EU14: Migratiounspolitik
D’Accord’en vu Schéngen an d’Regelwierk vu Dublin, bilden den institutionellen a reglementairen europäesche Kader an deem sech esouwuel europäesch Migratioun, wéi Asyl-a Flüchtlingspolitik definéieren. Eng gemeinsam europäesch Immigratiounspolitik gëtt et bis elo net. Bei de lëtzebuerger Parteien déi bei den Europawalen untrieden, gëtt et e Konsens fir an Europa e System vu legaler Immigratioun ze schafen.
An der Spezialemissioun Europawalen ass et d’Analyse vun de Walprogrammer vun de Parteien zum Thema Migratioun, mat Aussoe vu Kandidaten, an Expert’en duech d’Emissioun féiert d’Mick Entringer a Begleedung vun der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun ASTI Laura Zuccoli:
De ganzen Interview mam Gilles Reckinger lëtzebuerger Professer fir Ethnologie zu Innsbruck an Auteur vum Buch “Lampedusa”:
De ganzen Interview mam Direkter vum Fuerschungsinstitut « Forum of International and European Research on Immigration » vu Turin. De Ferruccio Pastore iwwert eng Reform vun den Accorden vun Dublin: