Setzer vum Europaparlament.
Parlament selwer ee Klimakiller
Datt sech dee ganzen Tross eng Kéier de Mount a Beweegung setzt, fir aplaz zu Bréissel, zu Stroossbuerg ze siegéieren, géif dem Klima vill schueden, fannen déi Europäesch Konservativ, déi och dat gären am Text géife festhalen. Och dofir sinn déi Gréng: "Zwee Sëtzer ze hunn ass aus ekologescher a finanzieller Siicht fatal", seet d'Ska Keller, Fraktiouns-Cheffin vun deene Gréngen.
Och déi Propos dierft allerdéngs net onëmstridde sinn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.