Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU preparéiert sech op Novel Food

NEI LIEWENSMËTTEL

EU preparéiert sech op Novel Food

Wat iesse mir an 20, 30 Joer? Een Hamburger aus Wiem oder kënstlechem Fleesch kritt een haut scho plazeweis proposéiert. Et dauert nach, bis esou Nei Liewensmëttel prett sinn, fir am grousse Stil um Marché ze landen. D'EU probéiert sech dorop ze präparéieren, an huet schonn emol hir Gesetzer adaptéiert.

auto_stories

3 min

Et gëtt verschidden Zenarien doriwwer, wéi et viru geet mat eisem Iessen. Zu Bréissel am Recherchezenter vun der Europäescher Kommissioun ginn Etüde gemaach, zum Beispill doriwwer, wéi ka fir eis Liewensmëttelsécherheet am Joer 2050 garantéiert ginn.

Et ass schwéier virauszegesinn, wat an Zukunft op eisem Teller lant, seet ee vun den Auteure vun deem Rapport, de Franz Ulberth. "Mir kënnen Estimatiounen doriwwer maachen, a wéi eng Richtung eis Industrie sech beweegt. Et geet och drëm, mat esou Erausfuerderungen, wéi dem Klimawandel fäerdeg ze ginn an domat, datt mer an Zukunft zu zéng Milliarde wäerte sinn. Do musse mer nei Saachen erfannen."

Kënstlecht Fleesch nach net grad prett

D'Ressourcë gi méi knapps an dowéinst gëtt no neie Weeër an der moderner Liewensmëtteltechnologie gesicht.

Fleesch zum Beispill kéint anescht wéi bis elo produzéiert ginn. Amplaz Déiere grousszezéien a se dono ze schluechten, fir datt ee Bifdeck um Teller lant, kann ee Fleesch och an der Fabrick op Basis vun Zellen hierstellen.

Esou kënschtlech geziichten Tissu ass méi gesond, besser fir d'Ëmwelt an d'Déieren, seet de Peter Verstrate, den Direkter vu Mosa Meat, enger Entreprise mat Sëtz zu Maastricht an Holland.

"Fir esou ee Fleesch hierzestellen, brauch ee keng Déieren ëmzebréngen, et brauch ee just e puer Zellen, déi loosse mir duerch eise System lafen, a mir kultivéieren doraus Fleesch." Prett fir den deegleche Konsum ass dëst Fleesch nach net. Dem Hollänner seng Firma huet Konkurrenz virun allem aus Israel an den USA, fir déi Entwécklung weiderzedreiwen.

Den Ament ass et virun allem nach vill ze deier esou kënschtlecht Fleesch ze produzéieren. Anere Problem: Et brauch een ee Serum, deen aus Bluttzelle vun engem Kou-Fötus gewonne gëtt, woufir och mussen Déieren ëmbruecht ginn.

"De Prozess ass nach an engem fréie Stadium. Mir kënne Muskel- oder Fett-Tissu am Laboratoire maachen, genee wéi Fett. Dat musse mir awer nach verbesseren. Haaptsächlech musse mir de Prozess upassen, fir kënne Fleesch am grousse Stil ze produzéieren. Dat wäert nach dräi bis véier Joer daueren."

Grousst Potential am Iessen aus Insekten

An da mussen natierlech och nach d'Konsumenten dofir begeeschtert ginn. Dat gëllt allerdéngs och fir eng aner Zort vun innovativem Iessen, bei där Insekten d'Grondlag sinn.

Fir de Christophe Derrien, huet déi Iddi eng grouss Zukunft. Hien ass de Generalsekretär an der internationaler Plattform vun Insekten als Liewensmëttel oder Fudder. "Et gëtt gedréchent Insekten, déi ee beim Aperitif genéisse kann, Insektepudder, deen an engem Müsliriegel verschafft gëtt, oder Insektemiel, dat a Liewensmëttel fir Sportler dran ass", seet hien. "Produiten op der Basis vun Insekten hu vill Proteinnen, vill Vitaminnen a si liicht ze verdauen."

Wéi eng Leit sech dorop aloossen, ass nach net kloer. D'EU huet op alle Fall hir Gesetzer iwwer Novel Food ugepasst a verschidden Iesssaachen integréiert, déi bis elo net fir de mënschleche Konsum geduecht waren.

EU-Gesetzer ugepasst

Éier en neit Liewensmëttel zougelooss gëtt, muss natierlech nogewise ginn, datt de Produit dem Mënsch net schuet.

Iessen aus Insekte kéint d'nächst Joer déi Geneemegungsprozedur op EU-Niveau duerchgelaf hunn, an um Marché ze kafe sinn. Fir kënstlecht Fleesch ass net virun 2030 mat enger Distributioun am grousse Stil ze rechnen.

D'EU-Reegele si robust op deem Gebitt, seet iwwerdeems de Camille Perrin vum Europäesche Büro fir de Konsumenteschutz. "D'EU ass déi eenzeg Regioun op der Welt, an där dës Produiten net op de Marché bruecht dierfe ginn, ouni datt eng Evaluatioun gemaach gouf par Rapport zu hirer Sécherheet. D'Reegele si gutt, elo musse se och korrekt ëmgesat ginn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.