Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Tierkei: Bleift alles beim Alen?

Europa

EU-Tierkei: Bleift alles beim Alen?

D'Tierkei ass zanter 18 Joer Kandidat fir Member vun der EU ze ginn. Zanterhier gëtt méi oder manner intensiv verhandelt. D'Tierkei als EU-Land, ass dat haut nach realistesch? D'Verhandlunge sollen op Äis geluecht oder ganz ofgebrach ginn, soen eenzel Memberlänner an och d'Europaparlament. Déi tierkesch Regierung fuerdert op där anerer Säit, et sollen nei Kapitelen opgemaach ginn.

auto_stories

5 min

Virun allem aus Éisträich, mee och aus Däitschland komme Stëmmen, déi verlaangen, datt d'EU hiert Verhältnis zur Tierkei iwwerdenke soll.

D'Tierkei, dat Land, wou zanter dem Coup vum leschte Summer, dausende Leit festgeholl goufen. Dat Land, wou weltwäit am meeschte Journalisten am Prisong sëtzen.

Dës Woch hu sech op héchstem Niveau Vertrieder vu béide Säiten zu Bréissel gesinn. Virun allem d'EU-Vertrieder hu probéiert, eng gewëss Normalitéit an de Relatiounen ze demonstréieren. D'EU-Chefdiplomatin huet vun engem konstruktiven Dialog geschwat. Een Dialog, deem seng Kontinuitéit awer u verschidde Konditioune geknäppt ass, sou d'Federica Mogherini.

"Mir hu gesinn, datt eng grouss Zuel vun Oppositionellen, Journalisten, Menscherechtler an de Prisong gespaart goufen. Dowéinst muss den Dialog duerch konkret Schrëtt vu Säite vun der Tierkei ënnerstëtzt ginn, andeems d'Prinzipie vum Rechtsstaat respektéiert ginn."

Déi tierkesch Säit huet allerdéngs kloer gestallt, datt mat genee dëse Schrëtt net ze rechnen ass. All d'Gesetzer vun dëser Regierung hätten dofir gesuergt, dat een ebe just déi rechtsstaatlech Prinzipie méi staark respektéiert, sou den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Çavuşoğlu. Hie sot och, et misst een tëscht echten an Pseudo-Journalisten ënnerscheeden.

"Kritesch Stëmmen ënnerdrécken"

Bausse virun der Kommissioun gouf protestéiert. Virun allem Vertrieder vun Amnesty International ware komm. D'Directrice vun der tierkescher Sektioun an de President setzen an der Tierkei am Prisong.

Demonstratioun vun Amnesty International zu Bréissel (Foto: Amnesty International / Richard Burton)

Dobanne betount den tierkeschen Ausseminister Mehmet Davusoglum, Amnesty International wier eng credibel Organisatioun. Allerdéngs stéing hire President der Gülen-Bewegung no, déi hannert dem Putsch stieche soll.

Dat an och d'Reproche géint d'Directrice sinn erfonnt, seet den Direkter vun Amnesty Europa, den John Dalhuisen. Wat hei geschitt, wier de Beweis dofir, datt déi tierkesch Regierung wëlles huet ganz haart géint d'Zivilgesellschaft virzegoen.

"Et war eng staark Ausso vun enger Regierung, där et drëms geet, kritesch Stëmmen z'ënnerdrécken"

Den John Dalhuisen war en Dënschdeg bei enger Reunioun mat der EU-Chef-Diplomatin. D'Federica Mogherini géif sech fir Amnesty International asetzen, seet de Mënscherechtler, allerdéngs wier duerno däitlech ginn, dat d'EU e Broch vun de Relatioune mat der Tierkei evitéiere wëllt. Dobäi wier et un der Zäit, dee Schrëtt ze maachen, fënnt den John Dalhuisen.

"D'EU muss hir Relatioune mat der Tierkei iwwerdenken. Dat ass a verschiddenen europäeschen Haaptstied geschitt. Dat muss elo och zu Bréissel geschéien. De Moment ass komm, fir no bausse kloer ze maachen, datt Business as usual keng Optioun ass."

Laang a schwiereg Geschicht

E Bléck op d'Geschicht vun de Relatiounen tëscht der EU en der Tierkei weist, datt et eng laang an eng schwiereg Geschicht ass. 1997, zéng Joer nodeems d'Tierkei sech als Kandidat fir d'EU gemellt hat, huet alles ënner Lëtzebuerger Presidence ugefaangen. Den 13. Dezember gouf d'Tierkei um Sommet um Kierchbierg offiziell als potentielle Kandidat fir Member vun der EU ze ginn deklaréiert.

Beim Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Lëtzebuerg am Dezember 1997 gouf d'Tierkei als Kandidat deklaréiert (Foto: picture alliance / Tim Brakemeier)

Duerno huet et awer nach aacht Joer gedauert, bis d'Verhandlungen effektiv ugefaangen hunn. Si sinn a Kapitelen agedeelt. Dat éischt dovu gouf 2006 opgemaach. Et ass dat eenzegt, dat bis elo provisoresch och zougemaach gouf. Bis haut si 15 vun am ganzen 35 Kapitelen op. A wann et dem Wëlle vun der Tierkei no geet, sollten Anerer sou séier wéi méiglech derbäi kommen. Dat hunn dës Woch d'Vertrieder vun der tierkescher Regierung betount.

Dat wier den Ament net méiglech, sou déi kloer Äntwert vu Bréissel. Verschidde Memberlänner géife sech ze vill Suergen iwwert déi rezent Entwécklungen an der Tierkei maachen.

Et gouf och Stëmmen an der EU, déi sech dofir staark gemaach hunn, datt keng wieder Fonge vu Bréissel op Ankara fléisse sollen. D'Tierkei kritt zanter dem Ufank vun de Verhandlungen, wéi aner EU-Kandidaten, Sue vun der EU. Tëscht 2014 an 2020 si véier an eng hallef Milliard Euro virgesinn.

D'Héicht vum Montant ass prinzipiell accordéiert, seet den zoustännege Commissaire fir d'Erweiderung, Johannes Hahn. Hien hätt e gewësse Spillraum, deen och genotzt gouf. Sou laang wéi d'Verhandlunge géife lafen, géife Sue fléissen. Bis elo wieren eréischt 190 Milliounen Euro ausgeschott ginn.

Drockmëttel op béide Säiten

Een anert ekonomescht Drockmëttel, dat d'EU huet, sinn d'Verhandlungen iwwert d'Zollunioun, déi den Ament lafen. An deem Kontrakt ass och eng Klausel virgesinn, déi seet, datt ee potentielle Partner sech un d'Prinzipien vum Rechtsstaat hale muss, erkläert de Johannes Hahn.

"Ech ginn zou, datt et Diskussioune bannent dem Conseil ginn, fir déi Klausel ze schäerfen. Fir se méi ze präziséieren. Dat gëtt momentan diskutéiert. Ech ginn net dovun aus, datt déi aktuell Diskussiounen eng séier Entscheedung wäerten erbäi féieren."

Ankara benotzt de Migratiouns-Accord als Drockmëttel (Foto: picture alliance / Uygar Onder Simsek / MOKU)

Ob dat allerdéngs déi tierkesch Säit impressionnéiert, ass éischter ongewëss. Ankara verweist an esou Momenter gär op de Migratiouns-Accord, dee vun dëser Säit als Drockmëttel agesat gëtt.

Bis elo huet dat gewierkt. D'EU schéngt nach ëmmer wäit ewech vun engem Ofbroch vun de Verhandlungen mam EU-Kandidat Tierkei ze sinn. Allerdéngs leit d'Kredibilitéit vun der Europäescher Unioun ënnert de Widderspréch, déi dat mat sech bréngt.