Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sue fir Grenzmaueren: Bis elo net virgesinn

EU-SOMMET

EU-Sue fir Grenzmaueren: Bis elo net virgesinn

Um EU-Sommet hunn d'Staats- a Regierungscheffen iwwert d'Situatioun op de Grenze vun der EU mat Belarus geschwat. Verschidde Länner fuerderen, datt d'EU soll de Bau vun engem Zonk oder Mauer op der Grenz mat finanzéieren. Dat gouf zwar net zeréckbehalen, mee fir d'Zukunft net ausgeschloss.

auto_stories

3 min

De Sujet Migratioun suergt traditionell an der EU fir gréisser Diskussiounen. Virun allem, wann et ëm d'Ëmverdeele vu Refugiée bannent der EU geet. Normalerweis ass den Dénominateur commun ee méi robuste Grenzschutz. Sou och haut um EU-Sommet, wou et ënner anerem dorëms goung, wéi d'EU soll mat der Situatioun op der Grenz mat Belarus ëmgoen.

Dräi Länner, Litauen, Lettland a Pole sinn dovu betraff. D'Staats- a Regierungscheffe si sech alleguerten eens, datt d'EU keng Versich vun Drëttlänner akzeptéiert, Migrante fir politesch Zwecker ze instrumentaliséieren. Genee dat géif den belarussesche President Lukaschneko maachen, andeems e Migranten op déi Baussegrenze vun der EU schéckt.

Déi däitsch Kanzlerin huet vu staatlechem Mënschenhandel geschwat.

Dräi EU-Länner riichten Zénk op Belarus-Grenz op

Déi dräi EU-Länner, déi eng Grenz mat Belarus hunn, hunn ugefaangen Zénk opzeriichten. Schonn am Oktober haten zwielef Länner, dorënner Éisträich, Polen, an Dänemark an engem Bréif un d'Kommissioun gefuerdert, d'EU sollt d'Opriichte vu physesche Barrièren op de Baussegrenzen mat finanzéieren.

Schliisslech hätt d'EU an hirem Budget méi Suen fir d'Protectioun vun de Baussegrenzen virgesinn. Wat soss sollt dat sinn, wéi physesch Barrièren opzeriichten, sou den éisträichesche Kanzler Alexander Schallenberg.

"Mauerbau ist etwas, was mir sprachlich widerpsricht. Aber wir brauchen einen starken und robusten Aussengrenzschutz und wenn Lithauen das macht, was notwendig ist, um die nationale Souveränität zu gewährleisten, nämlich einen Zaun zu bauen. Warum sollten ausschliesslich die litauischen Steuerzahler diese Last tragen, wenn sie eigentlich uns alle schützen?"

Deemno wier d'EU elo prett dat ze maachen, wat vill Politiker um Donald Trump kritiséiert hunn?

Xavier Bettel zu EU-Sue fir Grenz-Zénk: "Ech géif mech schummen"

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ass méi kritesch.

"D'Kontroll vu Baussegrenz ass d'Aufgab vun engem Nationalstaat. Mir hunn zwar Frontex, déi och do sinn, an dat soll och esou bleiwen. Wann ee Leit op enger Grenz astellt, well een do Problemer huet, sinn ech der Meenung EU kann hëllefen um Niveau vun de Käschten Grenzen - mee ech géif mech schummen, wann eng Kéier een Drot opgeriicht gëtt, wou drop steet, "payé par l'Union Européenne", ech géif mech schummen."

Bis elo huet d'Europäesch Kommissioun sech do éischter dergéint ausgeschwat. Konkreten Nofroe vu Journalisten, ob de Bau vun Maueren oder Zénk konform mat EU-Wäerter wieren, ass een éischter ausgewach.

D'Europäesch Kommissioun hätt net Wëlles physesch Barrièren op de Grenzen ze finanzéieren, sot iwwerdeems d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen op der Pressekonferenz um Schluss vum EU-Sommet.

Dat lescht Wuert ass do awer nach net geschwat. D'Staats- a Regierungscheffen hunn ee Kompromëss festgehalen, deen d'Dieren opléisst. De schrëftleche Konklusioune vum Sommet no, soll d'Kommissioun "néideg Ännerungen vum legale Kader vun der EU" proposéieren, genee ewéi "konkret Mesuren", déi eng adequat Äntwert erméiglechen, déi och "en ligne ass mam EU-Recht" an de Grondwäerter vun der EU.