Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Suen als Incitatioun fir Migranten opzehuelen

EU-Migratiounspolitik

EU-Suen als Incitatioun fir Migranten opzehuelen

Bréissel probéiert, de Sträit an der Migratiounspolitik duerch finanziell Ureizer ze léisen. Nei Flüchtlingszenteren fir Refugién, déi aus dem Mier gerett goufen, kéinten aus der EU-Keess bezuelt ginn, sou eng nei Propos. An et baut ee weiderhin och op d'Mataarbecht vun Drëttlänner. Allerdéngs hu sech nach ëmmer keng Fräiwëlleg gemellt.

auto_stories

5 min

Italien wénkt of: Et bräicht ee keng Spenden, sot den Inneminister Matteo Salvini. Dës Ausso war eng Reaktioun op eng Propos vun der EU-Kommissioun, deenen, déi Flüchtlingen ophuele finanziell ënner d'Äerm ze gräifen.

D'Kommissioun hat den Optrag, d'Iddien, déi d'Staats- a Regierungscheffen um Sommet Enn Juni festgehalen hunn, ze konkretiséieren an eng Propos auszeschaffen. Et geet ëm Flüchtlingscampe bannent a baussent der EU, an déi Refugiéen, déi am Mier gerett goufen, higefouert solle ginn.

Nei Zentere kéinten aus der EU-Keess bezuelt ginn

Bréissel bitt an éischter Linne finanziell Ënnerstëtzung. Wéi bis elo beim Relokalisatioun-Programm, bezilt d'Kommissioun engem Land 6.000 Euro fir all Refugié, deen et ophëlt. Plus 500 Euro fir den Transport. D'Kommissioun iwwerhëlt nieft der Infrastruktur och déi lafend Käschte fir eventuell Flüchtlingszenteren, déi géifen opgemaach ginn, huet d'Natasha Bertaud, Porte-parole vun der Kommissioun, erkläert. Och déi Länner, déi prett sinn, hir Häfen opzemaache fir datt Refugiéë kënnen u Land goen, géifen ënnerstëtzt duerch Agente vun den europäeschen Garde de Côte, vun Experte fir Asylfroen a fir Refoulementer. Alles dat géif vum EU-Budget couvréiert.

D'EU wier prett Honnerte vu Milliounen an dee Programm ze stiechen, huet et aus Diplomatekreesser geheescht. D'Pläng bleiwen awer an dëser Propos genee wéi an deem, wat d'Staats- a Regierungscheffe festgehalen haten, zimlech flou.

EU kreativ bei Nimm fir Flüchtlingscampen

Dat Wuert Flüchtlingscampe wëllt een an der EU per Force evitéieren. Dowéinst gouf 2015 um Pic vun der sougenannter Flüchtlingskris den Numm Hot Spot erfonnt. Där Hot Spotte gëtt et fënnef an Italien a fënnef op de griicheschen Inselen. Et si Zenteren, an deenen d'Refugiéen empfaange ginn, wou hir eventuell Demande d'Asyl enregistréiert gëtt a wou si dann drop waarden, wat dono soll mat hinne geschitt.

"Hot Spot" ass elo out - et gëtt nei Nomenclaturen an der EU. Elo gëtt vu kontrolléiert Zenteren oder awer nach méi verklausuléiert vun Debarquementsplattforme geschwat. Déi éischt si bannent der EU, déi zweet baussen den EU-Grenzen an Drëttlänner.

Mobil Pop-up-Zenteren

Kontrolléiert Zentere si keng Hot Spotten, gouf dës Woch zu Bréissel erkläert. Am Contraire zu fest installéierten Hot Spotten wiere kontrolléiert Zenteren eng Zort pop up Zenteren, déi ad hoc kënnen entstoen. Si kéinte mobil sinn a vun engem Memberland an een anert wanderen.

Hiren Atout soll et sinn, datt een do bannent kuerzer Zäit feststelle kann, ob eng Asyldemande eng Chance huet oder net. D'Memberlänner kënne selwer decidéieren, ob ee Zenter op ass oder zou.

All dat mécht de Flüchtlingsorganisatioune Suergen. Virun allem en vue vun der Experienz, déi een an den Hot Spotte gemaach huet.

Kritik un Hot Spotten

ECRE, den Daachverband vun europäeschen Flüchtlingsorganisatiounen, huet a Griichenland an an Italien recherchéiert a kënnt zum Schluss, datt d'Zoustänn do dacks ganz alarmant sinn.

"Zu engem groussen Deel sinn aus den Hot Spotten Centres de détentions, also Prisonge ginn. D'Leit goufen do méi laang wéi geplangt an ënner inakzeptabele Konditioune festgehalen. Dat huet forcement zu Spannunge gefouert", seet d'Catherine Woollard vum ECRE.

D'Hot Spotten erfëllen hiert ursprénglecht Zil net, nämlech eng Basis ze sinn, vu wou aus d'Migranten an aner EU-Länner verdeelt ginn. Dat louch um komplizéierten administrative System, mee och drun, datt d'EU-Länner net prett ware genuch Refugiéen opzehuelen.

"Ouni Verdeelungssystem funktionéiert et net"

Et gëtt elo awer kee Grond unzehuelen, datt déi nei Zenteren net mat deene nämmlechte Problemer ze kämpfen hätten. Ee System fir d'Refugiéen ze verdeele gëtt et jo nach ëmmer net. Doriwwer si sech d'Memberlänner bis elo net eens ginn.

"Menger Meenung no ass dat eng Konditioun dofir, iwwerhaapt esou Zenteren anzeféieren. Am anere Fall si se näischt anescht wéi Centres de Détention oder Deportatiouns-Lageren. Et muss eng Perspektiv fir d'Leit ginn, ëmgesidelt ze ginn", fënnt d'Catherine Woollard.

A well elo alles nach méi séier goe soll, hätt ee staark Bedenken doriwwer, ob Flüchtlingen an deenen Zenteren déi juristesch Ënnerstëtzung kréien, déi hinne per Gesetz zousteet.

Och dat d'Zentere kënnen op oder zou sinn, gesäit d'Organisatioun kritesch.

Flüchtlingen anzespären ass u sech illegal an nëmmen an Ausnamefäll erlaabt, seet d'Catherine Woollard. Et géif vill op Effizienz a séier Traitementer gepocht, dat sollt awer net op d'Käschte vun de fundamentale Rechter geschéien, sou d'Warnung.

Relokalisatioun soll keen Unzéiungspunkt sinn

D'Flüchtlingsorganisatioune wieren iwwerdeems ënner bestëmmten Ëmstänn net dergéint, datt een an Nordafrika Zenteren opmécht, an déi Flüchtlingen, déi am Mier gerett goufen, higefouert ginn.

Allerdéngs misst sech dann Europa kloer engagéieren an zoustänneg sinn, fir dat, wat dono mat de Refugiéë geschitt. Mee och dat ass an der Propos vun der Kommissioun net virgesinn.

Am Contraire: wat déi sougenannten Debarquementsplattforme baussent der EU ugeet, schreift d'Kommissioun explizit, et sollt evitéiert ginn, datt des Zentere Refugiéen unzéien.

Dowéinst sollt "kloer kommunizéiert ginn, datt eng Ëmsiidlung net fir all d'Persounen, déi international Protektioun brauchen, a Fro kënnt" D'Ëmsiidlung misst just als eng méiglech Léisung gesi ginn, a si dierft net op Europa limitéiert ginn, heescht et am Text.

Länner an Nordafrika net interesséiert

D'Expertin vun ECRE kënnt zum Schluss, datt een ënner dësen Ëmstänn de concernéierte Länner just rode kann, hei net matzemaachen. "Sou wéi et elo ausgesäit wäert keen europäescht Land esou een Zenter op sengem Territoire opmaachen. Dat heescht also, dat aus där Propos näischt gëtt. Also wäert den Drock op déi nordafrikanesch Länner méi grouss ginn."

Effektiv huet sech bis elo keen europäescht Land gemellt, fir ee kontrolléierten Zenter bei sech opzemaachen. Gëschter hunn d'EU-Ambassadeuren aus de Memberlänner eng éischte Kéier iwwer d'Propos vun der Kommissioun geschwat. Et wier ze fréi eppes ze soen, huet et aus Lëtzebuerger Kreesser geheescht.

Méiglech concernéiert Drëtt-Länner hunn och ofgewonk. Den 30. Juli soll zu Genf mat Vertrieder vun deene Länner a vun der UNO genee wéi der Internationaler Organisatioun fir Migratioun geschwat ginn.