Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Steierenquêten: USA besonnesch am Viséier?

Steierpolitik

EU-Steierenquêten: USA besonnesch am Viséier?

Eng Rei US-Konzerner kréien an der EU reprochéiert, si hätte vun onberechtegte Steieravantagë profitéiert. Dat kënnt zu Washington net gutt un. Der Europäescher Unioun gëtt virgehäit, si wier parteiesch.

auto_stories

2 min

D'Margrethe Vestager kritt vill Kritik vun den USA.

D'EU-Kommissärin Margrethe Vestager ass den Ament an den USA, wou si vill kritiséiert gëtt. Hir gëtt virgehäit, datt si bei de Steier-Enquête besonnesch amerikanesch Entreprisen am Viséier hätt. Esou zum Beispill Apple, McDonalds, Starbucks oder Amazon. Amerikanesch Experten an d'Regierung sinn der Meenung, datt d'EU-Kommissioun besonnesch kritesch vis-a-vis vun US-Konzerner wier.

Den Timing vun den Enquêtë wier keen Zoufall, mengt de Gary Hufbauer vum Peterson Institute for International Economics. Och national Stéier-Autoritéite géingen den Ament géint Starbucks, Microsoft a Google enquêtéieren, esou den Handelsexpert. "Et gëtt e Gefill hei an den USA, datt europäesch Steier-Autoritéiten - an net just d’EU-Kommissioun - amerikanesch Firmaen als Zil hunn."

"Een europäesche Problem"

D'Enquêtë géingen der Relatioun tëscht den USA an der Europäescher Unioun schueden, mengt de Gary Hufbauer. Besonnesch zu enger Zäit, zu där ee Fräihandel-Akkord negociéiert géif ginn. D'Steier-Rulinge wieren en europäesche Problem, keen US-amerikaneschen. "Wou ass den Avantage fir eis wann eis Firmaen a China, oder an Europa héich Stéiere bezuelen. Jo, mir wëllen datt si hei héich Stéiere bezuelen, mee do? Dat ass eng ganz aner Saach."

Och am Fall vu McDonalds bleift d'Fro op, ob an den USA neess gesot gëtt, datt d'EU amerikanesch Betriber am Viséier hätt. Géing et zu enger Annonce vun der Europäescher Unioun kommen, da kéint d'Fast-Food Chaîne gefrot gi fir ronn 500 Milliounen Euro u Steieren zeréckzebezuelen. Dat u Lëtzebuerg, wou d'Firma zënter 2009 hire Sëtz huet.

Net nëmmen amerikanesch Entreprisen

Dem Margrethe Vestager no spillt et bei de Steierenquête keng Roll, op eng amerikanesch oder eng europäesch Entreprise concernéiert wier. D'EU-Kommissioun ënnersicht de Moment och ee Steier-Ruling tëscht der Lëtzebuerger Steieradministratioun an dem franséischen Energiekonzern "Engie", fréier "GDF-Suez". Gesellschafte vum franséische Grupp sollen net justifiéiert Steiervirdeeler kritt hunn.

Op d'Fro, virwat Lëtzebuerg esou dacks vun den Enquête betraff wier, gëtt d'Margrethe Vestager keng konkret Äntwert. "Et ass net meng Aufgab, mam Fanger op een ze weisen." All Fall wier anescht. Et géif nëmme gekuckt ginn, op Steieren, déi net bezuelt goufen, misste recuperéiert ginn. "An dann ass et un der Regierung zu kucken op d'Legislatioun respektéiert gëtt. Déi am eegene Land oder déi an der EU." Et wier un de Regierunge fir ze kucke wat si an Zukunft wéilte maachen.